De Ministère

MEGA: Aus der Egalitéit tëscht Fraen a Männer eng Realitéit maachen

Et ass eng Prioritéit vun der Regierung fir d'Egalitéit tëscht Männer a Fraen an alle Liewensberäicher an an all Domaine vun eiser Gesellschaft z'assuréieren. Un der Spëtzt vun dësem Bestriewen steet de Ministère fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer ("ministère de l'Égalité entre les femmes et les hommes", kuerz: MEGA).

D'Ëmsetze vu politesche Mesuren am Beräich vun der Chancëgläichheet ass eng kollektiv an iwwergräifend Responsabilitéit, déi all Member vun der Regierung op de Plang rifft. Dofir zitt sech de Gläichstellungsplang ("Plan d’égalité 2015-2018") wéi e roude Fuedem duerch d'Mesurë vun deenen eenzelne Ministèren. Dëse Plang gouf vum MEGA ausgeschafft an hëlleft souwuel eventuell Schwächten am ëffentleche Secteur z'identifizéieren wéi och konkret Ziler an deem Beräich ze realiséieren.

Eng vun de wichtegsten Aufgabe vum MEGA ass d'Sensibiliséirung vun der Bevëlkerung op d'Konsequenze vun enger ongläicher, respektiv diskriminatorescher, Representatioun vu Männer a Fraen an der Politik an am Beruff. Zanter de Ministère am Joer 1995 gegrënnt gouf (deemools nach als "Ministère de la Promotion féminine") ginn duerfir regelméisseg Informatiounscampagnen gefouert. Dobäi ginn gender-spezifesch Themen ugeschwat, déi eis alleguer betreffen. E Beispill wat dacks erëmkënnt ass, ënnert anerem, d'Dekonstruktioun vun de Stereotypen an d'Geschlechterrollen déi de Fraen a Männer traditionell entsprieche sollen.

De MEGA ënnerstëtzt konkret Mesuren déi d'Egalitéit vu Männer a Fraen bei der "Prise de décision" an der Économie, der Politik an am Beruff, souwuel am Privatsecteur wéi och am ëffentlechen Déngscht, virubréngen. De Programm vun den "actions positives" erlaabt et deenen di matmaachen, d'Egalitéit tëscht Fraen a Männer an hirem Betrib oder hirer Verwaltung ze verbesseren a belount virbildlech Iddien.

Beim Staat ginn et bis ewell méi wéi 120 "délégués à l'égalité". Hir Missioun besteet haaptsächlech doranner, di spezifesch Besoinen vun de männlechen a weiblechen Mataarbechter ze verdeedegen. De MEGA coordinéiert de Réseau vun den "délégués à l'égalité" an organiséiert regelméisseg Versammlungen a Formatiounen déi speziell op den ëffentlechen Déngscht zougeschnidde sinn.

Bei haislecher Gewalt, onfräiwëlleger Prostitutioun a Mënschenhandel geet et ëm uerg sozial Problemer, déi och virun eise Grenzen net halt maachen. Duerfir suergt de MEGA mat Sensibiliséierungscampagnen dofir, dass och dës Theme bekannt ginn. Ausserdeem gëtt och aktiv un enger Verbesserung vun der Situatioun an eiser Gesellschaft geschafft. Dobäi hëllefen eng ganz Rei Conventiounen an d'Collaboratioun mat den Associatiounen a Strukturen am soziale Beräich, déi sech um Terrain fir de Schutz vun den Affer an d'Responsabilisatioun vun den Täter asetzen.

Aktualiséiert