Attributiounen
De Kompetenzberäich vum Ministère ass am interne Reglement vun der Regierung festgehalen.
Et ass eng Prioritéit vun der Regierung fir d'Egalitéit tëscht Männer a Fraen an alle Liewensberäicher an an all Domaine vun eiser Gesellschaft z'assuréieren. Un der Spëtzt vun dësem Bestriewen steet de Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit ( kuerz: MEGA).
Noriichten
-
Nationalen Zenter fir Affer vu Gewalt feiert säin éischten Anniversaire a baut seng Offer weider aus
Ee Joer no senger Ouverture mécht den Nationalen Zenter fir Affer vu Gewalt (CNVV) en neie wichtege Schrëtt a sengem Engagement fir Betraffener. Am Kader vu sengem éischten Anniversaire annoncéiert den CNVV, datt seng Offer op eng Disponibilitéit vu 24 Stonnen den Dag an 7 Deeg an der Woch ausgebaut gëtt.
-
Neierungen 2026
Eng Rei gesetzlech a reglementaresch Bestëmmungen, déi de Bierger direkt betreffen, trieden 2026 a Kraaft. Hei en Iwwerbléck iwwer d'Haaptännerungen déi en direkten Afloss op d'Bierger hunn. Dës Lëscht ass net vollstänneg.
-
Ouverture vum neien nationalen Zentrum fir Affer vu Gewalt - eng Ulafstell, Betreiung an Ënnerstëtzung fir all Affer vu Gewalt
Den 28. Abrëll huet d'Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit, den neien nationalen Zentrum fir Affer vu Gewalt, kuerz "CNVV" ageweit.
-
Internationale Fraendag oder Gläichstellung op allen Niveauen – Programm vun der Yuriko Backes
D'Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit, huet hire ministeriellen Dagesprogramm vum 8. Mäerz 2024 exklusiv dem Internationale Fraendag gewidmet. Well si dovun iwwerzeeg ass dass Gläichstellung eng transversal Approche erfuerdert, huet d'Ministesch decidéiert all hir Ressorten an hiren Dagesprogramm mat anzebauen.
De Ministère op X
Together with @UN Women and France 🇫🇷, Luxembourg 🇱🇺 organised a screening of the movie “Sharp edge of Peace” around the subject of Afghan women and transformative justice. #CSW70 #AccessToJustice
🏅⚽️🥊🏋️♀️ Genre et sport au Luxembourg: La place des femmes dans le sport au Luxembourg @Yuriko_Backes @gouv_lu https://t.co/GSENaWLxkS
📢 Conférence: Prendre en compte le sexe et le genre pour mieux soigner : un enjeu de santé publique 📍 Cercle Cité – Bibliothèque 🕧 09.02.2026 - 17h30
📢 Wourun huet de MEGA dëst Joer geschafft? Wat sinn eis grouss Projeten? A wéi geet et weider? 👀 @Yuriko_Backes @gouv_lu
Aktualiséiert den