Françoise Hetto-Gaasch au sujet d'un concours vidéo sur les stéréotypes qui sont véhiculés sur les hommes et les femmes

Michèle Schons: Fir déi drëtte Kéier organiséiert de Ministère fir Chancëgläichheet e kreative Concours fir Jonker, bei deem et vill Präisser ze gewanne gëtt, nämlech de Mega-Videoconcours 2012. Bei mir am Studio d’Chancëgläichheetsministesch Françoise Hetto. Gudde Mëtteg.

Françoise Hetto-Gaasch: Gudde Mëtteg Michèle.

Michèle Schons: Jo, dat ass am Fong e Concours, wou et drëms geet fir d’Aart a Weis ze weisen, wéi Fraen a Männer an der Publicitéit duergestallt sinn?

Françoise Hetto-Gaasch: Also dës Kéier geet et dodrëms. An deenen zwee virëschte Concoursen ass et am Fong geholl ëmmer drëms gaange fir iwwerhaapt d’Égalité femme-homme, fir déi duerzestellen. Ech kann et nach eng Kéier kuerz soen.

Deen éischte Concours dat war deen, wou se hu misse Liddertexter schreiwen, déi herno am Fong geholl vertount gi si vu Metro a vun de Lap. Dunn, dat lescht Joer hate mir en Zeecheconcours, wou mir e Kalenner, respektiv T-Shirten herno draus gemaach hu vun de Gewënner hire Produkter.

An dëst Joer geet et dann drëms fir e Clip ze dréinen, e Clip wou mir wëllen opbrieche mat deenen traditionelle Biller déi vermëttelt ginn iwwer Männer an iwwer Fraen.

Michèle Schons: Ass dat dann e Problem nach den Ament, datt d’Männer anescht duergestallt ginn an der Publicitéit wéi Fraen?

Françoise Hetto-Gaasch: Also ech menge si ginn nach ëmmer esou duergestallt wéi virun 30 Joer, an hiren, op just e puer Rôlë reduzéiert. Am Fong geholl, d’Männer haaptsächlech als Experten, d’Männer als déi Grouss an déi Staark, an d’Fraen meeschtens nach ëmmer an hirer Roll als Hausfra - also mir schwätzen elo vun der Publicitéit - an hirer Roll als Hausfra, respektiv awer beim shoppen.

Michèle Schons: Dir gitt och elo an d’Lycéen, fir doriwwer ze schwätzen. An ech mengen, do ass bei de Schüler dat och nach e bëssen am Hannerkapp?

Françoise Hetto-Gaasch: Also déi ganz Problematik vun der Chancëgläichheet, wéi dat gesi gëtt bei deene Jonken, muss ech soen, stellen ech ëmmer erëm fest wa mir déi Diskussioun ufänke mat hinnen, datt se am Fong geholl dat nach ëmmer e bësse gesi wéi fréier.

Wann s de déi jonk Meedercher frees, wéi stellt dir iech dat dann herno vir, wann dir eng Kéier Kanner kritt, wéi stellt dir iech äert Familljeliewe vir, do soen déi alleguer ganz kloer, majo ech halen op mat schaffen, ech bleiwen doheem fir mech em d’Kannererzéiung ze këmmeren. An et ass am Fong geholl net dat Bedenken, datt wann een esou laang an d’Schoul geet, wann een awer och e grousst Potential huet, e grousst Wëssen huet, datt dann awer och an der Wirtschaft gebraucht gëtt. Dat heescht, si bedenken net, datt se dat och vläicht missten am Virfeld mat hirem Partner klären, a soen, mä da komm mir deelen eis dat op, soudatt mir och allen zwee kënne Carrière maachen. Fir si ass et ganz kloer, datt si d’Carrière am Fong geholl afferen, ebe fir d’Familljeliewen.

Ech wëll elo net driwwer jugéieren, ob dat gutt oder schlecht ass. Mä ech menge si sollen ëmmer wësse wat dat ka vu Konsequenzen hunn.

Ech denke mir hunn iwwer 50% Scheedungen hei zu Lëtzebuerg, da muss een och wëssen, wann een herno awer eng Zäit seng Carrière ënnerbrach huet, wat dat heescht, wat heescht dat och herno fir meng Pensioun. An dat sinn awer Saachen, d’Diskussiounen déi mir mat deene Jonke musse féieren.

Michèle Schons: Wéi gitt Dir deem dann entgéint? Wat maacht Dir do konkret op deem Plang?

Françoise Hetto-Gaasch: Also mir schwätze mat hinnen do driwwer. Dat heescht, mir soen hinne ganz kloer, wann dir dee Choix herno maacht, da sinn dat an dat d’Konsequenzen.

Ech mengen, datt dee wichtegste Message ze soen ass, wa mir wëlle weider kommen, wa mir wëlle méi Fraen an der Wirtschaft hunn, wa mir wëlle Fraen erëmfannen am Beruffsfeld, da brauche mir einfach Pappen, Männer déi matmaachen, déi dat mat ënnerstëtzen, déi bereet sinn och doheem en Deel vun den Tâchen ze iwwerhuelen, well soss komme mir net weider, soss trëppele mir op der Plaz.

An do sinn ech elo e bësse bei deenen traditionelle Rollen, wou mir jo sollten dann driwwer schwätzen, wéi mir duergestallt ginn als Fraen an der Publicitéit. Ech erënnere mech drun, wéi ech kleng war ass ëmmer déi Reklamm do komm vun der Hausfra, déi sech terribel freet, wann déi kleng knaschteg Bouwe vum Fussball heem kommen, a si freet sech fir déi Wäsch an d’Maschinn ze stiechen, a se da schéi wäiss erauszehuelen.

Michèle Schons: De Mann kann dat jo grad esou gutt maachen.

Françoise Hetto-Gaasch: Genee, mä och haut an engem Joer 2012 ass et awer nach ëmmer d’Mamm, déi sech dodriwwer freet. Ech waarde wierklech op deen Dag, wou mir eng Kéier de Papp an där Roll gesinn, deen dann Wäsch mécht. Ech mengen, dat ass elo eng Saach.

Oder d’Fraen déi da soss näischt - ech héiere jo och hei bei Iech op der Antenn déi Publicitéitsspoten - déi soss näischt an der Kopp hu wéi Shopping an esou weider. Mir ginn e bëssen do esou reduzéiert op eis Interessen, also Hausfra spillen, an akafe goen, méi ass mat eis Fraen net unzefänken.

Michèle Schons: Also, mir musse méi Fussball kucken, an d’Männer musse méi shoppe goen. Mä do ginn et awer ganz flott Beispiller an der Publicitéit wou dat elo ëmgedréint ass.

Françoise Hetto-Gaasch: Jo, also et ass ee ganz flotte Spot dee mir gutt gefält, deen d’Éisterräicher gemaach hunn, fir e bësse Loscht ze maachen, de Männer Loscht ze maachen op de Congé parental.

Do gesäiste dann esou e ganz coolen Typ mat senger Harley do gefuer kommen, an da fiert e mat de Kollegen, an da soen d’Kollegen, geess du de Mëtten och mat? Neen, de Mëtteg hätt hien eppes ganz Wichteges vir. An da gesäis de dann en anere Plang, da kënnt en dann do, awer och esou Rocker-méisseg ugedoen, wou en dann do mam Buggy spazéiere geet.

Also deen ass wierklech ganz léif, brécht e bëssen och mat deene Clichéen, datt dat ëmmer nëmmen d’Mamme musse sinn, déi dann op eemol mat der Kutsch spazéiere ginn.

Michèle Schons: An deem Concours Mega-Video soll dat dann och elo esou sinn, dee Moment, datt dat esou gewise gëtt.

Françoise Hetto-Gaasch: Richteg. Mir fuerderen am Fong geholl déi Jonk op, si sollen eis e Clip dréine mat hirem I-Phone, oder wa se Kameraen hunn, wat och ëmmer, wat fir eng Moyenë se sech wëllen do ginn, fir e Publicitéitsspot am Fong geholl ze dréinen, deen am Fong geholl vun deene Clichéen do ewechkënnt. An do kënne si sech am Fong geholl hir Geschicht selwer ausdenken, dat soll e bësse witzeg sinn, well et soll de Spectateur iwwerraschen. Wou mir am Fong geholl si froen, hei weist eis, wéi kann ee Jongen a Meedercher, oder Männer a Fraen an enger anerer Roll weisen, wéi mir dat normalerweis maachen?

Dat kann elo eng Reklamm sinn, ech soen elo fir Gedrénks, oder fir en Auto, oder einfach och si an hirem Ëmfeld, an hiren Associatiounen fir eben ze weisen, wéi muss een net onbedéngt sech typesch männlech, oder typesch weiblech verhalen, wat kann do flott dobäi sinn? Si ginn dann opgefuerdert - si hunn Zäit och bis den 30. September - esou e Clip ze dréinen, an dann deen eranzeschécken.

Michèle Schons: Dee Concours riicht sech un déi Jonk, ass do iergendwéi eng Limit vum Alter hier?

Françoise Hetto-Gaasch: Jo, et ass fir déi Jonk vun 12 bis 25 Joer. A mir hunn och dës Kéier elo net nëmmen d’Schüler ugeschwat, mä awer och d’Associatiounen, also d’Jugendassociatiounen, oder d’Jugendhaiser. Dat heescht, déi kënnen dat och als Grupp, ech denken e Jugendhaus kann dat als flotte Projet maache vu sech, an dat eraginn. Si kënnen och e puer Projeten eraginn. An herno ass et eben um Jury fir ze décidéiere wéi een ass dee flottsten.

Michèle Schons: Wat gëtt et dann do elo vu Präisser ze gewannen?

Françoise Hetto-Gaasch: Ma deen éischte Präis dat ass, dat fannen ech immens flott, dat ass ee ganze Weekend zu Berlin. Do gi se d’Studioe Babelsberg, dat ass Berlin-Potsdam, wou se dann do kënne bei engem Tournage mat dobäi sinn. Dat heescht, si mussen da kucken, datt se en Datum fannen, wou dann och e flotten Tournage ass. Dat heescht, si schlofen och do, dat ass de ganze Weekend fir dohinner fir zwou Persounen mat schlofen an iessen.

An dann den zweete Präis ass en I-Pad 3, an den drëtte Präis dat sinn dann en I-Pod, an esou e Casque vum Dokter Dre. Anscheinend wëssen déi Jonk wat dat ass, ech kennen de Casque vum Dokter Dre net. Et ass anscheinend en DJ, deen dee Casque, deen ass anscheinend bei deene Jonke mega beléift, a bon. An dat ass awer de Präis vun den Internauten.

Et muss een nämlech wëssen, et ass e Jury deen e Präis vergëtt. An dann, well dat Ganzt awer och kann um Internet bewäert ginn, da kann een dann och selwer dann dofir seng Stëmm ofginn, ob een dat gutt fënnt oder net. An deen deen dann do am meeschte gewielt gëtt, dee kann dann dat do gewannen.

Michèle Schons: Wéi kann een dann elo matmaachen? Wou kann ee sech mellen?

Françoise Hetto-Gaasch: Also, dat ass eng gutt Fro. Ech géif mengen, et wier am allereinfachste wa mir d’Leit géifen drainéieren op eise Site. Dat ass de www.echsimega.lu, do fanne se alleguer d’Konditioune fir iwwerhaapt dierfe matzemaachen. Si kënnen eis awer och ganz gären erantelefonéieren, bei eis op de Ministère, den 24784701, oder 5801, an da kënne se do all Konditioune gewuer gi fir matzemaachen.

Michèle Schons: Gutt also den Internetsite echsimega.lu ass jo och ganz einfach ze verhalen dee Moment. Do fënnt een da sämtlech Informatiounen dodriwwer. Maja, villmools Merci fir d’Informatiounen.

Françoise Hetto-Gaasch: Et ass gäre geschitt.

Michèle Schons: Äddi.

Françoise Hetto-Gaasch: Äddi.

Dernière mise à jour