Françoise Hetto-Gaasch au sujet des quotas de femmes dans les organes de direction des entreprises

Angie Maquil : Invité haut de Moien ass d’Chancëgläichheetsministesch Françoise Hetto-Gaasch. Ganz schéine gudde Moien.

Françoise Hetto-Gaasch : Ganz schéine gudde Moien.

Angie Maquil : Et musse méi Fraen an de Betriber an de Féierungspositioune schaffen, méi an den Direktiouns- a Verwaltungsréit vertrueden sinn. Déi Fuerderunge leien um Dësch. Wann dat net fräiwëlleg geschitt muss gesetzlech nogehollef ginn. Et gëtt vun obligatoresche Fraequoten geschwat. Erkläert eis emol vläicht virop wat et bedeit wa mer vu Quote, vu Fraequoten schwätzen.

Françoise Hetto-Gaasch : Ech mengen, eng Quote ass jo ëmmer dofir geduecht, fir dee Sex, deen op iergend enger Platz ënnerrepresentéiert ass, fir deem entgéintzewierken. An deem heite Fall, wa mer eng Fraequot géifen aféieren, da géife mer eis e Prozentsatz ginn wou mer géife bestëmmten, an deem Group an deem – ech soen ob dat elo eng Féierungspositioun ass oder ob dat elo an de Conseils d’administrations ass – wëlle mer dann sou vill Prozent Fraen hunn.

Angie Maquil : Wéi ass d’Realitéit dann um Terrain ? Wéivill Prozent Frae sinn dann hei am Land zum Beispill a Féierungspositioune vertrueden ? Do ass jo elo rezent och eng McKinsey Étude publizéiert ginn. An wou och d’Situatioun a ganz Europa duergestallt ass.

Françoise Hetto-Gaasch : Also, ech hu mech elo net mat ganz Europa beschäftegt. Ech kann Iech awer Zuele soen, wéi et hei zu Lëtzebuerg ass. Wa mer elo de Secteur privé kucken, ass et am Fong geholl guer net esou schlecht. Do si mir bei 20%. D’Fransousen hunn eng Quote, déi si bei 22 %, also do ass jo elo dann den Ënnerscheed nach net esou grouss. Wou ech dann awer muss e Mea culpa maachen, dat ass wann ech d’Situatioun beim Staat kucken. An zwar besonnesch an den Établissements publicen, wou de Staat et jo an der Hand huet, och, Fraen ze nennen. Do leie mer just bei 15 %. Par conter, wa mer elo d’Carrière beim Staat kucken, d’Carrière supérieure, déi si gutt. Do si mer bei 45 % Fraenundeel. An op den Direktiounsposten 22,5.

Angie Maquil : D’FEDIL huet am Kontext en Aktiounsplang ausgeschafft mat deem Firmemanager vun der Plus Value vu weibleche Mataarbechter iwwerzeecht solle ginn, an d’Fraen och Courage gemaach solle kréien fir ebe méi Responsabilitéit an hirer Firma ze iwwerhuelen. Mat deenen Démarchen gëtt gehofft d’Politik dovun ze iwwerzeegen fir sech net an d’Gestioun vun den Entreprisen anzemëschen. Sinn dat Proposen, déi Iech sou duerginn ?

Françoise Hetto-Gaasch : Ech sinn och fundamental dovunner iwwerzeecht, datt et wichteg ass, datt wa mer eng Kéier um ieweschten Zil wëllen ukommen, fir méi Fraen ze hunn an de Conseils d’administrations, datt mer da mussen ënnen ufänken. Mir mussen ënnen ufänken eng Mixitéit ze kréien op all de Niveauen an de Betriber, an ech denken do da besonnesch datt een och iergendwann an den Direktiounen ukënnt. A wa mer bis méi Fraen an den Direktiounen hunn, denken ech, ass de Wee an de Conseil d’Administration och net méi wäit.

Ech si vun dohier - muss ech soen - begréissen ech dat, datt mer déi flott Collaboratioun mat hinnen hunn, mat der FEDIL. Mir hunn eng ähnlech Zesummenaarbecht och mat der ABBL, déi och wierklech gewëllt sinn op deen dote Wee ze goen. Ech menge, wa mer dat Ganzt wëllen duerchsetzen, brauche mer eigentlech dräi Partner. Mir brauchen d’Patronen, mir brauchen d’Männer doheem - d’Partner - a mir brauchen d’Fraen selwer. An dat sinn, mengen ech, d’Conditiounen déi mussen erfëllt ginn. Ech weess net wéivill Zäit mer hunn fir do e bësselchen am Detail drop anzegoen, wat jiddwerengem säin Rôle wier.

Angie Maquil : Jo, vläicht emol interessant och ze soen, datt de Rôle vum Mann doheem wierklech och eng ganz wichteg Roll spillt.

Françoise Hetto-Gaasch : Sécher, well ech mengen wann d’Étuden gemaach ginn, wou gefrot gëtt, wat ass dann dat wat d’Fraen dru stéiert fir weider ze kommen an hirer Positiounen, da gëtt ëmmer erëm gesot, d’Verbanne vum Familljeliewen mam Beruffsliewen. An dofir soen ech, sinn am Fong geholl déi zwee gefuerdert. De Patron an de Mann.

Wa mer elo just vun de Männer schwätzen, mengen ech, da muss ee soen - et gëtt jo deen Ausdrock, hannert all staarkem Mann steet eng staark Fra - da soen ech, ëmgedréint ass och gefuer. Mir hu ganz vill gutt ausgebilten Fraen deenen een och sollt d’Méigelegkeet ginn, carrière ze maachen. An ech géif mer wënschen, datt se géife vun hiren Männer an deem Sënn och gestäerkt ginn. Dat heescht de Mann muss d’Fra an hirer Carrière ënnerstëtzen. E muss dann awer och en conséquence bereet sinn, selwer méi Responsabilitéit am Stot z’iwwerhuelen. A virun allem och an der Kannererzéiung. An, zum Beispill, ech soen, de Congé parental - all déi Voleten - och mat ofzedecken fir mat hier zesummen am Fong geholl dat doten ze managen.

Angie Maquil : Wa mer elo soen, Fraen musse méi an Féierungspositiounen an de Betriber agesat ginn, schwätze mer do wierklech vun all de Betriber ? Oder sot Dir, mir kucke méi an eng, jo, an ee spezielle Beräich ?

Françoise Hetto-Gaasch : Nee, ech mengen et gëtt jo um EU Niveau, gëtt jo geschwat vun deene Betriber, déi côté à la bourse sinn. Wa mer dat op Lëtzebuerg déclinéieren, dann hu mer am ganzen 11 Betriber, déi concernéiert wieren. An ech mengen, datt dat net genug ass. Dofir war meng Idee am Fong geholl ëmmer fir ze soen, da komm, mir soen ab enge gewëssenen, ab enger gewëssener Zuel vun Salariéen un – ech stelle mir fir, zum Beispill 500 Salariéen – datt een bei deene Betriber ufänkt déi doten Diskussiounen ze féieren. Ech mengen, wann een sech just op déi coté à la bourse beschränkt, datt dann den Impakt fir Lëtzebuerg net grouss genuch ass.

Angie Maquil : Fir nach emol op d’FEDIL zréck ze kommen. 70% vun de Betriber, esou geet et aus enger Étude vun hinnen ervir, wieren hei am Land fir eng gezielt Politik fir de Fuerderungen vun de Fraen an hirem Betrib nozekommen. Wann dat dann awer elo net duer geet, da mussen, ginn aner Mesuren geholl ?

Françoise Hetto-Gaasch : Jo, ech hu jo gesot, mir hu jo de Moment eng Bestandsopnam gemaach. Mir wësse bei wéivill datt mer stinn. An zwee Joer wäerte mer kucken, wéi d’Situatioun dann dee Moment ass. A wann sech da näischt geännert huet, wäert ganz sécher e Gesetz kommen. Mir preparéieren d’Gesetz. Ech wëll awer och soen, datt ech an deem Kontext sécher net eng fix, ee fixe Prozentsatz wäert dra schreiwen. Mee et muss een einfach och der Diversitéit vun de Secteuren Rechnung droen. Dir hutt Baubetrieber, wou ee ganz sécherlech méi schwéier huet iwwerhaapt Fraen dofir ze begeeschteren, wéi aner Secteuren. Dofir mengen ech, muss een de Betriber herno de Choix loossen fir, loosse mer soen, vu Prozent X bis Prozent Y, do dertëscht mussen se sech beweegen.

Mee wa mer vun de Patronen schwätzen, ech géif wierklech gäre soen, wat mer déi lescht Zäit och opgefall ass, an de Gespéicher och mat deene Leit vun der FEDIL, déi selwer concernéiert sinn, déi da soen, déi elo mëttlerweil zum Deel Papp sinn an déi soen, hei mäi Meedchen ass gutt ausgebilt. Ech wëll net datt et herno diskriminéiert gëtt. An ech wëll och gären, datt hatt weider kënnt a senger Carrière. An dat sinn am Fong geholl eis Multiplicateuren fir de Message vun der ganzer Mixitéit.

Dat heescht, si sinn et, déi de Message kënne weider ginn. Si wësse ganz genau, d’Fraen sinn ganz gutt ausgebilt. Dat sinn Talenter, déi mer fir d’Économie brauchen. An da läit de Ball bei hinnen. Si musse sech dann och d’Moyene ginn fir déi Fraen ze halen. An do ass fir mech de springende Punkt : d’Aarbechtszäit.

Wa mer méi flexibel Aarbechtszäiten, wa mer aner Aarbechtszäitmodeller hunn, déi et erlaben besser Famill a Beruff mateneen ze verbannen, ech mengen, da kommen mer de Fraen an de Pappen dee Moment entgéint.

Ech denken awer och drun, wann een zum Beispill an der Babypaus ass, oder et hëllt ee säin Congé parental, datt een zum Deel da bëssen exclu ass. Wann een dann iwwert de Wee geet, fir iwwert Konferenzschaltungen oder regelméisseg Versammlungen awer, déi Leit awer um Ball ze halen, datt se wëssen, wat an deene Méint an hirem Betrib passéiert ass, och dat ass wichteg.

An dann, een Aspekt, wou ech denken wou verschidden Beruffer sech wierklech eegenen, wou een dat ka maachen, dat ass den Télétravail.

Angie Maquil : Dat heescht och Fraen, déi deels schaffen oder hallef schaffen, kënnen duerchaus Chefposten, solle Chefposten ustriewen ?

Françoise Hetto-Gaasch : Also, ech mengen, mir mussen och vläicht emol eng Kéier eis d’Fro stellen, ob een, wann ee wëllt e responsabelen Patron sinn, ob een da muss 120 % schaffen. Ech ka mer virstellen, datt wann ee sech gutt organiséiert, wann een seng Aarbecht och zum Deel ka vläicht delegéieren, datt een och mat enger – ech soen elo – 75% Tâche ka Responsabilitéit an engem Betrib iwwerhuelen.

Angie Maquil : Nach emol zu den obligatoreschen Fraequoten, en héich diskutéierten Thema. Et sinn der, déi dat begréissen, anerer verdäiwelen et. Et gëtt awer och gesot, ouni dat géif et éiweg laang daueren, bis mer dann e verstännegen oder e gudde Mix an den Betriber hätten. Wéi mengt Der dann – dat gëtt jo och alt gesot – datt Fraen sech herno géife spieren, wann se eng souzesoen, jo Quotefra am Betrib wieren ?

Françoise Hetto-Gaasch : Dat ass eppes, wat vill diskutéiert gëtt dobaussen. Besonnesch kritesch deem géintiwwer stinn am Fong geholl Fraen, déi et an eng héich Positioun bruecht hunn. Déi gesot hunn, mä mir wëllen herno net als Quotefra ofgestempelt ginn.

Ech mengen, et ass emol wichteg, datt mer et fäerdeg bréngen an de Käpp vun alle Leit eran ze kréien, datt déi Mixitéit, datt dat net ass, einfach wëll mer eng Fra dohinner kréien, mee et ass bewisen, duerch ebe just déi McKinsey Étude, datt do, doduerch am Betrib d’Produktivitéit erop geet. D’Atmosphär gëtt besser. A virun allem, de Chiffre d’affaires ass besser. Wëll duerch déi complémentaire Vue vu Männer a Fraen einfach de Betrib méi séier no vir bruecht gëtt. Dat heescht, et ass also net vu Muttwëll, wa mer soen, mir hätte gären déi Mixitéit.

Ech denken, datt méi eng grouss Akzeptanz dobaussen ass, wann déi Fraen an déi Positiounen era gewuess sinn. Ech muss awer soen, wann wierklech näischt bougéiert a wann och weiderhin dichteg Fraen – a mir hunn dichteg Fraen – mir hunn zum Beispill de Female Board Pool hei zu Lëtzebuerg. Dat ass en, eng Associatioun, soen ech elo emol, eng Vereenegung vu Fraen, déi am Fong geholl, de know how mat bréngen, fir kënnen an engem Conseil d’Administration matzeschaffen. Et si gutt Fraen do. Mir mussen och just se weisen, a soen, voilà, déi si bereet. An déi kënnen dann och an deene Betriber matschaffen. Wa mer dann an deem Sënn wëllen weider kommen, da kann een net elo méi soen an Zukunft, ma mir hu keng där Fraen. Et sinn der schonn do, an et muss een och wierklech bereet sinn, op se zou ze goen.

Ech muss awer och soen, d’Fraen musse bereet sinn sech ze weisen.

Angie Maquil : Ech wollt soen, ech mengen et geet awer och scho vu klengem wierklech un, datt ee se och vläicht aneschtes, jo, erzitt. Datt se sech wierklech trauen, och esou wäit ze goen. An datt se eben alles och kënne verbannen. Esouwuel Beruff ewéi Famill.

Françoise Hetto Gaasch : Jo, et ass dee Cliché, deen och nach ëmmer an de, weider besteet. Déi kleng Meedercher, déi gi geléiert mat Pëppercher spillen, a kachen, an d’Jonge, éischter Autoen, a méi wëll Spiller, an dobaussen. An ech mengen, do geet et un.

Dat heescht, et ass de Familljekontext, deen eng grouss Roll spillt. Wéi erzéien ech mäin Kand, wat ginn ech em mat op de Wee ? Wat fir eng Perspektive ginn ech em fir spéider ? An dann awer och ganz sécher och an der Schoul, wou een och zum Deel nach ëmmer mat Clichéen schafft, zum Deel eis Schoulbicher, vläicht och nach ëmmer dat vermëttelen.

An da soen ech, een deen och eng wichteg Roll an där ganzer Vermëttelung vu Rollebiller spillt, dat sinn d’Medien. Wëll do ginn nach ëmmer och Biller véhiculéiert, vun der Mamm, déi doheem ass, an de Mann, dee mécht Carrière. Mir mussen och an de Medien Fraen weisen, déi Expertinnen sinn a gewëssenen Gebidder, a mir hunn där. Mir brauchen se just ze weisen.

Angie Maquil: An der Fortisbank, an der Stat ass haut de mëttech um 5 Auer eng ëffentlech Konferenz mat der EU Kommissärin Viviane Reding. An do geet et dann eben och ëm dësen Thema, iwwer Fraenqutoten. Et wäert sech eppes doen, et muss sech eppes doen. Dir sot ëmmer mir kucke, mir waarden elo. Wat sinn dann d’Ziler ? Wou sot Der dann, OK, mir waarden elo mol nach of. Wat heescht dat da genee ?

Françoise Hetto-Gaasch : Also, ech hunn de Betriber dat gesot. Si wëssen, datt mer Uganks 2014 erëm eng Bestandsopnam maachen. Mir si jo de Moment bei 20%. An dee Moment kucke mer : wéi stinn mer dann ? Wa mer elo do e signifikanten Ënnerscheed hu par rapport zu haut, dann gesinn mer jo datt am gaangen ass sech eppes ze maachen. Da brauche mer kee Gesetz. Wann awer net, da kënnt e Gesetz. Mee ech soen Iech awer och, dee Moment musse mer awer och beim Staat eis Responsabilitéit iwwerhuelen. An dee Moment - well de Moment gi Nominatioune gemaacht an Conseils d’administrations -musse mer awer och soen, OK, da musse mir och Fraen dohinner nennen. Frae wou mer iwwerzeecht sinn, datt se d’Kompetenzen hunn.

Angie Maquil : D’Débaten si lancéiert. D’Diskussiounen och. Et ass am gaangen sech eppes ze doen. Wat Fraen an de Féierungspositiounen ugeet, an alle Beräicher, queesch duerch Europa. Invité haut de moien war d’Chancëgläichheetsministesch Françoise Hetto-Gaasch. Villmools Merci fir de Besuch.

Françoise Hetto-Gaasch : Gär geschitt.

Dernière mise à jour