Françoise Hetto-Gaasch invitée de l'émission "Live aus dem Vitarium"

Yolande Roller: E ganz schéine gudde Mëtteg hei aus dem Vitarium. Mäin Numm ass Yolande Roller an ech si ganz frou haut, datt d'Françoise Hetto, d'Ministesch fir de Mëttelstand, den Tourismus an d'Chancëgläichheet bei eis ass. Häerzlech wëllkomm.

Françoise Hetto: E schéine gudde Mëtten.

Yolande Roller: Wéi seet een eigentlech richteg? "Ministesch", "Ministerin" oder "Madame Minister"?

Françoise Hetto: Oh, ech mengen, dat ass einfach jiddwerengem iwwerlooss. Also, mir ass et ganz egal.

Yolande Roller: Voilà, dat ass richteg och gutt esou, an Dir sidd eng ganz sympathesch. Dir hutt 3 schwéier Ministèren, wou vill Aarbecht ass den Ament. Wéi ee Ministère mécht Iech den Ament, oder wéi en Dossier op wéi engem Ministère mécht Iech den Ament am meeschte Kappzerbrieches?

Françoise Hetto: Kappzerbrieches, bon ech mengen, wou mir de Moment e bësse méi keimen, ass déi ganz Geschicht mat den Heures d'ouverture. Ech mengen do komme mir nach vläicht drop ze schwätzen. Wou ech awer mierke wou am meeschten nach drop ze schaffen ass, ass ganz sécher d'Saach mat der Égalité des chances tëscht de Männer an de Fraen, well mir einfach mierken, datt dat nach ëmmer net an de Käpp vun de Leit ukomm ass. A wa mir wëllen do en Ëmdenke bewierken, da musse mir nach ganz vill Sensibiliséierungscampagnë maachen.

Yolande Roller: Do ass jo och elo ganz vill driwwer geschwat ginn, einfach d'Salairë sollen déiselwecht sinn. Firwat ass deen Dossier esou komplizéiert? Firwat kann dat net einfach Mann wéi Fra gläich bezuelt ginn.

Françoise Hetto: Jo, mir fannen dat jo net richteg eraus. Mir hunn 12,5% Differenz tëscht de Salairë vun de Fraen an de Männer. Een Deel léisst sech wierklech erklären, mä fir een Deel gëtt et och keng Erklärungen.

An ech mengen, mir hunn eis all déi Joren ëmmer drop fokusséiert fir no deenen Ursaachen dofir ze sichen. Mä wann s de awer elo kucks, déi objektiv Critèren déi dozou féieren, datt en Ënnerscheed entsteet, ech mengen, och do musse mir drop usetzen. Wann ech elo kucken, wann een als jonk Fra seng Carrière ënnerbrécht fir d'Kanner z'erzéien, fir e puer Joer doheem ze bleiwen, dat bréngt einfach mat sech, däi ganzt Liewe laang, deng ganz Carrière, datt s de ëmmer denger Carrière hannendru leefs. Da froen ech, ass dat normal, datt s du als Fra vu 50 Joer nach ëmmer dofir bestrooft gëss, datt s du iergendwann eng Kéier eng Paus gemaach hues? An ech mengen, do musse mir kucken, datt mir usetzen.

Mir mussen an deem Sënn och en Ëmdenke bei de Patrone kréien, vläicht net déi Leit vergiessen, déi Frae vergiessen déi eng Kéier gesot hunn, ech zéie mech e bëssen zréck. Mir hunn haut Méiglechkeete fir een, och wann een an der Babypaus ass, mat anzebauen, fir engem iwwer Konferenzschaltungen Accès ze ginn zu dengem Betrib, wou s du am Fong ganz kloer gesäis wat do leeft, da bass du net esou verluer wann s du zréckkënns an du kanns dech erëm weider mat eraschaffen, esou wéi déi aner och.

Yolande Roller: Et ass awer haut net méi esou, datt d'Meedercher manner bezuelt gi wéi d'Jonge wa si ufänke mat schaffen? D'Ufanksgehalt ass fir deen ee wéi fir deen aneren d'selwecht.

Françoise Hetto: Also d'Ufanksgehälter mussen déiselwecht sinn. Ech mengen, mir hu jo och eng Gesetzgebung dofir.

Wat vläicht ka sinn, dat ass datt d'Ufanksgehälter vun de Frae manner gutt verhandelt ginn. Ech denken, datt een als Fra, wann ee vun engem Patron e Poste proposéiert kritt an da freet een, oder et freet ee vläicht net, wat verdéngen ech, datt een da Jo seet. An e Mann seet, ech hätt mir vläicht méi virgestallt. Ech weess et net. Stelle mir eist Liicht vläicht e bësselchen ënnert de Schäffel? Gi mir net hin a mir pokere méi? Vläicht läit et och e bëssen dorunner.

Yolande Roller: Mir schwätzen elo och nach gär iwwer d'Ouvertureszäiten, en Dossier deen Iech ganz vill um Häerz läit. Déi Testphas ass elo eriwwer, dobäi ass erauskomm, datt et jo eng Steigerung am Ëmsaz ginn ass, haaptsächlech fir d'Grandes surfaces. Den Eenzelhandel, dee versprécht sech méi vun den oppene Sonndeger. Wéi geet et elo virun?

Françoise Hetto: Also, mir hu jo elo eng Derogatioun fir e weidert Joer gemaach, fir nach eng Kéier, wat mir elo d'lescht Joer als Testphas haten, fir dat am Fong geholl ze prolongéieren.

Parallel dozou sollen awer elo d'Sozialpartner an och d'Patronat sech zesummesetzen, fir fir all déi Leit déi concernéiert si vun deenen zwou Stonne Samschdes owes, fir fir déi eppes auszehandelen, datt déi dat ënner Form vun engem klenge Plus am Stonneloun, oder ënner Fräizäit kompenséiert kréien.

An ech muss éierlech soen, dat läit mir wierklech och um Häerz. Well mir hu Betriber am Land, déi hu Kollektivverträg, déi si gutt opgestallt, dat Personal ass och zefridden, déi Leit déi ginn och anstänneg entschiedegt. Mä mir hunn awer och Leit, déi Samschdes owes musse schaffen an aneren Haiser, déi och op hunn, ech schwätze Commerce, déi awer ënner net esou gudde Conditioune musse schaffen wéi déi déi e Kollektivvertrag hunn. An dofir wënschen ech mir einfach, datt mir fir dee ganze Commerce, fir dee ganze Secteur eppes fir Samschdeg owes kënnen erausschloen. Also einfach fir déi Leit déi wierklech déi sinn, ech behaapten dat elo mol esou, déi am allermannste verdéngen.

Yolande Roller: Dir maacht Iech do Gedanken ëm d'Personal. Wéi gesäit et dann elo mat den oppene Sonndeger aus? Soll dat eng Regel ginn? Soll dat Usus ginn, esou wéi de Samschdeg Owend op?

Françoise Hetto: Also éischtens mol steet de Sonndeg iwwerhaapt net zur Debatt. Et steet och net am Regierungsprogramm.

Ech muss och éierlech soen, perséinlech denken ech jo, datt d'Leit och alt sonndes aner Saache kënne maache wéi och nach sonndes duerch d'Geschäfter ze goen. Ech fannen, wann ee 6 Deeg an der Woch huet, wou ee ka seng Kommissioune maache goen, eis Geschäfter si vun 8 bis 8, respektiv freides esouguer bis 9 Auer op, samschdes och bis 8, mengen ech misst een dat hikréie mat deenen 6 verkafsoppene Sonndeger déi mir hunn. An déi déi et da wierklech net fäerdegbréngen, da vläicht och mol aner Saache mat hirer Famill z'ënnerhuelen, wéi Spiller ze maachen oder an d'Natur spadséieren ze goen, do hu mir jo laanscht d'Grenz eng ganz Partie Geschäfter déi op sinn. Da muss ee sech da bis duer déplacéieren.

Yolande Roller: Mä et sinn awer haaptsächlech elo d'Grandes surfaces déi dovunner profitéieren, an der Stad, an de Stied. Den Eenzelhandel fäert jo, datt en doduerch nach manner Clientèle kritt, well et jo méi einfach ass nach Samschdes owes eben an der Grande surface och eng Box kafen ze goen.

Françoise Hetto: Also et ass jo esou, datt den Eenzelhandel, dee fanne mir jo och an de Grandes Surfaces erëm. Do si jo och nach vill déi ganz kleng Geschäfter mat dran, déi natierlech och dovunner profitéieren, wann do méi laang op ass Samschdes owes.

Et muss een awer och soen, datt d'Geschäftsleit aus der Stad mir zum Beispill gesot hunn, do derduerch, datt Samschdes owes bis 8 Auer, ech soen elo, op der grénger Wiss op ass, datt si awer gemierkt hunn, datt d'Leit einfach allgemeng d'Tendenz hu méi laang an der Stad ze bleiwen. Dat heescht, soss si si um 4 Auer aus der Stad erausgaangen, well si sech da getommelt hu fir nach séier an der Grande surface hir Kommissioune fir de Weekend ze maachen, elo bleiwe si bis 6 Auer an der Stad a fuere vläicht da fort.

Ech perséinlech muss soen, wa mir gär hätten, wat mir jo dobaussen ëmmer soen, datt eis Stad soll eng, ech soen elo eng Weltstad, eng Groussstad sinn, da musse mir einfach och an deem Sënn Efforte maachen. Mir hunn à ce stade schonn zanter Joren d'Méiglechkeet, och an der Woch, bis 8 Auer, freides bis 9 Auer opzehunn. An der Stad profitéiere si net dovunner. Et gëtt ëmmer gesot, et kënnt keen. Dat ass net wouer. D'Stad ass owes schwaarz voller Leit. An all déi Leit déi an der Stad schaffen, déi wäre bestëmmt frou, wa si owes no 6 Auer nach kéinten eng Kommissioun do maachen, da brauche si nämlech net op d'gréng Wiss ze fueren.

An dann, wat da ganz kloer nach dorunner hänkt, dat ass datt déi ganz Restauratioun géif dovunner profitéieren. Een deen owes um 6 seng Kommissiounen an der Stad mécht, geet vläicht duerno nach e Patt huelen, geet nach vläicht e Maufel iessen. Et hänkt alles zesummen.

An ech muss soen, ech bedaueren et wierklech, datt d'Geschäftsleit do esou zécke fir mat op dee Wee ze goen. Quitte, datt do eng Partie Contrainten drunhänken, datt mir och fir déi Leit déi concernéiert si musse kucken, datt si awer herno en anstännegen Transport hu fir heemzekommen. Mä ech mengen, datt de Besoin do ass. A wann ee wëll eng Groussstad sinn, egal wou s du gees, iwwerall an deenen anere Länner do ginn um 6 Auer net d'Trottoiren eropgeklappt.

Yolande Roller: Do kafe jo dann och ganz vill Touristen, déi konsomméieren och dann dee Moment. Vill kommen och gären op Lëtzebuerg. Do si mir bei Ärem drëtte Ministère, dem Tourismusministère. Den Ament ass Lëtzebuerg jo mat de Schlecken weltwäit iwwerall am Gespréich. Och ënnerwee ass eng flott Campagne, fir ebe Leit op Lëtzebuerg ze lackelen. Mat wat soll Lëtzebuerg sech dann als Touristendestinatioun behaapten?

Françoise Hetto: Also, et ass jo elo esou, datt déi ganz Entwécklung vum Tourismus an deene leschte 15 Joer wierklech rasant war, an datt mir och als klengt Lëtzebuerg eis mussen deem upassen. Jiddweree kann am Moment vun doheem aus, vum Büro aus d'Präisser vergläichen, d'Destinatioune vergläichen an dat wat herno ausschlaggebend ass, firwat datt ee sech vläicht fir d'Destinatioun X an net d'Destinatioun Y entscheet, ass den Detail. An deen Detail ass ganz dacks d'Qualitéit.

An do mengen ech musse mir och als Lëtzebuerger soen, am do sti mir gutt, mir stinn zum Beispill vun enger rezenter Étude déi gemaach ginn ass vun 139 Länner, si mir op Plaz 15. Mir brauchen eis also do net ze schummen. Mir hunn, mengen ech, op engem klenge Raum eng immens Diversitéit vu Landschaft ze bidden. Mir hunn e grousse kulturelle Patrimoine. Mir hunn déi héchste Pro-Kapp Stärerestauranten a ganz Europa. Ech mengen dat sinn alles Atouten déi ee muss ausspillen. Dat sinn Trompen. A mir sinn um gudde Wee mengen ech, well mir eis eben thematesch orientéiert hunn, fir dat fir eis als Land aneschters ze positionéieren, wéi dat vläicht bis elo de Fall war.

Yolande Roller: Also eis Hotelle kënnen och mat deem internationale Standard deen een do gewinnt ass, eben op deene klassesche Vakanzendestinatioune, ka Lëtzebuerg mathalen?

Françoise Hetto: Jo, also mir hu ganz vill Hotellen, déi an deene leschte Joere ganz vill investéiert hunn an de Wellnessberäich an d'Hotelszëmmeren. Dat sinn déi och wou et klappt, dat sinn déi déi och mierken, datt d'Leit bei si zréckkommen. Mir hunn awer och eng ganz Partie Hotellen déi vläicht de Moment verpasst hunn, vläicht och net wollten, vläicht gemengt hunn, et géing och nach no 30 Joer esou goe wéi virun 30 Joer. An ech mengen do mierke mir wierklech, datt do réckleefeg Zuele sinn.

Yolande Roller: Mä et muss een och elo soen, datt een duerch déi Onrouen am arabesche Raum och méi Vakanz erëm an Zentraleuropa gemaach gëtt. D'Fransouse maachen haaptsächlech Vakanz an hirem eegene Land. Sollen d'Lëtzebuerger och mol ee Joer, zwee Joer heibleiwen?

Françoise Hetto: Also ech géif se häerzlech invitéieren. De Moment leeft jo och eng Sendung op der Televisioun hei zu Lëtzebuerg, wou mir e bësse Reklamm maache fir eis flott Ecker am Land, déi mir hunn.

Ech menge wierklech, datt d'Lëtzebuerger hiert Land net gutt kennen. Ech muss zu menger Schan agestoen, datt ech, vu datt ech elo vill duerch d'Land kommen, och ëmmer erëm nei Ecker entdecken, wonnerschéin Ecken, an et ass ganz richteg wéi Dir sot, grad wann Onroue sinn an deem méi grousse Raum ronderëm, da kritt ee vläicht d'Leit éischter motivéiert fir heiheem Vakanz ze maachen. Oder och eben eis Nopeschlänner ze motivéiere fir bei eis ze kommen.

[Muséksënnerbriechung]

Yolande Roller: Dir sidd ganz engagéiert an Ären dräi Ministèren. Wéi deelt Dir Iech déi zäitlech op? 2 Deeg hei, 2 Deeg do? Wéi geet dat?

Françoise Hetto: Am Ufank hunn ech dat wierklech esou gemaach. Am Ufank hunn ech 3 Moienter Égalité des chances, a fir de Rescht war ech dann an deem anere Ministère, do ware mir och nach raimlech getrennt. An elo datt mir geplënnert sinn, sinn déi 3 Ministèren am selwechte Gebai. An elo ass et am Fong geholl e bëssen esou, datt ech grad do wou ech gebraucht ginn, do sinn ech. Ech hunn nëmme just ee Büro. Dat ass méi einfach, da brauchs du net ëmmer alles ze tässelen. Du muss net d'Stroosse wiesselen. Du kanns am Fong geholl ganz spontan einfach soen, ech ginn elo bis op den drëtte Stack oder ech ginn elo op de 5., do sinn Diskussiounen. Also et geet schonn. Esou wéi et ufält.

Yolande Roller: Wéi ee Ministère war dann dee wou et am schwéierste fir Iech war dranzekommen, oder wou Dir Iech am meeschten hutt missen raschaffen, wat fir Iech méi eng Inconnue war? Ech mengen als Fra, Chancëgläichheet ass dat wat een e bësse vläicht méi selwer lieft. Tourismus, als Buergermeeschtesch vu Jonglënster ass een natierlech och beméit. An ech stelle mir elo vir, datt d'Classes moyennes, de Mëttelstand, war vläicht déi gréissten Erausfuerderung?

Françoise Hetto: Neen, eigentlech net, well ech och selwer ganz vill Bekannten hunn an deem Beräich, déi och selwer Entreprisen hunn. Ech hunn am Fong geholl d'Suerge vun den Entrepreneuren ëmmer e bësse kannt.

Ech muss éierlech soen, datt et eigentlech d'Chancëgläichheet war. Éischtens mol sinn ech am Ufank dovun ausgaangen et wier net nëmme Chancëgläichheet tëscht Männer a Fraen, mä fir alles, och Rassen, Alter, Behënnert/net Behënnert. Ech war mir net bewosst, wéivill Detailer do dra sinn a wéivill do nach ze maachen ass. Ech mierken dat elo och ëmmer erëm, wann ech bei Jonker ginn an d'Schoulen, fir iwwert dat Thema ze schwätzen. Déi Froen déi ee sech eigentlech muss stellen, déi kommen dir eréischt wann s du bis richteg an der Matière dra bass, an ech géif menge kënnen ze behaapten, datt dat dee Volet war, deen ech am schwieregste fonnt hunn, well ech à la base net wousst, wat ass dann iwwerhaapt richteg de Problem do.

Yolande Roller: Et gëtt jo och haaptsächlech bal ëmmer nëmmen den 8. Mäerz thematiséiert, wann de Weltfraendag ass. An da ginn nach séier flott Eventer organiséiert, ee Cabaretowend oder soss, wat och flott ass. Misst een net periodesch elo all 3 Méint eng Kéier soen, mir maachen all 3 Méint, ech soen elo mol, en Equal day oder soss iergendeppes, fir weider nach drop ze pochen. Well dee Moment gëtt et ëmmer esou fokusséiert an de Rescht vum Joer liest een eppes an der Zeitung, wann ee sech dofir interesséiert, mä et geet net esou déif eraus.

Françoise Hetto: Also ech mengen, datt d'Thema, ech soen elo wierklech d'Thema Quoten, och dozou bäigedroen huet, datt iwwer dee ganzen Egalitéitsproblem iwwerhaapt och mol op der ëffentlecher Plaz diskutéiert gëtt. An do deet sech wierklech ganz vill de Moment. Ech mierken, datt et do bougéiert an dat bréngt och mat sech, datt d'Leit iwwerhaapt eng Sensibilitéit kréien a feststellen, jo effektiv mir hu keng Fraen, weder an de Conseils d'administration, a mir hunn och net vill Fraen an den Direktiounsgremien.

Obwuel eis Meedercher, eis Fraen eigentlech zum Deel besser ausgebilt si wéi d'Männer. 59% vun eisen Universitairë si Fraen. Wann een d'Resultater kuckt vun de Premièresexamen, do gesäit een och, datt d'Meedercher en général besser ofschneiden. Firwat fanne mir si net erëm?

An da kommen ech erëm op dat zeréck wat ech virdru gesot hunn: et kann net sinn, datt s du als Fra, wou jo awer och vun engem Staat aus vill Suen an eng Formatioun gestach gëtt, datt déi Formatioun, dat Wësse vun deene Fraen herno der Ekonomie verluer geet. Dat kann net sinn.

Yolande Roller: Wäre Quoten dann an deem Sënn sënnvoll, fir datt grad déi Fraen déi och wëllen, och dann zum Zuch kommen. Well oft ass et jo dann esou, well keng Quote sinn, bleiwen déi Fraen awer oft hannendran.

Françoise Hetto: Also ech mengen d'Quotendiskussioun huet verschidde Patronen e bësse waakreg gemaach. Si wëllen eigentlech näischt vu Quote wëssen. Ech muss perséinlech soen, ech gesinn dat och esou als Arme ultime. Ech mengen net, datt een elo esou direkt mat Quote sollt kommen. Mä mir hunn awer elo eng ganz Partie flott Projeten, wou mir maache mat der Fedil, mat der ABBL, déi awer bereet sinn op de Wee ze goen, einfach mol bei sech ze kucken an hiren Entreprisen, mä wat kënne mir da maachen, fir einfach Fraen och rëm d'Méiglechkeet ze ginn, besser an d'Beruffsliewen eranzekommen, fir och mol Accès ze hunn an déi Décisiounsgremien. An ech mengen och do si mir um gudde Wee, datt och dat de wichtege Wee ass, datt s de muss ënnen ufänken, hinnen de Bagage ginn, se sou outilléieren, datt si dann och d'Chance hunn eng Kéier uewen unzekommen.

Yolande Roller: A wann een Ären CV esou liest, da fënnt een do ëmmer d'Zuel 12 erëm. Dir waart 12 Joer laang Éducatrice. Dir waart 12 Joer laang um Radio an op der Télé. Wat kënnt no 12 Joer Politik?

Françoise Hetto: Ech weess dat net. Ech kucken dat. Ech hunn dat ëmmer esou komme gelooss an ech hunn dat bis elo flott fonnt. Ech konnt mech doduerch ëmmer weiderentwéckelen. Wéini ass dat? Wéi ee Joer gëtt dat?

Yolande Roller: Dat hunn ech elo net ausgerechent. Dat kéint vläicht elo an den nächste puer Joer sinn.

Françoise Hetto: Ma jo da maache mir einfach eng Sendung.

Yolande Roller: Ganz genau, esou ass et. Am Fong hutt Dir jo eng politesch Billerbuchcarrière gemaach a vu Conseiller bis elo Minister bleift nach just de Premier hannendrun. Also, alles wat Dir do elo ugefaangen hutt, Dir hutt dat wierklech riicht biergop gemaach, och op der Télé, um Radio hutt Dir eng formidabel Carrière gemaach. Wéi koumt Dir iwwerhaapt vun der Éducatrice bei de Radio?

Françoise Hetto: Also ech hunn déi Zäit Pirateradio gemaach, wou ech Éducatrice war. Do ass et den RFM ginn op der Arelerstrooss. Do waren och nach aner Kollegen do, notamment de Bass. Ech hunn de Bass och do kenne geleiert. An du sinn ech am Fong geholl op de Goût komm fir Radio ze maachen.

An déi Zäit hunn ech bei der Croix rouge geschafft. An do hu mir eemol an Joer d'Semaine de la Croix rouge. An du war ech eist Haus, eist Kannerhaus am Fong geholl deemools op de Radio virstellen. An dunn hunn déi fonnt, ech hätt eng flott Stëmm, ech sollt bei si schaffe kommen. Ech war awer du guer net prett, well ech einfach och u menge Kanner gehaangen hunn, un deene Kanner déi ech do encadréiert hunn. A si hu sech awer net ginn. Si hunn ëmmer erëm regelméisseg ugeruff an iergendwann, wéi ech du selwer Kanner kritt hunn, huet dat mech dunn awer och gutt arrangéiert, well si mir ganz flott Horairë proposéiert hunn. Als Fra kucks du natierlech duerno. An du sinn ech am Fong geholl bei de Radio komm.

Yolande Roller: Dir waart eng enorm beléifte Radiosmoderatorin, Dir hutt vill gutt Laun de Leit vermëttelt. Als Ministesch do hutt Dir et deelweis méi schwéier, well do geet et net ëmmer mat der gudder Laun duer, do muss ee ganz hefteg Diskussioune féieren. Abee, mir hunn Äre Kolleg vum Radio, fréier, de Felix Eischen, dee jo och elo Äre Kolleg an der Chamber ass, gefrot ob Dir Iech verännert hutt.

Felix Eischen (O-Toun): Also d'Françoise ass, esouwäit ech dat och nach haut ka jugéieren, ech confirméieren am Fong dat Bild wat ech ëmmer vum Françoise hat, d'Françoise ass een extrem agréabele Mënsch. Hatt war dat nach ëmmer an hatt ass dat och haut nach, obscho mir haut jo e bësselchen anescht zesummeschaffe wéi féier. Hatt huet ouni Zweiwel eng gutt Energie. Et huet eng Meenung. Et huet eng Meenung déi et mat enger zolitter Portioun Energie och verdeedegt, dat ass jo och net onwichteg. Mä et bleift weiderhin ee ganz agréabele Mënsch am Ëmgang. Hatt huet eng oppe Sprooch, déi hat et och nach ëmmer an déi brauch et och haut méi wéi jee. Ech bewonneren och säi Courage, du muss jo wëssen, du kënns do an e Krees eran, wou ee sech jo och muss behaapten. An dat geet sécher net nëmme wann ee just fein a charmant optrëtt. Mä do muss ee sech natierlech a seng Matière aschaffen.

An esou wäit ech dat kann an dierf jugéieren, mécht et dat ganz gutt. Zemools wann een, an dat fannen ech och ganz wichteg, zemools wann een dann awer och dobäi d'Impressioun ofgëtt nach ëmmer wëllen eppes dobäizeléieren. Et ass jo net esou, datt een op eemol Politiker gëtt an dann op eemol alles weess. Där ass et nach kee ginn an där wäert et och ni ee ginn.

Geännert, fir awer op deng Fro zréckzekommen, huet et sech a mengen Aen net. Et ass vläicht eng Grëtz méi gestresst. Bon, dat gehéiert esou dozou. Wie kann him et verdenken? A mengen Aen mécht et déi Aarbecht mat Passioun an dat ass och eng absolut Viraussetzung fir iwwerhaapt wëllen a kënne Politik ze maachen. Mä schlussendlech ass et nach ëmmer d'Françoise.

Françoise Hetto: Dat ass léif.

Yolande Roller: Wéi schwéier ass et dann, wann een aus dem Sport oder aus der Ënnerhalungsbranche kënnt, fir sech do elo politesch sérieux duerchzesetzen? Well béis Zongen, déi hale jo net hannert dem Bierg fir een andauernd ze belächelen?

Françoise Hetto: Ech mengen, datt d'Leit awer fair sinn – si hunn ee jo gewielt, soss wär ee jo och net do wou een ass – datt si engem eng Chance ginn, datt si e bëssen ofwaarden an dann och jugéieren op dat wat s du méchs. Ech mengen awer, datt dat awer klappt.

Ech muss elo soen, déi éischte Kéier wéi ech mat an d'Wahle gaange sinn 2004, ech si jo dunn och direkt nogeréckelt, ech war an deem Sënn elo eigentlech net houfreg, well ech mir gesot hunn, ok du bass am Fong geholl just erakomm, well si dech gewielt hunn, well si däin Numm kannt hunn. Wéi ech awer dunn dat Joer drop esou gutt bei eis an der Gemeng ofgeschnidden hunn, do hunn ech gemierkt, ok dat ass dann elo eng aner Saach. An et ass am Fong geholl esou weider gaangen.

Dat heescht, d'Leit hu mech awer confirméiert, doduerch datt si mech gestëmmt hunn an deem wat ech gemaach hunn. An dat ass elo eng aner Situatioun wéi deemools. Ech menge schonn, datt ee muss struewelen. Ech menge wann ee sech selwer bleift, sech selwer trei bleift an einfach och dat eng éierlech Politik mécht, ech mengen dat ass extrem wichteg, datt een eng ganz éierlech Politik muss maachen, datt d'Leit engem dat och héich urechnen.

Yolande Roller: Muss ee sech net vläicht grad aus deene Branche méi druginn, an nach méi, ech soen elo Affekot ass. Wann do steet "Affekot", ok dat wäert scho wësse vu wat datt et schwätzt. Mä elo virdru Kachsendung gemaach an elo wëllt hatt hei elo de Mëttelstand retten. Ech soen dat elo esou wéi et bei béisen Zonge gär eriwwerkënnt.

Françoise Hetto: Et ass richteg. Ech mengen, een dee Jurist gemaach huet, deen ass ganz sécher an de Gesetzestexter méi séier doduerch wéi ech dat war der wéi aner Leit dat maachen déi näischt domat ze dinn hunn.

Ech muss awer soen datt s de, doduerch datt ech och an deene verschiddenen Métiere geschafft hunn an e grousse Bekanntekrees hunn, ech stinn awer mat 2 Féiss um Buedem. An ech mengen als Politiker, du vertrëtts d'Vollek. Du muss och wësse wat bei de Leit, wou bei de Leit de Schong dréckt. Wou ech heiansdo d'Gefill hunn, datt verschidde Juristen dat net wëssen, well si sech an hire Kreeser beweegen. Dofir mengen ech schonn, datt déi Erfahrung, déi ech matbruecht hunn, dee Kontakt deen ech um Radio hat, ech hat jo vill Experten do. Ech hunn och do immens vill bäigeléiert. Ech menge schonn, datt dat mir och gehollef huet, fir ebe Saache kënnen z'appréciéieren, iwwer Saache kënne mat ze diskutéieren.

Im Nachhinein soen ech, du hues méi Facilitéit wahrscheinlech wann s du Jurist bass, mä ech hunn awer och e Bagage matbruecht, an dat selwecht ass dann och fir de Felix, deem ee seng Meenung awer och net kann einfach esou ewechhuelen.

Yolande Roller: Mir bleiwe bei de béisen Zongen, oder loosse mir mol soe bei de béise Schreiwerten. Do war elo virun enger Zäit nach an enger lëtzebuerger Wochenzäitschrëft e Bild vun Iech, eng satiresch Fotomontage, wéi dat elo haut heescht, Äre Kapp op engem plakege Fraekierper. Dir hat dogéint prozesséiert, hutt an éischter Instanz gewonnen, an elo an där zweeter hutt Dir verluer.

Françoise Hetto: Ech verstinn dat iwwerhaapt net, muss ech och esou soen, aus zwou Ursaachen. Éischtens fannen ech net nëmme mäi Kapp op engem plakege Fraekierper, et muss ee sech dat scho richteg ukucken. Dat ass u sech ass et fir mech pornografesch, et huet fir mech näischt mat satiresch ze dinn oder mat humoristesch. Et ass eng Fotomontage jo, mä ech menge wa mir elo deen dote Wee ginn, maache mir einfach d'Dieren op fir alles.

An dat ass dat wat ech am Fong geholl schued fannen, fir all déi Journalisten déi sech Méi ginn, Recherchen ze maachen, ob dat bei der geschriwwener Press ass, ob dat bei Radio oder bei Télé ass. Ech mengen et ass fir déi alleguer eng riicht an d'Gesiicht. Well dat do heescht jo, du kanns an Zukunft produzéiere wat s du wëlls, et kann Dir näischt passéieren. An dat fannen ech vun dohier net gutt. Ech géif mir wënschen, datt déi Leit déi bis elo vläicht ee Cent fir déi Zeitung ewechginn hunn an Zukunft dee géife fir de gudden Zweck spenden.

Yolande Roller: Wat fannen d'Leit dann dorunner, Ärer Meenung no? Ass dat Voyeurismus, ass et einfach, ha, ha, dee gëtt deem et elo gutt, oder wéi och ëmmer?

Françoise Hetto: Neen, ech menge méi datt et de Voyeurismus ass, well dat erkläert jo och e bëssen den Ëmsaz vun enger Bild-Zeitung an Däitschland. Ech mengen et ass méi dat. D'Leit hunn dat gären, esou bëssen dee skandaléisen Ënnertoun.

Yolande Roller: Op der Télé setzt dat sech jo och duerch. Also et gëtt jo ganz vill vun Trash-TV geschwat, Leit déi Misère hunn, Leit déi asozial sinn.

Françoise Hetto: Et ass einfach, ech menge wann een de Leit dat dote weist, brauch ee sech net mat sengen eegene Problemer ze beschäftegen.

[Muséksënnerbriechung]

Yolande Roller: D'Ministesch Françoise Hetto ass haut eisen Invité hei am Vitarium, déi hiert Mandat mat extrem vill Enthusiasmus a Begeeschterung ausféiert, esou wéi mir dat jo hei elo schonn och konnte feststellen. Natierlech och soss am Alldag. An Dir hutt dat och fréier um Radio an op der Télé gemaach, och ëmmer mat ganz vill Begeeschterung. Vermësst Dir eppes aus där Zäit? Mir kéinte jo elo d'Rolle wiesselen an deem Sënn.

Françoise Hetto: Jo, also ech mengen, ech fannen dat och nach ëmmer ganz flott. Ech genéissen dat och elo hei. Also ech fannen nach ëmmer nach wie vor Radio an Televisioun ganz flott. Ech muss soen, Radio ass eigentlech, wann s de de Leit wierklech wëlls e Message ginn, ass Radio besser. Well bei der Televisioun, do lauschteren d'Leit dir net no. Do kucken d'Leit wéi s du deng Hoer hues, do kucken d'Leit ob déi Kette riicht hänkt a si kucke wat s du un hues. A wann s du wierklech wëlls e Message ginn mengen ech ass Radio besser, do sinn d'Leit net esou ofgelenkt.

Yolande Roller: Dir vermësst awer elo an deem Sënn näischt?

Françoise Hetto: Neen, ech géing dat jo elo och net méi hikréien. Dat war eng flott Zäit a bon an déi Zäit ass eben elo eriwwer.

Yolande Roller: Déi ass eriwwer, tempi passati wéi een heiansdo esou schéi seet. Dir hutt elo grad gesot vum Gezei, effektiv, bei de Fraen, wann déi elo Politik maachen, oft eben am Public stinn, do gëtt da gekuckt wéini hat et dat do fir d'lescht un. Dat hat se scho virun 2 Wochen un. Wann de Minister Frieden säi Costume unhuet, ëmmer dee selwechten, da kréint keen Hunn duerno.

Françoise Hetto: Jo, genau. Ech fannen dat am Fong geholl ongerecht.

Yolande Roller: Maacht Dir Iech do Gedanken driwwer wat Dir moies unditt?

Françoise Hetto: Jo, ech passe schonn op wat ech bei wat undoen, well ech awer weess, datt d'Leit een och dorop jugéieren. Also dach. Normalerweis leeën ech mir dat schonn owes eraus.

Yolande Roller: Dat heescht, Dir passt op, datt och net ëmmer dat selwecht erëmkënnt?

Françoise Hetto: Jo.

Yolande Roller: Et muss een eng grouss Garderobe hunn. Et muss een och Zäit hu fir déi dann akafen ze goen. Hutt Dir nach Zäit fir shoppen ze goen?

Françoise Hetto: Ganz séier esou dotëschent. Bei mir sinn dat ëmmer esou ganz spontan Akeef, wann ech grad eng hallef Stonn hunn. Da maachen ech dat. Jo dach, ech muss mir se huelen, ganz dacks och an der Vakanz, wann ech dann an d'Vakanz ginn, da gëtt da ganz vill beienee kaaft an da geet dat erëm.

Yolande Roller: Wat hat sech da bei Iech elo perséinlech am meeschte geännert wéi Dir Ministesch gi sidd? Dann ass ee jo op eemol do Minister, et huet een e Chauffer, dee kënnt ee moies sichen. Ass dat net e bësse gelungen?

Françoise Hetto: Neen, ech fuere selwer. Dach dat huet mech am Ufank, muss ech och éierlech soen, ech sinn och net esou richteg domat eens ginn, well ech awer fannen, et brauch net ee fir mech ze schaffen. Dee Mann mécht seng Aarbecht ganz gutt an et ass e ganz feinen, mäi Chauffeur. Ech muss awer soen, ech fueren awer och ganz vill alleng, well ech einfach fannen, datt ech dat och kann alleng maachen. Da kann hie mat engem anere Minister déi Zäit fueren. Wat huet sech geännert? Ech mengen, datt s du eigentlech einfach eng Personne publique bass. Du bass vill méi am Viséier. Ech hu virdru gesot, jugéieren, d'Leit jugéieren dech. D'Leit kucken dech an heiansdo gesäis du midd aus an da kriss du dat dann och gesot. Jo, du bass méi attaquabel an deem Sënn. Virdrun als Deputéierten, oder och als Buergermeeschter, do bass du méi esou an dengem klenge Cocon wou s du dech beweegs. Mä hei ass dat méi op där grousser Bühn.

Yolande Roller: Dir sidd bestuet, Dir hutt 2 Jongen. Kommen déi net ze kuerz, allen dräi?

Françoise Hetto: Mäi gudde Mann a meng zwee Jongen. Jo, ech versiche mäi Bescht ze maachen. Si soe jo ëmmer, d’Kollegen, déi froe si dat doten heiansdo, da soe se ëmmer, bis elo war si nach ëmmer do wa mir si gebraucht hunn. Deen Eelsten ass mëttlerweil op der Uni, deen aneren ass op 3e a jo, ech ginn nach 2 Mol d'Woch heem kachen, fir einfach och d'Mëttesstonn ze hunn. Ech ploe mech eigentlech ganz vill fir e bësse Familljenzäit nach erauszeschloen. De Weekend verwinnen ech se da mat Gekachs an ech sinn da wierklech Mamm, richteg Mamm. Ech kréien och doheem keng Chance fir eng aner Roll ze spillen, well do bass de rëm ganz séier an där Roll dran. Da gëtt dat vun der verlaangt an ech maachen dat och wierklech gären.

Yolande Roller: An d'Koppel? D'Koppelliewen? Dir sidd vill ënnerwee, vill op Representatiounen, vill op Owenter, gitt vill invitéiert an de Mann sëtzt da vläicht doheem, wat jo da fréier net onbedéngt esou de Fall war.

Françoise Hetto: Mäi Mann ass keen Trauregen. E sëtzt och net doheem, e fiert vill Vëlo, en huet och seng eegen Hobbyen. E geet och heiansdo mat, wou ech mech wierklech och driwwer freeën, well et ass net flott wann s de ëmmer muss iwwerall alleng goen. Also ech mengen, mir hunn eis arrangéiert. Wat ganz flott ass, mäi Mann huet geléiert kachen an ech freeë mech doriwwer. Hien huet wierklech d’Kachen entdeckt. Vläicht hätt en dat ni gemaach, wann en net mol iergendwann owes do gestanen hätt an et war wierklech näischt do, an en huet sech wierklech eng mussen afale loossen, fir datt en eppes an d'Pan ze kréien.

Yolande Roller: Dir hutt mol eng Kéier gesot, mir hunn net méi esouvill Zäit mateneen, mä déi Zäit déi mir mateneen hunn, déi ass einfach qualitativ immens.

Françoise Hetto: Et ass ganz intensiv. Owes, mir iesse jo ëmmer owes och dann zesummen. Et ass heiansdo spéit, réischt um halwer 10 oder um 10, awer da babbele mir ganz intensiv, zielen eis alles. An ech menge mäi Mann ass och e perséinleche wichtege Beroder fir mech, ech och fir hien. Ech fannen dat ganz flott am Fong geholl. Mir langweilen eis net als Koppel, wann ech dat kann esou soen.

Yolande Roller: Dir hat och eng Kéier an enger Table ronde gesot, déi Carrière hätt ech net gemaach wéi meng Kanner nach kleng waren. Wéi hutt Dir dat gemengt?

Françoise Hetto: Also ech mengen, datt ee Politik, esou wéi ech dat elo maachen, net ka maache mat klenge Kanner, well s de einfach och wierklech vill fort bass, och owes spéit net do bass. An à moins datt ech dee Moment e Mann gehat hätt, deen dat total assuméiert hätt doheem, deen da wierklech se owes an d'Bett geluecht hätt, Geschichte gezielt huet, esou wéi ech dat ëmmer gemaach hunn. Mä ech mengen, datt een dat eréischt ka maachen ab engem gewëssene Moment.

Ech muss awer och soen, Madame Roller, ech mengen dat gutt Verhältnis wat ech zu menge Kanner elo hunn, dat hätt ech net, wa mir dat net hätt virdru kënnen opbauen. Dat heescht, si sinn e bëssen a meng Aufgab mat eragewuess a si hunn dat materlieft a si si mat doranner grouss ginn. Awer mir haten eng richteg gutt Relatioun zesummen ëmmer, an déi hu mir och nach haut.

Yolande Roller: An 3 Méint sinn elo Gemengewahlen, d'Lëschte sinn nach net all eraus, mä ech denken net, datt iergendwéi ee sech elo do wäert erlabe keng Frae mat op senger Lëscht ze hunn. Et ass natierlech net evident, Fraen op déi Lëscht do ze kréien. U wat läit dat? Well entretemps si jo awer vill Fraen an der Chamber. Ech mengen, Är Partei, d'CSV, huet déi meeschte Fraen an der Chamber sëtzen, 6 Deputéierten, 2 an der Regierung. An awer sinn d'Fraen nach, si zécken immens.

Françoise Hetto: Si zécken. Ech muss zwar soen, et wär vläicht gutt wann d'Fraen och déi an der Politik sinn d'Frae géife motivéieren. Ech mengen, mir als Frae versti jo och besser, firwat datt eng Fra zéckt a wat hir Bedenke kënne sinn, firwat datt ee sech eventuell net wëll engagéieren.

Ech muss soen, mir hu bei eis an der Gemeng zum Beispill eng ganz gutt Lëscht. Mir hu 6 Frae vun 13. Ech hätt der nach méi mat dropkritt, well d'Fraen einfach Loscht hate op eemol Politik ze maache bei eis an der Gemeng. Wann ech esou kucken, queesch duerch d'Bank, och vun deenen anere Parteien, fannen ech, datt vill Fraen dëst Joer op de Lëschte sinn. An elo läit et dann am Fong geholl nach just beim Wieler.

An do géif ech e waarmen Appel och maachen, datt mir einfach och mol de Fraen eppes zoutrauen. Well wann s du herno an denger Kabinn steet an du kräiz déi Fraen déi awer de Courage hu sech deem do z'exposéieren net un, jo dann hu mir näischt geschafft. D'Majoritéit vun eiser Populatioun si Fraen, da fannen ech einfach, datt ee muss de Fraen d'Vertraue schenken. Wa mir gär eng équilibréiert Representatioun herno an engem Gemengerot hätten, da muss een och selwer dofir suergen.

Yolande Roller: Et heescht jo och ëmmer, Frae solle Frae wielen. a wa mir jo elo géife wierklech esou fueren, mir hunn d'Halschent Männer, d'Halschent Fraen, da misste jo och méi Fraen dra sinn, op d’mannst déi déi op de Lëschte sinn. Dann heescht et jo och ëmmer, Frae wiele keng Fraen – stëmmt dat? Ass dat och Ären Androck, datt haaptsächlech Frae keng Frae wielen, well si sech et vläicht selwer och net zoutrauen?

Françoise Hetto: Genau dat ass de springende Punkt, et ass d'Saach vum Vertrauen. An ech mengen do musse mir einfach alleguer un eis schaffen. wa mir net deenen Leit och, deene Fraen dat Vertraue schenken, da kënne si sech jo och duerno net beweisen, datt si där Saach gewuess sinn.

Ech fannen, datt mir vill dichteg Fraen an der politescher Landschaft hunn, och Buergermeeschteren, déi wierklech hire Match maachen. An ech mengen, datt een de Fraen einfach soll och vertrauen. A wann ech elo kucke wat sech e bëssen och weltwäit doruechter deet, do hu mir jo och well op dichtege Posten och Fraen déi well d'Rudder iwwerhuelen. Also ech géif mir wierklech wënschen, datt mir e ganz gudde Score fir d'Fraen och dëst Joer am Hierscht kréichen.

Yolande Roller: Et muss een och soen, datt wa Fraen e Mandat kréien, déi Ressorten déi hinnen dann nawell gär zougeschoustert ginn, dat ass da Kultur, Soziales, Famill. Also esou Finanzen a Bauten, dat ass éier eppes, do soen d'Männer dann, Oh Neen.

Françoise Hetto: Also ech mengen, datt d'Fraen och do "Oh Nee" soen, an dat ass e grousse Feeler. Ech fannen zum Beispill d'Bautepolitik eng faszinant Politik. Dat huet mech nach ëmmer immens interesséiert, do kann ee vill maachen.

Ech sinn natierlech och do e bësse virbelaascht duerch mäi Papp, dee sech ëm Bautereglementer an och d'Baugenehmegunge gekëmmert huet, ech hunn e Mann deen doranner schafft.

Ech fanne Bautepolitik flott an ech géif de Fraen och roden, datt si sech sollen och esou Domainen zoutrauen. Si solle sech do gutt informéieren, do gëtt et esouvill Informatiounsversammlungen déi gemaach ginn. Et kann ee sech och eraliesen an déi Saachen an dat ass keng Hexerei. Well all déi Männer déi domat eens ginn, déi si jo och net alleguerten Akademiker, an ech mengen déi hunn et och fäerdeg bruecht sech doranner eranzeschaffen.

Ech si fundamental dovun iwwerzeegt, wann ee sech fir eng Matière richteg interesséiert, ob dat Bautepolitik ass, ob dat Classes moyennes ass oder Tourismus, Finanzpolitik ass vläicht e bëssen en anere Volet; mä wann ee sech richteg fir eppes interesséiert, dann huet een och Loscht sech doranner eranzeschaffen an da kann een do och eppes maachen.

Yolande Roller: Wat wär de Rot, deen Dir elo de Frae géingt mat op de Wee ginn, déi elo am Hierscht wäerte gewielt ginn?

Françoise Hetto: Ech géif hinne wënschen, datt si sech ëmmer sollte soen, datt si sollen authentesch bleiwen. Si solle si selwer bleiwen, si sollen u sech gleewen an dat och ausstrahlen. Ech mengen, da gleewen déi aner Leit och u si.

Yolande Roller: Madame Minister, ech soen Iech villmools Merci fir den Abléck an Äert Liewen an och d'Zäit déi Dir iech elo hei geholl huet fir eis.

Dernière mise à jour