Françoise Hetto-Gaasch invitée l'émission "Background - am Gespréich"

Max Theis: Madame Hetto, d’Regierung huet et den Ament net einfach. D’Gesondheetsreform huet en Dokteschstreik mat sech bruecht, d’Modulatioun vum bëllegen Akt ass op Drock vun de Gewerkschaften an anere fale gelooss ginn, iwwerhaapt ass de Spuerpak ofgespeckt ginn.

Wéi géift Dir dann den Ament d’Stëmmung beschreiwen an der Koalitioun?

Françoise Hetto-Gaasch: No baussen, ech kréien dat jo och mat, wéi dat bei de Leit dobaussen ukënnt, komme mir net onbedéngt als Eenheet eriwwer. Ech muss awer soen, dat ass awer net de Fall. Mir hunn am Fong geholl eng ganz gutt Entente, mä ech menge mir mussen einfach besser communiquéieren no baussen, a vläicht och nach besser ënnereneen.

Max Theis: D’Oppositioun huet dës Woch net mat Kritik gespuert, d’Regierung wier dilettantesch a si hätt kee Konzept, huet et geheescht. Mir lauschteren de Fernand Etgen vun der DP an de François Bausch vun deenen Gréngen.

Fernand Etgen (O-Toun): Op där enger Säit e Finanzminister, deen elo muss agestoen, datt et nach Diskussiounsbedarf gëtt iwwer d’Ausriichtung vun der Wunnengsbaupolitik. An op där anerer Säit en Aarbechtsminister, dee sech freet, datt eng vun dem Finanzminister senge Mesuren elo net ëmgesat gëtt. Ech mengen, et mierkt een elo ganz gutt, datt dës Regierung keng gemeinsam Basis huet fir ze regéieren.

François Bausch (O-Toun): Wann ech elo gesinn, wat eigentlech vun deenen esou genanntene Spuermoossnamen nach iwwreg bleift, no annerhallwem Joer heftegsten Diskussiounen, dann ass dat ausschliisslech an alleng Steiererhéijungen, an en plus sinn déi Steiererhéijungen nach sozial total ongerecht ausgestallt. D’Regierung huet eiser Meenung no keng Strategie.

Max Theis: Keng Strategie, kee Konzept. Madame Hetto, wat sot Dir do?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech gesinn dat net esou.

Ech mengen, datt déi Saach mam bëllegen Akt elo zréckgezu ginn ass, dat ass zum Deel och doduerch bedéngt, wéi gesot ginn ass, de bëllegen Akt gëtt et net méi als solches, dat sollt awer net heeschen, datt et de bëllegen Akt net méi sollt ginn. Au contraire, et sollt am Fong geholl eng ganz sozial gerecht Mesure sinn, et sollt am Fong geholl fir Leit nach ëmmer gëllen, déi bis zu engem gewëssene Seuil géife verdéngen. Et sollt virun allem net géint déi Jonk geriicht sinn, mä et sollt am Fong geholl deene Leit zegutt kommen, déi sech net esou gutt géife stoen. Et ass awer ni als dat dobausse verstane ginn.

Ech denken, datt den Här Frieden zesumme mam Wunnengsbauminister elo un engem ganze Paquet wäerte schaffen, dat huet den Här Schank jo och schonn déclaréiert, fir ebe mat engem ganze gebündelte Pak op de Marché ze kommen, fir ze weisen, an déi do Richtung wëlle mir goen, wat elo Aiden ubelaangt, an och iwwerhaapt den Zougank zu den Aiden, wéi een dat besser kann upaken.

Max Theis: Als Mëttelstandsministesch musst Dir jo och enk mam Wirtschaftsminister Jeannot Krecké zesumme schaffen. Dee sot rezent, hie misst eigentlech demissionéieren, wann hie sech géif eescht huelen. Notamment huet hie kritiséiert, datt hien net genuch Instrumenter hätt fir eppes ze beweegen. Geet et Iech d’selwecht?

Françoise Hetto-Gaasch: Neen, ech fanne mir hu schonn eis Instrumenter, wou mir kënnen eppes domat beweegen. Déi Ausso vum Här Krecké, hien huet dat esou gesot, wéi ee vläicht och Saache seet zu engem Moment, wou een net esou gutt drop ass a wou dat dann opgegraff gëtt, vläicht och ze vill héichgespillt gëtt, ech weess emol guer net, ob de Mann dat iwwerhaapt esou gemengt huet.

Max Theis: Fir op de Mëttelstand elo ze kommen. D’Wirtschaftskris ass net onbedéngt iwwerstanen, an d’Betriber maache sech deelweis Suergen. Wéi eng Echoe kritt Dir dann den Ament aus de Betriber?

Françoise Hetto-Gaasch: D’Betriber maache sech Suergen, an et ass awer elo net, datt et am Fong geholl an de Betriber net gutt geet.

Au contraire, ech spieren de Moment esou e groussen Opdriff bei den Entreprisen, a mir schaffen de Moment och ganz enk zesummen, och zum Beispill am Kader vun där ganzer Saach mat Création d’entreprises, wou mir wëlle jonk Leit motivéieren, oder och manner jonk Leit, fir sech an den Entreprenariat ze lancéieren.

Au contraire, ech mengen, datt am Fong geholl esouguer e bëssen eng Opbrochstëmmung do ass bei den Entreprisen.

De Problem ass, datt mir hei zu Lëtzebuerg, haaptsächlech am Artisanat, keng gutt Mains d’oeuvres qualifiées hunn, net genuch Mains d’oeuvres qualifiées. An dee selwechte Problem hu mir och an der Groussregioun.

Max Theis: Gëschter hunn d’Journées création et développement d’entreprises ugefaangen, Dir hutt et scho quasi ugeschwat. Hunn nach genuch Leit Courage iwwerhaapt e Betrib opzemaachen zu Lëtzebuerg?

Françoise Hetto-Gaasch: Mir musse se, mengen ech, wierklech këddelen. Hei zu Lëtzebuerg si mir vläicht ëmmer ze vill op d’Sécherheet aus. Mir wëlle gär eng sécher Plaz, am beschte bei de Gemengen a beim Staat, a mir hunn och bei deene jonke Leit, leider fanne mir dat och do erëm, datt net genuch Leit virwëtzeg si fir sech an den Entreprenariat ze lancéieren.

An dobäi huet deen esou vill Atouten. Wann s de deng Entreprise selwer grënns, du gëss begleet dobäi fir dat ze maachen, du kriss esou vill gehollef, bass du herno däi Chef vun deem Ganzen an du bass deen, deen décidéiert wéi et leeft. Ech mengen, dat huet och ganz vill positiv Aspekter.

Max Theis: Et suergt jo och fir vill Aarbechtsplazen dee Moment.

Françoise Hetto-Gaasch: Jo, dat gëtt an deem Ganzen ëmmer e bësselche vergiess. Wa mir soen, ech schwätze vun den Entrepreneuren, si sinn dacks jo och schlecht gemaach ginn dobaussen: déi Leit maache sech vill Gedanken, si hu Leit agestallt, si mussen dofir suergen, datt Paien ukommen déi aner Säit.

Ech denken, datt d’Entrepreneuren eng grouss sozial Responsabilitéit hunn. All Patron d’entreprise schléift sécher net roueg, wann en an dëser Zäit muss kucken, datt et dobaussen dréint. Mä et ass awer een, deen dofir suergt, datt seng Leit, an domat ganz vill Familljen, kënne vun deem liewe wat ebe vun him erwirtschaft gëtt.

Max Theis: Den Index ass e rout Duch fir d’Betriber, d’Hausse vun de Cotisatiounen an der Krankekees grad esou. Iergendwéi huet een d’Impressioun, datt ëmmer geklot gëtt. Geet et da wierklech esou schlecht, oder sinn d’Betriber ze giereg, fir dat elo emol esou ze soen?

Françoise Hetto-Gaasch: Neen, ech mengen net, datt se ze giereg sinn. Ech muss jo och soen, ech bedaueren natierlech als Ministesch vun de Classes moyennes, datt mir den Index weder gedeckelt kruten, nach datt mir et fäerdeg bruecht hunn de Pëtrol, den Alkohol an den Tubak eraus ze huelen. Mä mir haten eben an dëser Koalitioun keng Majoritéit fir dat ze maachen.

Ech bedaueren dat, well den Index ass fir d’Betriber e grousse Problem an et ass eng Problematik, déi och weider bestoe bleift, a mat där mir eis och einfach weider musse befaassen.

Max Theis: Dat heescht, dat ass fir d’CSV, soen ech elo emol, net vum Dësch dann?

Françoise Hetto-Gaasch: Fir mech kann et net vum Dësch sinn, als Ministesch vun de Classes moyennes, an ech denken, datt mir dat och nach eng Kéier mussen opgräifen.

Max Theis: Wéi dacks bekloen d’Betriber sech dann doriwwer bei Iech? Ass dat wierklech en Dauerbrenner?

Françoise Hetto-Gaasch: Neen, et ass net en Dauerbrenner, mä et ass einfach elo e bësse vill op si duerkomm, a si hu sech einfach do driwwer beklot, datt se e ganze Pak dohinner getässelt kritt hunn, wat sech jo negativ op d’Kompetitivitéit auswierkt.

Wa mir eis vergläiche mam Ausland, hu mir einfach eis Betriber domat vill méi belaascht, well mir einfach ëmmer méi erëm vun hinne verlaangen, esou vill Cotisatioune méi, den Index méi. A wann een dat da vergläicht mat deenen Entreprisen aus dem Ausland, da si iergendwann net méi kompetitiv.

Max Theis: Mä an der Bipartite ass d’Regierung jo de Betriber an deem Sënn entgéint komm, datt do sollen Ausgläicher kommen. Dat misst jo awer schonn u sech hëllefen och?

Françoise Hetto-Gaasch: Jo, déi Verhandlunge si jo och nach net ofgeschloss, déi si jo nach amgaangen. Musse mir kucken, nom 8. Dezember, wat sech dann do ergëtt.

Max Theis: Ee grousse Sujet fir den Handel sinn ëmmer nees d’Ouvertureszäiten. De Samschdeg ass jo elo emol bis 8 Auer verlängert ginn. Denkt Dir mëttelfristeg drun, dee Beräich ganz ze liberaliséieren?

Françoise Hetto-Gaasch: Neen, dat steet jo och guer net zur Debatt.

Max Theis: Et ass awer eng Fuerderung, déi ëmmer nees vun de Geschäfter kënnt.

Françoise Hetto-Gaasch: Ech mengen, dat soll een net ganz liberaliséieren, mir si jo net schlecht gefuer, wéi mir dat an deene leschte Joere gemaach hunn.

Et muss ee wëssen, datt mir de Moment am Fong geholl schonn eng grouss Ouverture hunn. À ce stade kënnen, ouni elo vun den Ouvertureszäite vum Samschdeg Owend ze schwätzen, zum Beispill alleguer d’Geschäfter an der Woch scho bis 8 Auer op hunn.

Ech muss awer soen, datt leider Gottes net genuch dovu profitéiert gëtt, wat mir och Leed deet. Ech denken notamment un d’Stad Lëtzebuerg. Mir wëllen eis gär als Groussstad dohinner stellen, awer Owes um 6 Auer ass et relativ doud an der Stad. Ech bedaueren dat.

Ech verstinn natierlech och déi kleng Geschäfter, déi soen, mir sti vu Moies 10 Auer un als Koppel, mir wëllen net doriwwer eraus nach méi laang schaffen. Et muss een awer wëssen, datt, wann ee gär e Liewen an der Stad hätt, da gehéiert och do dozou de Commerce. A wann en nëmme géif bis 7 Auer fonctionnéieren, mengen ech, hätt ee scho ganz vill gemaach. D’autant plus, datt een doduerch och Leit an der Stad behält, déi da vläicht dee Moment nach an e Restaurant iesse ginn, an einfach Liewen an der Stad hält.

Max Theis: Géif dat wierlech genuch Surplus bréngen, dat ass u sech déi Fro, déi dann d’Leit sech stellen? Et wier vläicht auszeprobéieren.

Françoise Hetto-Gaasch: Et wier auszeprobéieren. Et ass jo och ëmmer eng Saach, datt een eng Zäit brauch, bis datt een d’Konsumenten do dru gewinnt huet. Et ass grad wéi d’Saach elo mam Samschdeg Owend, dofir hu mir eis jo och e ganzt Joer gi fir dat ze testen, wéi kënnt dat bei de Leit un? Et war jo anscheinend e Besoin do, well et si ganz vill Lëtzebuerger an d’Ausland Samschdeg owes akafe gaangen.

Mä et muss een einfach herno e Bilan zéien, a soen, huet et eppes bruecht, huet et näischt bruecht, geet et vläicht duer, datt mir et just bis 7 Auer Samschdeg owes maachen, oder huet et iwwerhaapt näischt bruecht, da maache mir erëm ëm 6 Auer zou? Dat musse mir alles no engem Joer, also am Fréijoer kucken.

Max Theis: Et gouf jo dacks gesot, datt d’Leit an d’Ausland gi wéinst den Ouvertureszäiten. Ass dat Ärer Meenung no den eenzege Grond?

Françoise Hetto-Gaasch: Et ass ee jo och ëmmer e bësse virwëtzeg, et geet ee jo och gär an d’Ausland kucken, well ee mengt, et géif een do vläicht aner Saache fanne wéi hei.

Ech géif awer wëllen e waarmen Appell un all eis Résidentë maachen, datt se vill méi sollte vun der Offer hei zu Lëtzebuerg profitéieren, well déi Suen déi mir hei ausginn, hei bei eis am Land, déi fléissen natierlech och nees zum Deel an eis Staatskeess, an dovunner profitéiert jo dann och jiddwereen.

Max Theis: E groussen Deel, 15% TVA, dat ass jo net näischt, soe mir emol esou.

Françoise Hetto-Gaasch: Eben.

Max Theis: Wat déi Ouvertureszäiten ugeet, do war et jo e bëssen Opreegung gi mam 26. Dezember, respektiv mam 2. Januar. Wou sinn déi Gespréicher elo de Moment drun?

Françoise Hetto-Gaasch: De 26. war ni en Thema, dat hätt iwwerhaapt kee Mënsch ugefrot, ech weess net, firwat d’Gewerkschaften domat geschäert komm sinn.

Den 2. Januar, do muss ech soen, do muss ech e mea culpa maache bei eis am Ministère. Mir haten effektiv, Dir wësst, datt wann ee wëll déi 6 Sonndeger ufroe fir dat kommend Joer, da muss een déi Demande ëmmer schonn am Hierscht maachen. A mir hunn am Oktober Autorisatiounen erausgi fir verschidde Grandes surfaces, déi hunn hir 6 Sonndeger ugefrot, a mir hunn effektiv am Oktober net genee gekuckt, wéi eng Deeg sinn dat, mir hu just gezielt et sinn der 6, a mir hunn den Accord ginn.

Et huet sech dann dunn erausgestallt, wéi mir sollten d’Soldenzäit festleeën, an dat war elo Enn November, ufanks Dezember, datt deen Dag wou d’Soldë sollten ufänken, den 2. also, géif op e Sonndeg falen.

A mir wollten awer net, aus 2 Ursaachen, datt d’Soldë géifen op dem 2., um Sonndeg ufänken, mä eréischt den 3., Méindes, an zwar well mir engersäits och wollten de Leit zwee Weekender hannereneen emol eng Kéier fräi ginn, dat heescht, de Weekend vum 25./26., a vum 1./2. An awer eng zweet Ursaach, och ganz wichteg, well mir am Fong geholl wollten deene klenge Betriber, deene klenge Geschäfter d’Méiglechkeet ginn, och pleinement vun deene Solden do ze profitéieren.

Max Theis: Fir direkt vun Ufank un dann dobäi ze sinn.

Françoise Hetto-Gaasch: Wa Sonndes opgemaach gi wier, da wieren eng ganz Partie vun deene Klengen, déi sécher net opgemaach hätten, well se et net gepackt hätten, net vun Ufank un dobäi gewiescht.

Elo hu mir dann elo do festgestallt, datt mir déi Autorisatiounen erausginn hunn. Mir hu mat deene Leit och mëttlerweil geschwat, an ech soen och do Merci fir dat Verständnis a fir déi gutt Zesummenaarbecht, déi mir haten. Esouwäit ech weess, à ce stade, ass elo den 2. Sonndes, vu Grandes surfaces näischt op.

Max Theis: Ären anere Ressort ass jo och indirekt mam Mëttelstand liéiert, do si jo och ganz vill Betriber implizéiert, dat ass den Tourismus. Zitt eist Land nach genuch Leit un?

Françoise Hetto-Gaasch: Jo, ech wollt Iech elo grad e Chiffer am Fong geholl soen an deem Kontext. Mir haten d’lescht Joer an der Hotellerie 1,4 Milliounen Nuitéen. Mir hate 740.000 Nuitéen op de Campingen. Dat sinn also ronn iwwer 2 Millioune Leit, déi heihinner komm sinn.

Ech menge schonn, datt mir nach ëmmer attraktiv sinn, awer mir mussen eis vläicht nach besser dobausse verkafen, well mir hunn einfach e grousst Wuesstemspotential am Tourismus. An et gëtt jo ëmmer gesot, mir sollen eis als lëtzebuerger Land diversifizéieren, net nëmmen als Bankeplaz dobausse bekannt ginn. Dofir mengen ech, ass den Tourismus e flott Standbeen, wou een och kann ekonomesch Virdeeler draus zéien, wat mir einfach nach besser musse promovéierenn.

Mir si jo elo op de Wee gaangen, zanter dësem Joer, datt mir eist Land net méi no Regiounen dobaussen duerstellen, mä als e Ganzt, an dann eben och themenorientéiert.

Max Theis: Gëtt dann, wat den Tourismus ugeet, innovativ genuch iwwerluecht, wat een de Leit kéint offréieren?

Françoise Hetto-Gaasch: Mir si jo amgaangen, den Tourismus richteg ze professionaliséieren duerch déi Strukturen, déi mir an deenen eenzelne Regioune schafen, déi ORTen, also regional Tourismusstrukturen, déi dann och solle ganz professionell fir déi Regioune schaffen, alleguer déi Leit, déi alleguer déi Akteuren, Benevolen, Syndikater, zesummen un een Dësch bréngen, Produkter ausschaffen zu spezifeschen Themen, a mat deenen Themë kënne mir dann eis dobausse positionéieren. Ob dat elo d’Natur ass, ob dat d’Gastronomie ass, d’Kultur, de Wellness, d’Natur, Luxembourg for Kids.

Mir haten dëst Joer zum Beispill de Schwéierpunkt op d’Gastronomie gesat, dofir hate mir d’Madame Linster mat op d’ITB op Berlin. Rise Succès. Mir haten iwwer 80 Journalisten op eisem Stand, déi alleguer zwar wéinst der Madame Linster komm sinn, mä awer an hirem Bericht och iwwer Lëtzebuerg geschriwwen hunn.

An d’nächst Joer wäert de Schwéierpunkt ganz kloer um Aktivtourismus, un der Natur leien. An do, kënnt Dir Iech vläicht virstellen, Här Theis, wie mir dann do mathuelen, wa mir vun Aktivtourismus schwätzen, vu Leit déi dobausse bekannt sinn.

Max Theis: D’Cyclisten zum Beispill.

Françoise Hetto-Gaasch: Richteg, déi huele mir do mat, an ech mengen, datt déi och eng gutt Figur do wäerte maachen. Well mir einfach och phantastesch Weeër hunn, mir hu gutt Vëlospisten, mir hunn e gutt Stroossennetz, wou ee wierklech kann d’ganzt Joer iwwer gutt drop fueren.

Max Theis: Dat heescht, et geet ee méi offensiv an der Promotioun un déi Saach erun?

Françoise Hetto-Gaasch: Jo, an dat musse mir och maachen, well mir och einfach gesot kritt hunn, datt mir e grousst Potential doranner hunn, datt mir einfach kënnen op en immens groussen Ëmsaz, e groussen Undeel vum PIB kommen, wa mir den Tourismus nach vill méi pushen. An dat wëlle mir onbedéngt maachen.

Max Theis: Ech ka mech un eng grouss Campagne erënneren am Métro zu Paräis. Esou spektakulär Aktiounen, kommen där och nach?

Françoise Hetto-Gaasch: Dat musse mir emol kucken. Mir hunn eng ganz Partie wëlles fir d’nächst Joer.

Mir wëllen eis haaptsächlech och op de Kongresstourismus fokusséieren, deen och wichteg ass, deen och ganz gutt ka fonctionnéieren hei zu Lëtzebuerg. Zum Beispill nom Motto, wa mir un den Tourisme durable denken, Meet in Green, wou mir och wäerte zesumme mam Ökozenter kucke fir eng flott Formule auszeschaffen.

Max Theis: Grousse Succès dëst Joer war d’Expogast. Dir hutt virdru gesot, dat hätt ganz vill Leit ugezunn, déi dann hei iwwernuecht hunn.

Françoise Hetto-Gaasch: Mir hate 5.000 Nuitéë just duerch d’Expogast. Dat ass e Plus vu bal 3,8% par rapport zu där selwechter Period d’lescht Joer.

Dat ass eng Vitrine fir Lëtzebuerg, eng onwahrscheinlech flott Plattform fir sech duerzestellen. A wann Dir déi vill Natiounen do gesinn hutt, déi do defiléiert sinn, iwwer 53 Natiounen, ech muss soen, dat war e richtegt Glécksgefill.

Max Theis: Food sells, muss een dann emol eng Kéier soen.

Françoise Hetto-Gaasch: Genee.

Max Theis: Dir sitt jo och Ministesch fir Chancëgläichheet. Frustréiert dat Iech net, datt et iwwerhaapt nach e Ministère dofir muss ginn?

Françoise Hetto-Gaasch: Dann hutt Dir den Titel vun eisem Ministère net richteg verstanen, wann Dir elo sot, dat soll mech frustréieren. Wisou?

Max Theis: Ee vun den Haaptsujeten ass jo awer den Ënnerscheed tëscht Männer a Fraen, also datt d’Fraen u sech [gëtt ënnerbrach]

Françoise Hetto-Gaasch: En heescht jo awer elo net méi Promotion féminine [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: An der Rei, mä als Hannergedanken ass dat awer nach ëmmer e Sujet trotzdem.

Françoise Hetto-Gaasch: Neen, et ass kee Fraeministère, et ass e Gläichstellungsministère, well mir hunn och eng ganz Partie Punkten, wou mir erausfonnt hunn, wou Männer benodeelegt sinn, notamment d’Jongen, déi definitiv manner gutt Schoulresultater hu wéi d’Meedercher, a wou mir fir d’nächst Joer wëllen eng grouss Étude maache fir erauszefanne wourunner datt dat hänkt. Dat heescht, mir huelen eis also och de Suerge vun dem männleche Geschlecht un.

Et frustréiert mech net. An do soen ech, do musse mir och nach eng Schëpp bäileeën, datt mir d’Frae mussen ënnerstëtzen, aus deem einfache Grond, well mir nach ëmmer net genuch Fraen an der Politik hunn, nach ëmmer net genuch Fraen an de Spëtzepositiounen hunn, nach ëmmer quasi keng Fraen an de Conseils d’administration hunn.

Dobäi ass et awer gewosst, datt weltwäit 60% vun de Fraen Unisdiplomer hunn. Da soen ech mir, dat kann net sinn, datt dee Potential vu Wëssen der Gesellschaft verluer geet.

A wann ech dann d’Strategie 2020 kucken, déi seet, mir musse 75% Leit herno um Aarbechtsmarché hunn, mir musse 40% vun deene Jonke mat engem Unisdiplom hunn, da soen ech mir, da komme mir guer net laanscht d’Fraen, mir brauchen d’Fraen, mir brauchen d’Fraen an der Wirtschaft a mir brauchen och Fraen a Spëtzepositiounen.

Max Theis: Dir sitt jo e gutt Beispill dofir, datt et och méiglech ass alles ënner een Hutt ze bréngen, soen ech emol. Wéi wëllt Dir d’Fraen da motivéieren?

Françoise Hetto-Gaasch: Et muss een de Frae Courage maachen, et muss een un Hand vu gudde Beispiller weisen, datt et machbar ass. An do denken ech un déi Femmes ambassadrice déi mir hunn, eis 11 Dammen, déi am Fong geholl als Ambassadeur duerch d’Land, an och mat bis an d’Ausland ginn, fir ebe just ze weisen, datt et dran ass.

Datt ee vläicht als Fra sech net ëmmer genuch zoutraut, ze vill zéckt, ze vill mengt, et géif een eppes net fäerdegbréngen – ech soen, mir bréngen dat fäerdeg, mir musse just méi un eis gleewen.

Max Theis: Mussen och d’Männer méi matspillen, fir d’Fraen z’ënnerstëtzen?

Françoise Hetto-Gaasch: Ganz kloer. Ech denke souwisou, als Männer a Frae si mir complémentaire a mir brauchen eis allen zwee, déi zwee Geschlechter, fir an der Wirtschaft weider ze kommen. Déi amerikanesch Entreprisen hu jo bewisen, datt et bénéfique fir eng Entreprise ass, wa se e gudde Mix hunn un der Spëtzt. Fir datt dat gutt fonctionnéiert, muss e Verständnis sinn, och doheem an der Famill, an et muss sech dann och dee Moment d’Hausaarbecht an d’Erzéiung vun de Kanner besser opgedeelt ginn.

Max Theis: Dës Woch war den internationalen Dag géint d’Gewalt géintiwwer Fraen. Äre Ministère huet do eng allgemeng Campagne géint Gewalt lafen, an och d’Police ass aktiv. Gëtt dat ëmmer méi e Problem?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech denke schonn, datt d’Gewaltbereetschaft an eiser Gesellschaft zougeholl huet. Dat mierkt ee jo och, wann ee kuckt, datt d’Police scho muss mat gudde Campagnen intervenéieren an de Primärschoulen. Ech menge schonn, datt mir do e Problem hunn.

Ech soen ëmmer, wa mir vun haislecher Gewalt schwätzen, dat kënnt jo vun iergendwou hier, dat ass jo net einfach esou vun engem Dag op deen anere komm, dat kritt ee ganz dacks vu klengem un.

Dofir ass et wichteg, dofir hu mir och déi Campagne mat der Police gemaach, fir am Fong geholl vu klengem un ze léieren, mat senger Gewaltbereetschaft ëmzegoen, ze weisen, d’Gewalt huet keng Plaz, d’Gewalt ass eppes Destruktives a mir dierfe se net toleréieren.

Wann een dee Message vu klengem u gëtt, dann huet een och vläicht herno, am Erwuessenenalter, en anert Verhalen, wéi mir dat de Moment hunn.

Max Theis: En anere Sujet a Saache Chancëgläichheet ass jo och den Ënnerscheed tëscht de Paië vu Fraen a Männer. Misst een do iergendwéi legislativ aktiv gi fir einfach do Remède ze schafen? Dat seet jo och schonn iwwer Joerzéngten [inaudible]

Françoise Hetto-Gaasch: Mir hu jo u sech alles an de Gesetzer virgesinn, datt et keng Loundifferenzen dierf ginn. Et ass awer esou, datt mir hei en Ënnerscheed hu vun 12,4%. Dat wësse mir. Mir leien dobäi zwar wäit ënner der Moyenne an der EU. Et sinn Obligations de moyens virgesinn an de Kollektivverträg, awer keng Obligations de résultats. An dat ass dat, wou mir wahrscheinlech mussen driwwer schwätzen. An dat hu mir och, wéi mir déi leschte Kéier an der Chamber driwwer diskutéiert hunn, festgehalen.

Max Theis: Dat heescht, et gëtt un de gudde Wëllen appeléiert, mä dat schéngt dann net richteg duerzegoen?

Françoise Hetto-Gaasch: Genee.

Max Theis: Madame Hetto, mir gënnen Ärer Stëmm elo eng kuerz Paus, duerno kënnt dann de Journal vun halwer eng, an nom Journal schwätze mir dann e bëssen iwwer Är politesch Carrière, ech hat se am Ufank rasant genannt. Da kucke mir eng Kéier déi verschidden Etappen, déi Dir do gemaach hutt, dann och Privates.

[Noriichteniwwerbléck mam Frank Kuffer]

Max Theis: “Background - am Gespréich�? also haut mam Françoise Hetto. Si huet fir Educatrice geléiert an och 11 Joer am Beruff geschafft. 1992 huet d'Radioscarrière ugefaangen, hei bei RTL. Wéi ass et dann iwwerhaapt zu deem Wiessel komm, Educatrice eriwwer bei RTL?

Françoise Hetto-Gaasch: Dat war eng ganz komesch Geschicht, do war ech am Kader vun der Semaine de la Croix Rouge, vu datt et en Haus vun der Croix Rouge war, wou ech geschafft hunn als Educatrice, sinn ech op de Radio komm, deemools nach an der Villa Louvigny, fir eben deen ee Volet vun der Croix Rouge, d'Fondation Colnet d’Huart virzestellen, an owes huet den Här Mathes mech ugeruff, an du sot en, mir hu fonnt du häss eng flott Stëmm, wëlls du net gär bei eis schaffe kommen.

Ech war entsat deemools, dat war 2 Joer ier ech hei ugefaangen hunn, well ech schrecklech frou war mat menge Kanner dohannen an ech wollt och net fortgoen. Hien huet sech ëmmer esou vun Zäit zu Zäit erëm gemellt a mir déi Saach e bësse schmackhaft gemaach fir heihinner ze kommen, an iergendwann hat hie mech esou iwwerzeegt, du sinn ech heihinner komm. Dat war eng wonnerbar Zäit.

Max Theis: 1999 huet dunn d'Politik geruff, fir d'éischt emol op Gemengenniveau. Wéi ass dat da gaangen?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech si gefrot gi fir matzegoen, a vu datt mir jo e als Koppel dann och gemeckert hunn, wat mir fonnt hu wat ee misst besser maachen an der Gemeng, huet mäi Mann gemengt, ech sollt da matgoen, da wier dat eng gutt Geleeënheet, wann ech da géing gewielt ginn, fir da vläicht kënne Verschiddenes ze änneren. Dat ass jo dann och esou komm.

Max Theis: Dee Choix ass deemools op d'CSV gefall. Géift Dir Iech dann och an enger anerer Partei gesinn?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech muss soen, ech fille mech ganz wuel an der CSV, ech ka mech ganz gutt mat deene Wäerter, mat där Ideologie do auserneesetzen. Ech fannen, datt ech richteg op där Plaz sinn.

Max Theis: Hätt Dir dann deemools geduecht, datt Dir haut hei géift als Ministesch sëtzen?

Françoise Hetto-Gaasch: Neen, dat sécher net an ech hätt, wann Dir mech viru 25 Joer gefrot hätt, wat méchs de ni an dengem Liewen, dann hätt ech gesot, ech maachen ni Politik, well ech mech ni dofir interesséiert hunn.

Ech soen haut, dat war e grousse Feeler, well ech och do grouss Wëssenslacunen hunn, wou ech nach haut mierken, datt ech muss vill opschaffen, well ech einfach mech zevill laang net fir Politik interesséiert hunn. Ech géif op där Plaz wëllen dovu profitéiere fir deene jonke Leit ze soen, an och besonnesch de Fraen, well déi och Tendenz hu sech e bësse vun der Politik ofzewenden, datt si dat net solle maachen. Et ass immens wichteg, datt ee weess wat leeft, datt ee sech selwer mat abréngt a wann d'Méiglechkeet esouguer besteet, esouguer mat engagéiert.

Max Theis: 2004 dunn d'Chamberwahlen. War dat e logesche Schrëtt, oder war do Iwwerzeegungsaarbecht néideg?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech sinn eent, wann ech A soen, da soen ech och B. A vu datt ech dunn nogerutscht sinn, hunn ech fonnt, da misst ech dat och maachen. Ech hunn eigentlech dee Moment eppes opgi wat ech schrecklech gär gemaach hunn, dat war de Radio an och d’Télé. Am Ufank hunn ech mech och déi éischt 3 Méint laang gefrot, wat hues du gemaach? War dat do dee richtege Schrëtt? Ech sinn awer dunn a meng nei Aufgab eragewuess an ech muss soen, ech hu bis haut näischt bereit.

Max Theis:Kribbelt et Iech dann an de Fanger, wann Dir elo hei sëtzt?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech fannen dat flott, et kommen erëm esou Souveniren héich. Ech houschte genau wéi deemools. Ech hu souwisou den Houscht, mä et ass och iergend eppes heibannen am Studio. Déi Zäit hunn ech och, wann ech mech erkaalt hat, méi am Studio gehouscht wéi dobaussen. Et hänkt och wahrscheinlech e bësselchen domat zesummen.

Max Theis: Da musse mir eng Kéier staubsauge wahrscheinlech. 5 Joer drop dunn nees Chamberwahlen, do waart Dir zweetgewielt am Osten. Iergendwann ass dunn, huelen ech emol un, den Telefon gaangen, mat der Offer vum Ministerposten. Keng einfach Décisioun.

Françoise Hetto-Gaasch: Deen Telefon ass gaangen, mir hate jo méindes Kongress an ech sinn donneschdes oder mëttwochs vun der Madame Jacobs an d'Stad geruff gi fir samschdes. Dat war de Samschdeg just virum Kongress.

An du sot den Här Juncker zu mir, hie wier der Meenung, ech misst meng Verantwortung iwwerhuelen an e Posten unhuelen. Ech muss éierlech soen, ech sinn aus alle Wolleke gefall, ech hat mech absolut net dorop agestallt. Ech war och net frou. Ech muss soen, ech sinn Heem gefuer, ech hu gepinscht, vun der Stad bis op Lënster, an ech hu geduecht, wat gëtt dat do, an du kanns dat net. A wat méchs du mat denger Gemeng? Ech hunn därmoossen un der Gemeng gehaangen och. A wéi geet dat weider an der Gemeng? An ech muss soen, am Ufank war dat net evident.

Max Theis: An haut, keng Regreten?

Françoise Hetto-Gaasch: Neen, ech soen elo haut, wou ech och elo Geleeënheet hat mech dran eranzeschaffen, datt ech et ganz flott fannen. Ech fannen et spannend. Du kanns eppes maachen. Ech hu souwisou gär de Kontakt mat de Mënschen. Et gefält mir ganz gutt.

Ech sinn awer och ganz frou, muss ech soen, datt meng Nofolgerin d'Francine Colling, datt dat dat mat esou vill Engagement och ugeet zu Jonglënster a sech total era knéit a seng Dossieren, sech vill Zäit och hëllt fir d'Leit an dat ass och berouegend, wann ee gesäit, datt dat alles wonnerbar weider gefouert gëtt, dann huet een och keng Regreten.

Max Theis: Fir si war et jo och net esou einfach.

Françoise Hetto-Gaasch: Fir hatt war et genau esou schwéier wéi fir mech, well fir hatt war et och e Sprong an d'kaalt Waasser. Fir mech och. Du muss einfach emol erausfannen, wat muss de wëssen, wéi vill muss du wëssen a wéi séier muss een alles wëssen? An du muss mat enger ganz neier Équipe ufänken ze schaffen an do muss ech soen, do war ech ganz gutt encadréiert an deenen 3 Ministèren. Ganz léif Leit, ganz kompetent Leit an ech mengen, wann ech déi net gehat hätt, da wier ech ënnergaangen.

Max Theis: Dir sidd, wéi gesot, responsabel fir Mëttelstand, Tourismus a Chancëgläichheet. Ech woen ze behaapten, datt Dir kee fräie Choix hat. Wéi hutt Dir dann déi nei Aufgabe fonnt am Ufank?

Françoise Hetto-Gaasch: Classes moyennes an Tourismus hunn ech souwisou e bësse kannt, well ech och virdrun an där Kommissioun war, wéi ech Deputéiert war. Vun dohier wousst ech schonn e bësse wat do géing lafen.

Ech muss zu menger Schan agestoen, wéi ech proposéiert krut fir d'Egalité des chances z'iwwerhuelen, sinn ech dovun ausgaangen dat wier Egalité des chances fir alles, net nëmme femmes-hommes, mä zum Beispill al a jonk a verschidden Nationalitéiten. Mëttlerweil fannen ech, datt dat richteg gutt ass, esou wéi et ass, Egalité des chances femmes-hommes, an ech fannen och do wou ech sëtze kann ech zu all Moment déi zwou Kapen undoen, vun deem Ministère an dee vun dem Ministère vun de Classes moyennes, an datt dat mir och immens vill hëlleft.

Ech komme ganz vill a Kontakt mat Betriber mat Patronen, wou ech mäi Message vu méi Fraen a Spëtzepositiounen och gutt kann ënnerbréngen. Ech hunn awer och vill Kontakt mat Fraen, wou ech deene ka Saachen aus dem Wirtschaftsberäich mat eriwwerbréngen – also et ass schonn immens interessant.

Max Theis: Hätt Dir dann och een Dramministère?

Françoise Hetto-Gaasch: Neen, also ech si richteg déck zefridden.

Max Theis: Als Educatrice géif sech vläicht Educatioun ubidden?

Françoise Hetto-Gaasch: Jo, dat ass och ganz flott, och Familljepolitik, mä ech muss awer soen, ech sinn awer ganz zefridde mat deem wat ech hunn. Dat läit mir och elo an ech hu mech och elo do erageschafft, ech wéilt dat och net mëssen.

Max Theis: Wann een Är Carrière kuckt, fält op, datt Dir all 11-12 Joer eppes aneschters gemaach hutt. Ass geschwë Schluss mat der Politik? 1999 war jo dann d'Gemeng, da wier jo an 1-2 Joer Schluss.

Françoise Hetto-Gaasch: 2004 war jo dann dunn dat nächst, dat heescht 1992-2004 plus 11, da sinn ech nach do bis 2015. Maachen ech dann eppes Neies? Ma jo emol kucken.

Max Theis: Aus séchere Quelle weess een, datt d'Gemeng Iech och nach um Häerz läit, Dir hutt et scho virdrun ugeschwat. Wat géif Iech da méi reizen, wann Dir elo de Choix hätt? Haaptberufflech Buergermeeschter oder Minister?

Françoise Hetto-Gaasch: Wann Dir mech elo gefrot hätt, Deputéierten oder Buergermeeschter, hätt ech ganz kloer gesot, Buergermeeschter. Wann Dir mech elo frot, Buergermeeschter oder Minister, dat weess ech net. Déi zwou Saachen hu mech erfëllt, Buergermeeschter ze sinn huet mech erfëllt, dat hei erfëllt mech och. Ech kann et net soen.

Max Theis: Et muss een sech et e bësse virstellen, e Buergermeeschter ass e klenge Minister, en hëllt Décisiounen op klengem Niveau.

Françoise Hetto-Gaasch: Et ass op engem aneren Niveau wou dat leeft, awer du hues och vill ëm d'Oueren, du hues mat ville Leit, mat ville verschiddene Borden ze dinn, du muss zu all Moment och en aneren Tirang opmaachen an dech séier an eppes eraschaffen a séier kënnen Décisiounen huelen. Ech kann et net soen, ech fannen déi zwou Saache passionnant.

Max Theis: Wéi ass dat dann iwwerhaapt mam Kontakt mat de Leit? Dir waart jo scho virdrun, ech soen emol, prominent a bekannt, d'Leit erkennen Iech dobaussen, wëssen och elo entretemps mat wat Dir ze dinn hutt, wat Dir maacht. Wéi ass dee Kontakt mam Bierger?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech géif emol menge gutt. Ech sinn en oppene Mënsch, ech sinn och frou mat de Mënschen, ech ka mech ganz gutt an de Leit hir Suergen an hir Problemer erafillen. An ech denke schonn, datt och dat wat ech hei um Radio gemaach hunn, och meng Erfahrung déi ech gemaach hunn als Educatrice draduée am Kannerheem, datt dat mir alles gehollef huet zu deem ze gi wéi ech haut sinn.

Well du hues zu all Moment ëmmer aner Problematike gehat, oder aner Saache kenne geléiert, an déi hu mir och erlaabt e gewëssent Wëssen ze kréien, ëmmer och de Kontakt mat de Mënschen. An ech menge schonn, datt dat alles mir gehollef huet mech zu deem ze maache wat ech sinn.

Max Theis: Am Virgespréich hutt Dir Iech geiergert iwwer den Egoismus vun de Leit, deen ëmmer méi grouss géif ginn.

Françoise Hetto-Gaasch: Jo, dat ass eppes wou ech mech immens dru stoussen an eppes wat mech traureg mécht. Aan ech fannen, datt mir amgaange sinn eng Gesellschaft ze ginn, wou nach jiddweree just no sech kuckt, duerno kuckt, datt et him gutt geet. Dat kann et net sinn.

Du mierks dat um Niveau vun de Veräiner, wou ëmmer manner Leit sech wëllen engagéieren. Du mierks et awer och am Alldeeglechen. Ech soen elo ee Beispill: et kënnt een an eng Cité wunnen, et ass jo super wann eng Crèche dohinner kéim, da brauch ee säi Kand net wäit ewech ze ginn, mä wann ech gelift, déi Crèche sollt awer net nieft mengem Haus stoen. Dat ass ee Beispill, ee Beispill vu villen. Dat si Saache wou mech rose maachen, well dat et ass wat et blockéiert, wou mir net weiderkommen, oder Leit déi en Terrain net wëlle fräiginn, well si einfach menge si kéinten nach méi Suen dofir kréien. Dat ass dat wat ech nennen, den Egoismus vun de Leit. Jiddweree kuckt just no sech.

Max Theis: Wéi erkläert Dir Iech dat dann?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech weess et net. Eis Gesellschaft huet sech lues a lues zu enger ganz materialistescher, egoistescher Gesellschaft entwéckelt a mir mussen einfach do géigesteieren, mir musse weisen, datt dat net de richtege Wee ass.

Max Theis: Dir sidd bestuet, Dir hutt 2 Kanner déi ëmmer méi grouss ginn. Wat beschäftegt Iech nach an der Fräizäit, wann Dir der hutt?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech un elo zanter iwwer 10 Joeren e Chouer deen ech dirigéieren zu Jonglënster, d'Lënster Ouerewierm. Mir hunn e flotte Concert den 12. Mäerz, mat engleschen Hits. Méindes owes hu mir ëmmer Prouf. Dat ass eppes wat mir immens Spaass mécht, et ass eng flott Equipe. Mir sinn zu enger 30 vu 15 bis a mäin Alter alt erop, a mir hunn eng gutt Zäit do zesummen.

Max Theis: Dir hutt virdru vun de Veräiner geschwat, déi net genuch Nowuess hunn oder Leit déi sech engagéieren, do hutt Dir elo kee Problem, oder?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech mierken e bësse bei deene Jonken, datt wann et drëms geet fir eng Hand mat unzepaken, datt mir en awer och musse schéi schwätzen, fir datt si kommen. Et ass e bëssen e Problem iwwerall, wéi am Sport, wou s du och net ëmmer Leit fënns déi bereet sinn Trikoten ze wäschen oder de Bou ze maachen oder eng Auer ze maachen, bei engem Match, et ass e bëssen dat, datt d'Leit sech net d'Zäit wëllen huele fir esou eppes.

Max Theis: Den Ament hutt Dir jo nach genuch Leit, de Concert ass assuréiert.

Françoise Hetto-Gaasch: De Concert ass assuréiert, ech hunn och genuch Leit, och genuch Nowuess, dat ass kee Problem.

Max Theis: Dat war et fir de “Background – am Gespréich�? haut mam Françoise Hetto. Merci, datt Dir haut komm sidd.

Dernière mise à jour