Françoise Hetto-Gaasch au sujet de la table ronde "Sech als Fra politesch engagéieren: Firwat net?" et de la Journée internationale des femmes

Michèle Reiter: Den Owend ass eng Table Ronde ënner dem Thema „Sech als Fra politesch engagéieren, firwat net?“ Et ass dëst e Ronndësch-Gespréich, eng Manifestatioun déi d’Frae soll motivéiere fir sech politesch z’engagéieren. Et mengt een awer d’Frae géingen sech heiansdo e bësse schwéier doen dodrunner. Wisou?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech denken, datt eng ganz Partie Frae sech d’Fro stellen, éischtens, kann ech dat, bréngen ech dat fäerdeg, zweetens, wéi kréien ech dat ënner een Hutt mat deem doheem, respektiv mat mengem Beruff? An drëttens mengen ech, feelt och heiansdo déi néideg Ënnerstëtzung vu baussen, datt mir einfach och d’Frae méi géifen encouragéiere sech op politeschem Plang z’engagéieren.

Michèle Reiter: Eng gewëssen Zort Ängscht sinn also do. Dir schwätzt haut den Owend dodriwwer, iwwer d’Fraen an der Politik, firwat net, datt ee sech soll engagéieren an dofir ass wirklech eng ganz breet Panoplie vu Leit zesumme komm déi sech deem Gespréich dann uschléissen.

Françoise Hetto-Gaasch: Fraen a Männer, well mir der Meenung sinn, datt Männer dat och solle mat droen, och vläicht kënnen aus der Erfahrung an hirer Positioun schwätzen. Mir hu vun alle Parteie Leit, vu klengen, vu grousse Gemengen, mir hu Leit déi Europaerfahrung hunn, Ministescherfahrungen hunn an dann Deputéierten, Buergermeeschteschen, fir am Fong geholl jiddwerengem d’Chance ze ginn e bëssen aus senger Siicht ze ziele wéi si dat erlieft hunn a wat dann am Fong geholl virun allem och déi Hürde waren déi si begéint hu bis se do ukomm si wou se elo sinn.

Michèle Reiter: Dat heescht allgemeng, d‘Politiker géife sech och wënschen et géife méi Politikerinne ginn?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech denke schonn. Wann ech kucken, mir si jo net däermoossen déck vertrueden an der Chamber. An der Regierung do geet et jo nach, mä an der Chamber do si mir jo net zu vill Fraen. Mä wann een awer elo kuckt, dobaussen an eiser Gesellschaft, wéi vill Fraen a wéi vill Männer datt mir hunn, soen ech mir, wann alleguerten d’Frae géife Frae wielen, dann hätte mir dee Problem do net am Parlament dee mir elo hunn. Mä ech hunn e bëssen d’Gefill, datt d’Fraen hire Geschlechtsgenossinnen dat och net ëmmer onbedéngt zoutrauen.

Michèle Reiter: Et ass haut Weltfraendag. Do gëtt natierlech e ganze Koup och iwwer Problemer vun de Frae geschwat. Speziell fir dëst Jor ass d’Violence erausgegraff ginn. Dat ass awer net deen eenzege Problem?

Françoise Hetto-Gaasch: Neen. Ech war jo och elo zu New York op där Konferenz. Violence ass ganz kloer ee Sujet deen iwwerall diskutéiert gëtt, a verschiddene Länner wou et méi noutwenneg ass wéi an aneren natierlech och méi.

Mä och wann ech elo kucke bei eis am Ministère, mir hunn am Fong geholl 3 Voletë wou mir responsabel sinn. Dat ass op där enger Säit den Aarbechtsmaart, mat all deene Problemer déi e mat sech bréngt vu Lounongläichheeten, vu Fraen déi mir net zu dacks genuch erëm fannen, och an deene méi héije Positiounen. Dann de Beräich Politik a Gesellschaft, wou mir jo dann haut den Owend zum Beispill och d’Table Ronde an dat Zeeche setzen. An dann den drëtte Volet, d’Famill, wou Violence een Thema dovunner ass, mä en aneren Thema ass Frae weider z‘encouragéiere sech berufflech z’engagéieren an dann och d’Maisons relais weider ausbauen, fir datt mir genuch Opfangstrukturen hu fir dat dann och ze garantéieren.

Michèle Reiter: Am Chancëgläicheetsministère, wat sinn déi Objektiven déi den Ament ganz grouss verfollegt ginn?

Françoise Hetto-Gaasch: Mir sinn de Moment haaptsächlech amgaangen dee ganze Volet Aarbechtsberäich ze kucken, well mir eis als éischt Zil elo gesat hunn déi Lounongläichheeten an de Grëff ze kréien. An deem Kontext hu mir och elo an 2 Woche Rendez-vous mam Nicolas Schmit fir ze kucken – well mir mussen dat jo zesumme maache mam Aarbechtsminister – wat mir konkret kënne maachen.

Et si vum Gesetzlechen hir Mesuren ageschriwwen, datt muss Paritéit an de Gehälter garantéiert sinn, mä et gëtt sech net dru gehalen. Dofir musse mir eis da Moyenë gi fir dat an de Grëff ze kréien. Do musse mir ënner anerem och iwwer legal Sanctiounen nodenken, kucken ob mir dann effektiv Betriber bestrofe wa se dat net maachen. Mir mussen awer och zesumme mat de Sozialpartner kucke fir iwwer d’Kollektivverträg vläicht och kënne méi Drock ze maachen. Dann huet den Nicolas Schmit och dru geduecht fir eventuell am Kader vun der ITM eng speziell Ulafstell ze schafe fir ebe Lounongläichheeten an de Grëff ze kréien an dann eben, wann ech elo kann esou soen, d‘Job description vun der Déléguée à l’égalité an de Betriber vläicht z’iwwerschaffen.

Michèle Reiter: Et gëtt en extrae Ministère fir Chancëgläichheet dee wierklech dru schafft d’Situatioun vun der Fra ze verbesseren. A wéi wäit kann een da vu Fortschrëtter schwätzen an deem Sënn?

Françoise Hetto-Gaasch: Fortschrëtter si jo mol scho ganz sécher gemaach ginn. Wa mir elo bei eiser Feier den 1. Februar gekuckt hunn, do gesäit ee wat an deene leschte 50 Joer sech gedoen huet.

Ech ginn ee Beispill. Ugangs 1960, do war ech ganz kleng, do huet meng Mamm anscheinend emol nach net selwer dierfen e Kont opmaache goen. Dat heescht, do hu mir awer scho vill Progrèsë gemaach wann ech dat kucken.

Ech wëll awer eppes kloer stellen. Mir dierfen dat Ganzt net nëmme kucken elo fir Fraen ze pushen. Et ass ganz kloer, datt nach e grousse Besoin do ass vun der Promotion féminine. Dat dierf awer net iwwerdriwwe sinn. Wa mir wëllen no vir kommen, well mir hunn allerlee erreecht an deene leschte Joeren, da musse mir à ce stade, denken ech, dee Mentalitéitswiessel a jiddwerengem senge Kapp kréien an do gehéieren och d‘Männer dozou. Dat heescht, mir mussen d’Männer an dee ganze Prozess mat abezéie wa mir wierklech wëlle viru kommen.

Michèle Reiter: Also, gläich un engem Strang zéie fir Gläichheet z’erreechen.

Françoise Hetto-Gaasch: Mir heesche jo awer och Ministère de l’Égalité des chances femmes/hommes. An do bestinn ech drop, datt mir dat net vergiessen.

Michèle Reiter: Gutt, dat waren e puer flott Explicatiounen am Kader vum Weltfraendag. Merci dem Françoise Hetto.

Françoise Hetto-Gaasch: Gär geschitt.

Dernière mise à jour