Françoise Hetto-Gaasch invitée de l'émission Riicht eraus

Carine Rippinger: Madame Hetto, Éducatrice graduée, Animatrice op Radio an Télé, Politik; géift Dir Iech als villsäitege Mënsch bezeechnen?

Françoise Hetto-Gaasch: Jo, villsäiteg a flexibel, géing ech mengen. Ech wousst mech am Fong geholl ëmmer unzepassen un dat wat grad u mech erugedroe ginn ass.

Carine Rippinger: Erugedroen un Iech ass d'Politik och ginn. Dir hutt Är politesch Carrière 1999 am Gemengerot zu Jonglënster ugefaangen. 10 Joer méi spéit sidd Dir Ministesch a kritt direkt 3 Ressorten; dat ass eng fulgurant Carrière, kéint ee soen, déi Dir esou eigentlech guer net wollt. No de Chamberwahlen de leschte Juni hutt Dir zouginn, datt de Jean-Claude Juncker Iech hutt iwwerriede musse fir Ministesch ze ginn. Fir wat hutt Dir gezéckt?

Françoise Hetto-Gaasch: Ma well ech mir dat net zougetraut hunn, a well ech eigentlech ganz frou war mat deem wat ech gemaach hunn. Ech war immens gär Buergermeeschtesch, dat huet mir richteg Spaass gemaach. Ech war och gär Deputéiert an ech hat mech iwwerhaapt net mat deem Gedanken ofginn an ech hunn einfach gemengt, ech kéint dat net. A wann s du da just 2 Deeg Zäit hues fir dir esou eppes duerch de Kapp goen ze loossen an du hues dech virdrun absolut net mat deem Gedanken ofginn, ech mengen, dat ass e bësse verständlech.

Carine Rippinger: Fir wat hutt Dir de Ministeschposten dunn awer ugeholl? Seet een engem Jean-Claude Juncker net Neen?

Françoise Hetto-Gaasch: Éischtens mengen ech, datt een engem Jean-Claude Juncker net Nee seet. Ech denken, datt hie mir ganz kloer gesot huet, datt ech vun de Wieler en Optrag kritt hätt, besonnesch bei eis am Osten, an datt ech am Fong geholl mäi Mandat sollt unhuelen, datt ech soss géif d'Leit enttäuschen, déi mir jo awer Vertraue geschenkt hunn andeems si mech gestëmmt hunn, an de Mann hat Recht.

Carine Rippinger: Elo hutt Dir 6 Méint Recul, eppes méi wéi dat. Didd Dir awer elo da frou, datt Dir [gëtt ënnerbrach]

Françoise Hetto-Gaasch: Jo, jo, also ech sinn elo ganz frou. Déi éischt Méint ware wierklech sauer, wann ech dat kann esou soen, well ech eigentlech net richteg wousst wat ech misst maachen, wat ech misst wëssen, wat géif op mech duerkommen, wéi ech mech och misst dobaussen, ech soen elo emol, beweegen. An ech mengen, wann s de dech bis awer an den Matièren era schaffs, an ech fänken elo un Ufer ze gesinn, da mierken ech, datt dat ganz flott ass. Et sinn 3 ganz flott Ressorten, déi och aneneen iwwergräifen an ech muss Iech éierlech soen, et mécht mir richteg Spaass.

Carine Rippinger: Dobausse schéngt Dir och gutt unzekommen. Am Tageblatt-Politbarometer am Dezember waart Dir am Osten op Plaz 1. Ass dat eppes wat Iech Courage mécht oder sot Dir einfach, ech ginn näischt op esou Sondagen?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech ginn näischt op esou Sondagen, domat fänken ech elo emol ganz éierlech un, well dat Ganzt ass och wahrscheinlech do doduerch z'erklären, datt ech grad déi Zäit relativ vill Mediepräsenz hat. Ech war do kuerz virdru bei RTL eng Kéier an engem Interview, ech war an der Revue an engem groussen Artikel an och am Télécran. Ech mengen, d'Leit fonctionnéiere ganz vill mat Nimm, dat wësse mir alleguer, an ech denken, datt dat ganz sécher dozou mat bäigedroen huet. Op där anerer Säit soen ech mir awer, et ass ëmmer besser esou, wéi ech wier ganz hannen um Wupp, da muss ech jo net grad elo alles falsch gemaach hunn an deenen éischte 6 Méint.

Carine Rippinger: Dir hutt et elo grad gesot, d'Leit fonctionnéiere ganz vill mat Nimm. Fir Är politesch ambitionéiert fréier Kollegen an der Mediëwelt misst Dir jo eigentlech e gutt Virbild sinn. Huet den Hannergrond bei RTL Radio an Télé eppes mat gudde Wahlresultater ze dinn?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech denke schonn, datt et ganz vill matspillt, einfach well d'Leit ganz vill wielen, si panachéieren, si wiele Mënsche wou si sech vläicht kéinten domatter identifizéieren oder Nimm déi hinnen eppes soen. Ech denke schonn, duerch Radio, duerch Télé, da wëssen d'Leit scho mat wiem si et ze dinn hunn. Si mengen, dech jo ze kennen. Ech denke schonn, datt dat matspillt an datt dat ganz sécher och e Vote beaflosst, jo.

Carine Rippinger: Anerersäits huet et jo bei dëse Wahle bei verschiddene Leit awer net geklappt. Et ass jo net ëmmer dann awer ausschlaggebend, datt een déi [gëtt ënnerbrach]

Françoise Hetto-Gaasch: Et ass elo wahrscheinlech keng Garantie, dat ass sécher. Mä ech mengen awer, datt et trotzdem matspillt.

Carine Rippinger: Komme mir zu deem Sujet deen d'lëtzebuerger Politik am Moment am meeschte beschäftegt, d'Tripartite. Gëschter soutz d'Regierung zu Senneng zesumme fir déi Tripartite ze preparéieren. Wéi ass d'Stëmmung an der Koalitioun?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech muss Iech éierlech soen, mir hunn eigentlech gëschter net d'Tripartite preparéiert. D'Stëmmung an der Koalitioun ass gutt. Mir hu gëschter eis Käpp zesummegestreckt, fir einfach emol eis ze soen, mir mussen d'Äerm eropstrëppen a mir mussen eis alleguer, jiddweree fir sech a sengem Ministère, iwwerleeën, wat mir kënne maache fir Suen ze spueren, respektiv wat mir kënne maache fir nei Ressourcen ze generéieren.

An ech mengen, et ass gëschter am Fong geholl guer net iwwer d'Tripartite rieds gaangen, et ass am Fong geholl méi, vill méi allgemeng iwwer eis aktuell Situatioun, iwwer dat wou wëlle mir hin bis 2014, geschwat ginn, an do muss jiddweree bei sech kucken, a sengem Ministère, wann e seng Budgete kuckt, wou kann ech dann aspueren oder wat kann ech Neies era bréngen, wat eventuell erëm dem Staat Sue bréngt?

Dir musst einfach wëssen, datt mir an enger Situatioun de Moment sinn, wou mir net méi déi Recetten hunn, wéi déi déi mir hate wéi et eisem Land gutt gaangen ass, mä op där anerer Säit lafen eis Dépensen awer am selwechte Mooss weider wéi déi Joere virdrun. Do ass keen Equiliber, an et geet einfach elo drëms fir en Equiliber ze fannen.

Carine Rippinger: Mä ass et net e bësse spéit fir elo emol unzefänken z'iwwerleeë wou da ka gespuert ginn? Dat si jo awer u sech Iwwerleeungen déi schonn eng Zäit laang lafen.

Françoise Hetto-Gaasch: Ech mengen, d'Ministèrë sinn elo amgaangen d'Budgete fir dat nächst Jor ze preparéieren. Ech menge schonn, datt et de richtege Moment ass.

Carine Rippinger: A wéi eng Richtung ginn d'Proposë vun Ärer Partei, vun der CSV, dann, fir dem Staatsdefizit Meeschter ze ginn? U sech huet d'CSV sech do déi lescht Woche relativ bedeckt gehalen?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech kann Iech och elo net am Détail soen a wéi eng Richtung datt mir ginn, well mir einfach schonn esou vill Saachen ugeschwat hunn, mir hu vill Saachen a Fro gestallt an et ass elo net konkret gesot ginn, voilà, dat doten dat sinn déi Mesuren déi mir kënne maachen. Ech muss Iech wierklech soen, ganz éierlech, dat ass nach alles an der Maach an et ass nach alles amgaangen ausgedäitscht ze ginn. Ech fannen, et ass einfach verfréit fir do elo scho Saachen z'avancéieren, déi vläicht dann herno net zréckbehale ginn, just well mir se ugeschwat hunn.

Carine Rippinger: Dat heescht, iwwer konkret nei Steiermesuren ass esou net rieds gaangen dann?

Françoise Hetto-Gaasch: Et ass näischt am Détail am Fong geholl festgehale ginn. All déi verschidde Beräicher hu mir ugeschwat, gesot, voilà, dat kann een a Fro stellen, dat kann een eventuell änneren, mä eppes Konkretes hu mir net zréckbehalen.

Carine Rippinger: Trotzdem, nach eng konkret Fro, den Index, un dee wëlle weder d'Gewerkschaften, nach d'LSAP, déi hu Positioun dozou bezunn. Wéi ass et mat der CSV?

Françoise Hetto-Gaasch: Do hu mir och driwwer geschwat.

Carine Rippinger: OK. E grousst Onwuert, wann ech dat esou kann nennen, vun dëser Legislaturperiod ass "Finanzéierungsvirbehalt". Wéi eng Projete mussen an Ären Ae prioritär realiséiert ginn a wou ka gespuert ginn?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech mengen, et ass falsch fir elo ze soen, wéi eng Projete musse prioritär sinn. Sécher seet all Minister Iech a sengem Beräich, déi do déi mussen onbedéngt gemaach ginn. An do ass et grad, wou ech Iech einfach soen, mir musse jiddwereen iwwerall zréckstellen, och wann et wéi deet.

An ech denken, datt mir an de Schoulen net kënne spueren, wat mir awer sécher musse maachen, bei all eise Projeten, an dat ass awer elo eng perséinlech Meenung vu mir, datt mir einfach eis Projete wéi mir se elo do leien hunn, alleguer mussen op de Leescht huelen a kucken, musse se wierklech esou exekutéiert gi wéi dat elo geplangt ass?

Ech fannen, datt mir hei zu Lëtzebuerg immens deier bauen, immens deier Materialië verschaffen, zum Deel scho luxuriéis Saachen, et ass ni schéi genuch. A wann een dann an d'Ausland geet, ech huelen elo ee Beispill, Finnland, déi Zäit wéi ech Deputéiert war, ware mir déi finnesch Schoule kucken, déi jo Modellcharakter hunn, vun deem wat virun allem draus eraus kënnt, an do hues du ganz gutt gemierkt, datt déi Leit wiesentlech méi dofir suergen, datt dat wat dra geschitt, datt doranner Sue gepompelt ginn, wéi an d'Rumm déi mir setzen. A menger Meenung no sollte mir an Zukunft, ech soen elo, méi bëlleg bauen an eis da Sue behale fir mat adequaten an dichtege Leit a genuch Leit, virun allem, ze schaffen, déi déi richteg Formatiounen hunn. Ech mengen, do erreeche mir méi.

Allgemeng géing ech mengen, misste mir ons Bauteprojeten alleguer op de Leescht huelen a kucken, wat kënne mir dorunner nach ewechloossen, respektiv wat muss wierklech iwwerhaapt net sinn. Do kann ee ganz vill spueren.

Mä fir op Är Fro ze äntwerten, ech mengen net, datt een nëmmen elo kann eleng soen, wat ass prioritär. Et muss een iwwerall e bësse stutze goen, et muss een iwwerall kucken, wat hu mir bis elo higeholl. Fir d'Leit dobausse si Saachen, Recetten och zum Deel, déi d'Leit kréien, där si sech emol vläicht net bewosst sinn. An ech mengen, do muss een einfach, an dat ass och deen Exercice dee mir gëschter probéiert hunn ze maachen, emol eng Kéier alles a Fro stellen a soen, brauche mir dat nach? Muss dat esou weider wuesse wéi d'Leit, a jiddwereen hei zu Lëtzebuerg dat gewinnt sinn?

Carine Rippinger: Wat mengt Dir konkret domat, Recetten déi d'Leit kréien?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech soen elo ee Beispill, awer ouni elo ze soen, datt dann dorunner gefréckelt gëtt. Wann ee seet, Dir kritt Primen, Dir kritt zum Beispill eng Bauprime. Ech soen Iech elo e Beispill: et kritt een eng Bonification d'intérêts, dat si Saache wou ee sech muss d'Fro stellen, déi kriss du anscheinend och, wann s du net onbedéngt baus, wann s du e Prêt ophëlls an och net onbedéngt baus. Dat muss ee vläicht emol all déi Saachen a Fro stellen. Bréngt dat an deem Sënn eppes? Wann d'Leit och net dat notzen dofir, da fannen ech, da sollt een dat op der Säit loossen.

Carine Rippinger: D'Investissementer sollen prinzipiell elo emol nach dëst Jor op engem héijen Niveau gehale gi fir d'Betriber z'ënnerstëtzen, ob dat da weider esou ass, dat mussen ebe just de Staatsbudget an d'Méiglechkeete vum Staatsbudget weisen. Verstitt Dir an deem Kontext dem Patronat seng Angscht, datt fréier oder spéider dann awer un der Spuerschrauw gedréint gëtt?

Françoise Hetto-Gaasch: Jo, ech versti si ganz gutt. Ech mengen, et ass jo och gesot ginn, datt d'Investissementer sollen héich gehale ginn, fir ebe just och dofir ze suergen, datt d'Leit weiderhin hir Aarbecht hunn. Ech denken elo emol haaptsächlech un d'Kleng- an d'Mëttelbetriber, dat sinn 150.000 Aarbechtsplazen, dat ass net näischt an ech mengen, datt et vun dohier extrem wichteg ass, datt dee ganze Secteur vum Bauen, datt dee mat Aarbecht gefiddert gëtt, ganz kloer. Do hu mir och als Staat eng Responsabilitéit.

Carine Rippinger: Just fir nach eng Kéier drop zréckzekommen, datt elo eben all Ministère iwwerleet, wou ka gespuert ginn: hutt Dir Iech do en Délai gesat, wéini soll deen Denkprozess ofgeschloss sinn?

Françoise Hetto-Gaasch: Wann ech den Här Juncker elo gëschter richteg verstanen hunn, da wäerte mir den nächste Freideg schonn, an deem nächste Regierungsrot, doriwwer schwätzen.

Carine Rippinger: Do musst Dir da mat konkrete Proposë kommen.

Eng lescht Fro zur Tripartite, de Jean-Claude Juncker widderhëllt ëmmer erëm, datt dat keng einfach Tâche gëtt, besonnesch well d'Positioune vun de Sozialpartner esou wäit ausernee leien. Wéi stinn an Ären Aen d'Chancen, datt sech awer Kompromësser fanne loossen?

Françoise Hetto-Gaasch: Wann een net mat Chancë rechent, da brauch een net unzefänken. Ech hoffen, datt jiddweree capabel ass Waasser a säi Wäin ze schëdden an datt och jiddwereen agesäit a wéi eng Richtung datt et muss goen.

Carine Rippinger: Wie muss dann do méi op wien duergoen? Ass et méi d'Gewerkschaften, ass et méi d'Patronat?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech war nach ni bei esou enger Tripartitesverhandlung dobäi an ech muss Iech éierlech soen, ech weess et net. Ech weess och net wéi déi eng Fuerderungen ausgesinn, wéi déi aner Fuerderungen ausgesinn. Ech mengen einfach, datt mir mat gesondem Mënscheverstand dat Ganzt mussen upaken, am Sënn vum Land, an datt mir dann och an deem Sënn da weider kommen.

Carine Rippinger: E weideren, vill diskutéierte Sujet ass déi geplangten Delokalisatioun vun der Dikrecher Brauerei. Ass et do wierklech un der Regierung fir anzegräifen? Eng Brauerei ass jo eppes Aneschters wéi eng systemesch Bank, zum Beispill.

Françoise Hetto-Gaasch: Ech denke schonn, datt et och un enger Regierung ass fir anzegräifen, well et och hei ëm Aarbechtsplaze geet, et geet ëm Mënschen.

Ech muss Iech éierlech soen, den Här Krecké an den Här Juncker, an ech mengen och den Här Schmit, si sinn de Moment amgaangen ze kucke wéi si dat Ganzt elo kënnen zum Positiven dréinen. Ech wëll och do net an hiren Domaine agräifen, mä ech fannen et schonn och wichteg, datt ee weist, voilà, mir stinn zu eise Betriber, et ass e Stéck Lëtzebuerg. Also dach, ech menge schonn, mir hunn och de Banke gehollef, fir wat hu mir de Banke gehollef? Och do hänken onheemlech Aarbechtsplaze mat drun an ech denken, et ass am Fong geholl an deem Sënn, datt dee ganzen Engagement vu Säite vun de Politiker och kënnt. Mir kënnen eis et net erlabe muer zëgdausende Leit op der Strooss ze hunn.

Carine Rippinger: Bei aneren Entreprisen ass awer keen esou e groussen Asaz gewise ginn, wa mir Villeroy & Boch kucken, wa mir Victor Buck kucken. Do ass d'Politik jo awer net agesprongen.

Françoise Hetto-Gaasch: Ech weess net wat fir eng Verhandlungen datt do gelaf si vu Säite vun der Politik. Mir deet et ëmmer perséinlech Leed, wann ech déi Leit gesinn, och wann dann owes op der Télévisioun dat gewise gëtt, wann s du gesäis einfach wéi vill Schicksaler datt dorunner hänken a wéi vill Familljen dann elo vun haut op muer an enger ganz prekärer Situatioun sinn. Ech denken, datt een einfach sollt, wann et méiglech ass, wann ee Moyenen huet, als Politiker do agräifen. Ech weess net, inwiefern datt dat geschitt ass bei deenen dote Firmen. Ech kann Iech dat net soen.

Carine Rippinger: Komme mir zu Ärem éischte Ressort, de Mëttelstand. Dir hutt dee Ressort, grad wéi den Tourismus, vum Fernand Boden geierwt. De Mëttelstand war mam Fernand Boden net ëmmer ganz zefridden, dat ass kee Geheimnis. Laaschten dofir vläicht grad elo an der Kris nach méi grouss Erwaardungen op Iech?

Françoise Hetto-Gaasch: Et ass ëmmer esou, wann een als Neien era kënnt, mengen ech emol, gëtt ëmmer eppes vun dir erwaart. Et gëtt ëmmer iergend wéi erwaart, datt dann och eppes Aneschtes geschitt, datt vläicht an eng aner Richtung gaange gëtt.

Ganz sécher laaschten Erwaardungen op mir. An ech muss soen, datt de Mëttelstand mir och richteg um Häerz läit. Wann ech do kucke wéi vill Aarbechtsplaze mir do hunn, ech hunn Iech dat virdru gesot, dat sinn ëm 40% vum Emploi national, déi déi ganzen Zäiten och d'Staang riicht gehalen hunn, déi och, muss ech soen, à part vu verschiddenen Entreprisë bis elo an der Kris et awer eenegermoosse gutt gepackt hunn – Jo, si erwaarden eppes vu mir an ech mengen, datt mäi grousse Virdeel par rapport zum Här Boden ass, datt ech méi Zäit hunn, mech ëm si ze këmmeren, wann ech dat elo emol kann esou soen.

Dir musst wëssen, den Här Boden hat nieft de Classes moyennes an dem Tourismus, d'Agrikultur virdrun dobäi, wat e gewaltegen Dossier war, an de Logement. A vun dohier kann ech am Fong geholl soen, sinn ech elo verwinnt, well ech elo just déi hei 3 Ressorten hunn an domatter vill méi Zäit fir mech och domatter ze beschäftegen.

Carine Rippinger: Dir hutt elo grad gesot, de Mëttelstandsbetriber geet et nach eenegermoosse gutt an der Kris. De Bau zum Beispill dee leid jo awer ganz besonnesch. D'Zuel vun de Failliten an deem Secteur soll d'lescht Jor ëm 35% geklomme sinn, dat seet eng nei Étude. Kann een deene Betriber iwwer de Konjunkturpak eraus ënner d'Äerm gräifen?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech denken, mir mussen einfach carrément ufänken elo mat grouss Projete lancéieren, datt de Bau ze schaffe kritt, dat ass kloer. 35%, ech weess net wou Dir dee Chiffer elo do hier hutt, bis elo hu si net an deem Sënn bei eis geklot. Mir hu regelméisseg och Rendezvous mat deene Leit vun de Chambres professionelles, an deem do Fall d'Chambre des métiers, mä vu 35% ass awer do net rieds gaangen. Et ass sécher, datt déi Leit do och drop waarden, datt de Staat grouss Chantieren entaméiert an do hänkt esou vill mat drun. Ech mengen, vun dohir schonn, awer ech denken net, datt et awer elo esou dramatesch fir de Bau ausgesäit, wéi Dir dat elo duerstellt.

Carine Rippinger: Ass déi esou genannte "gréng Revolutioun", ass dat eng Chance? Ass de Bausecteur prett fir an Zukunft méi energiespuerend ze bauen?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech denke schonn. Et ass jo och dee Wee dee mir sollte goen an ech mengen, datt eng ganz Partie Entreprisë sech och doropper agestallt hunn an och innovéieren, och an deem wat si vu Servicer ubidden. Mir zum Beispill als Classes moyennes favoriséieren dat jo och. Do gëtt et bei eis jo och scho speziell Subsidë wann ee mat ëmweltfrëndlechen Technologien operéiert. Also, ech denke schonn, datt eis Firmë prett sinn.

Carine Rippinger: An deenen 10 leschte Joer huet de Mëttelstand 40.000 nei Aarbechtsplaze crééiert. Ass et domat fir de Moment eriwwer, oder ass do nach eng Méiglechkeet, datt trotzdem de Secteur weider wiisst?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech denke schonn, datt de Secteur weider wiisst. Mir hunn 900 Dossieren am Jor, vum Droit d'établissement, dat heescht, et sinn nach ëmmer Leit do déi Loscht hu sech selbstänneg ze maachen a Betriber ze grënnen. De Moment geet et esouguer vläicht e bëssen drëm fir nei Nischen z'entdecken, wou d'Zukunft dran ass. Ech mengen, datt mir vläicht net an deem doten Tempo kënne weider fueren, mä sécher wäert et awer kee Réckgang ginn.

Carine Rippinger: Dir schwätzt vun neien Nischen, d'Ëmwelttechnologien ass wahrscheinlech eng. Wat sinn aner nei Nischen déi sech dann do opdinn?

Françoise Hetto-Gaasch: Zum Beispill hate mir elo wéini um Büro eng Demande vun engem Mann dee sech wollt selbstänneg maachen, esou e bësse Genre "Homme à tout faire". An där gëtt et der eigentlech nach net esou ganz vill. Ech hunn direkt geduecht, dat doten ass eppes wat sécher Zukunft huet, well mir dat brauchen, déi Klengegkeeten doheem. Ech hunn elo ee Beispill genannt, mä där Saache gëtt et wahrscheinlech nach ganz vill, och an deem ganze Volet Recherche et Développement. Do ginn et och bei eis speziell Ënnerstëtzungen, speziell Aiden. Ech mengen, datt vill méi op esou Saachen och muss viséiert ginn, och ebe just, wéi Dir gesot hutt, am Hibléck op Ëmwelttechnologien.

Carine Rippinger: Dat heescht, trotz Kris fannt Dir, datt den Entrepreneursgeescht awer nach ëmmer do ass. Also Initiativë wéi "Trau dech", déi gräifen?

Françoise Hetto-Gaasch: Jo, jo, déi gräifen. Wat mir besonnesch gutt gefält, dat sinn déi Initiativë Mini-Entreprisen déi si an de Schoule maachen, wou si am Fong geholl den Entreprenariatsgeescht vun de Kanner e bësse këddelen, fir hinnen och ze weisen, dat ass flott wann een esou eppes op d'Bee stellt, wann een e Projet huet, et setzt een en herno ëm; et gesäit ee wat een alles muss do mat era bréngen, eben esou e Betrib kënne geréieren, mat Leit kënnen eens ginn. Ech mengen, datt dat ganz flott ass an datt dat nach vill méi sollt an der Schoul gefördert ginn.

Ech si souwisou der Meenung, datt mir an eise Schoule vill méi Reklamm och sollte maache fir d'Handwierk, wou ech bedaueren, datt nach ëmmer esou vill Elteren dat als mannerwäerteg ukucken. Ech géif mir wierklech wënschen, datt mir ganz vill dichteg Handwierker géifen ausbilden, well mir brauchen der hei zu Lëtzebuerg. Da brauche mir der net esou vill an d'Ausland sichen ze goen.

Carine Rippinger: An et sinn och vill Léierplazen do.

Françoise Hetto-Gaasch: Et sinn immens vill Léierplazen op, an d'Patronen déi freeë sech driwwer fir se auszebilden.

Et ass einfach eng falsch Astellung, datt d'Handwierk net déi Reconnaissance dobausse bei de Leit huet déi et verdéngt. Fir mech ass et eng nobel Aufgab, wann een et fäerdeg bréngt aus engem Stéck Holz e Miwwel hierzestellen. An ech fannen et ass kreativ, du kanns herno däin eegene Betrib opmaachen, du weess fir wien datt s du schaffs.

An deem Kontext wollt ech iwweregens soen – dat ass eppes wat mir och um Häerz läit – datt ech mech doropper freeën, wa mir elo d'Reform maache vum Droit d'établissement, well mir do och jonke Leit, oder manner jonke Leit, de Wee méi einfach maache fir sech selbstänneg ze maachen.

Fir zréckzekommen op d'Handwierk, géif ech wierklech e waarmen Appel dobaussen un d'Leit maachen, sech emol einfach unzekucke wéi villsäiteg datt d'Handwierk ass a wéi schéin a wéi kreativ. Ech muss Iech soen, wann ech d'Zuele kucken, och wou den Här Schmit eis presentéiert huet, mir hunn de Moment ganz vill jonk Leit fir déi mir keng Plaz fannen, déi zum Beispill just nëmmen eng Première hunn oder déi zum Beispill Commerce gemaach hunn, an awer sech net weidergebild hunn. Mir hunn awer weider keng Handwierker am Chômage, dat muss ech Iech emol eng Kéier soen. Dat heescht, do sinn awer nach ëmmer Débouchéën an dat muss een och de Leit dobausse mol eng Kéier soen. Et war jo eng Zäit den Trend, do gitt Dir mir sécher Recht, datt jiddweree wollt op eng Bank goen. Op der Bank hues de gutt verdéngt – et ass och den Trend fir bei de Staat an d'Gemengen ze goen [gëtt ënnerbrach]

Carine Rippinger: Ech wollt dat elo just soen.

Françoise Hetto-Gaasch: Mä och bei d'Banken, an ech mengen, datt déi Kris eis do vläicht an deem Sënn virunhëlleft, well si eis ze bedenke gëtt, datt d'Bank net onbedéngt dee Secteur ass wou ee muss hin, mä datt ee vläicht erëm soll méi mat de Féiss op de Buedem kommen a soen, ech maachen en Handwierk, do gëtt et nach Aarbechtsplazen. Déi Leit déi sinn net am Chômage, déi kënne mat hiren 2 Hänn schaffen.

Carine Rippinger: Eng Kritik déi de Mëttelstand ëmmer erëm formuléiert, dat sinn déi administrativ Hürden. Wéini gëtt endlech eppes aus der administrativer Vereinfachung? Dat ass jo en Dossier deen de Jean-Claude Juncker zur Chefsaach gemaach huet.

Françoise Hetto-Gaasch: Da musst Dir hien dat och froen. Ech weess et net, ech weess, datt mir bei eis am Haus amgaange si mat engem neie System méi séier ze schaffen, wéinst den Dossieren déi elo sollen iwwer den informatesche System lafen – wat awer nach net 100%eg fonctionnéiert. Dat ass emol ee Volet. Mä fir déi aner Saachen, mengen ech, do sollt Dir de Chef da selwer froen.

Carine Rippinger: Dat heescht, dat läit guer net an Ärer Hand méi wann et Chefsaach ass?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech mengen, all Ministère muss jo bei sech fir d'éischt emol kucken, wat kann hie verbesseren. A fir de Rescht mengen ech wierklech, sollt Dir den Här Juncker froe wéi hien dat wëll upaken.

Carine Rippinger: An der Rei. Am Regierungsprogramm gëtt sech kloer ausgeschwat fir eng Verlängerung vun den Ëffnungszäite vun de Geschäfter. Entsprieche Butteker déi Samschdes bis 8 Auer owes ophu wierklech och engem Besoin vum Client?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech hu mat esou ville Leit geschwat, esouwuel Consommateurë wéi och ebe Leit déi Geschäfter hunn, an ech denke schonn, datt eng ganz Partie Leit owes ganz gäre géife méi laang akafe goen. Mir schwätze jo vu samschdes owes, gell.

Op där anerer Säit soen ech mir awer och, de Moment kéinte si schonn all Dag bis 8 Auer op hunn, ass awer net. Duerch déi aktuell Gesetzgebung wéi mir et hunn, kéinten d'Geschäfter all Dag bis owes 8 Auer ophunn. Et ass eng Saach vu Kompetitivitéit. Ech soen Iech et ganz éierlech, wann Dir an d'Belsch oder a Frankräich Samschdes owes gitt, do si grouss Surfacen, do sti schrecklech vill lëtzebuerger Autoen nach bis owes 10 Auer. An ech denken, et ass éischter an deem Sënn geduecht, datt mir eis mussen opmaachen, fir datt d'Leit hei am Land consomméieren an hei d'Suen ausginn an net déi Säit der Grenz.

Carine Rippinger: Mä anerersäits, wann een hei d'Stad kuckt, ass owes no 6 Auer näischt méi lass. Läit dat dann dorunner, datt d'Butteker zou sinn? Géif dat sech wierklech ännere wann déi nach op wieren?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech ka mir zum Beispill virstellen, et ass elo esou, dat hunn d'Geschäftsleit mir emol esou erkläert, datt de Moment samschdes owes um 4 Auer ass net méi vill lass, well si dann anscheinend nach an déi grouss Surfacë fueren, op der grénger Wiss, fir dann eben do de Rescht Kommissiounen ze maachen, vun der Alimentatioun. Si denke sech och, datt wann d'Geschäfter bis 8 Auer opbleiwen, datt d'Leit da wéinstens bis 6 vläicht an der Stad bleiwen, an dann duerno eréischt an d'Grandes surfaces ginn.

Dat mag alles sinn. Ech denken, datt een et sollt probéieren, dat et der Wäert ass fir et ze probéieren, a wann net net de Succès huet, da muss een och herno kënne soen, et huet net dat bruecht wat mir eis erwaart hunn. Ech sinn awer och der Meenung, datt mir sollten alles maachen, fir datt d'Leit hei bei eis am Land consomméieren an net am Ausland.

Carine Rippinger: D'Gewerkschafte wieren alles anescht wéi frou wann d'Geschäfter méi laang op hätten. Si verlaangen, datt op alle Fall un eng Evaluatioun vun den Aarbechtsconditiounen déi ganz Saach geknäppt gëtt. Concertéiert Dir Iech do mam Aarbechtsminister driwwer? Wou läit de Projet?

Françoise Hetto-Gaasch: Déi ganz Diskussioun iwwer d'Aarbechtszäite samschdes owes gëtt jo gemaach zesumme mat de Sozialpartner a ganz sécher och mam Aarbechtsminister zesummen. Ech mengen, dat Ganzt muss ëmmer am Aklang si mam Aarbechtsrecht. Do komme mir iwwerhaapt net dolaanscht. Mir musse kucken. Ech wëll elo net soen, mir briechen do eppes iwwer de Knéi. Ech mengen, d'Gewerkschafte mussen dat och vun deem doten, vum ekonomesche Standpunkt aus kucken, datt et net ass aus Blödsinn wou dat dote soll gemaach ginn. Et steet am Regierungsprogramm a mir mussen einfach eis Käpp zesummestrecken a kucke fir dat Bescht draus ze maachen.

Carine Rippinger: Mä datt d'Employéen net onbedéngt frou si fir méi laang mussen ze schaffen an Ofstrécher ze maachen am Familljeliewen, dat ass jo awer och verständlech.

Françoise Hetto-Gaasch: Kuckt, Dir sot dat esou. Ech sinn der Meenung, datt ee sécher bei sech am Betrib ëmmer Leit huet, déi och bereet sinn esou ze schaffen. Ech hunn zum Beispill, wéi meng Kanner ganz kleng waren, dacks d'Weekender gemaach – ech war Chef de groupe deemools an deem Foyer – an dat huet mech gutt arrangéiert, well da war mäi Mann doheem an an der Woch hat ech am Fong geholl Zäit fir meng Kanner.

Et hänkt, mengen ech, e bëssen dovunner of wéi d'Familljekonstellatioune sinn; et hänkt ganz sécher dovunner of wéi déi Leit schaffen, wéi déi Coupuren ausgesinn dotëscht, déi fräi Raim déi si kréien, wéi et mat de fräien Deeg ausgesäit. Ech mengen, et muss mat de Leit geschwat ginn, et muss gekuckt ginn, wéi kënne mir dat dote fonctionnéieren doen.

Schwéier gëtt et, an dat weess ech, dat sinn ech mir voll bewosst, fir déi kleng Betriber, déi kleng Geschäfter, déi Familljebetriber wou just de Mann an d'Fra eventuell mat nach engem Personal fueren; fir déi ronderëm d'Auer dréinen ze loossen, dat weess ech, datt dat eng ganzt uerg Geschicht ass.

Carine Rippinger: Domat si mir an der Halschent vun der Emissioun "Riicht eraus" ukomm. D'Ministesch fir Tourismus, de Mëttelstand an d'Chancëgläichheet Françoise Hetto ass awer nach bis 1 live bei eis am Studio.

[Noriichteniwwerbléck vum Mick Entringer]

Mir bleiwe beim Thema Schaffen a Famill, awer am Kontext vun der Chancëgläichheet. Chiffren aus dem Jor 2007 no läit de Prozentsaz vu Fraen déi hei am Land schaffe bei 55%. Rechent een do awer d’Deelzäitaarbecht an, da läit d’Quot vun der Vollzäitbeschäftegung bei de Frae just bei knapp 45%. Kënnt Dir als Chancëgläichheetsministesch domat zefridde sinn?

Françoise Hetto-Gaasch: De Wonsch wier jo, datt mir méi Frae géifen op den Aarbechtsmaart kréien, ganz kloer. Et ass awer bei ville Fraen och e Choix, dat muss een och soen. Et ass net jiddwereen deen och wëll schaffe goen, et sinn och vill Fraen déi de Choix maachen, déi wëlle sech intensiv em hir Kanner këmmeren. Vill Frae si bei wäitem méi betraff vum Chômage wéi d’Männer. Et ass méi en héije Prozentsaz, zum Deel och wahrscheinlech wéinst der Qualifikatioun.

Dat Wichtegst fir mech ass, datt d’Fraen herno, wa se am Pensiounsalter sinn, eng Pensioun hunn. An dat ass ebe leider de Problem dee mir hunn, och mat der Deelzäitaarbecht. Dir kritt jo och keng Vollpensioun wann dir ëmmer nëmme Mi-temps geschafft hutt. Dat mécht mir Suergen, datt mir riskéieren bei verschiddene Fraen, datt déi an d’Aarmutt ofrëtschen. Do musse mir nach ganz, ganz vill Opklärungsaarbecht maachen.

Ech géif mir wënschen, datt mir et géingen hikréien, oder datt et och finanziell machbar wier, datt déi Koppelen, zum Beispill, wou d’Fra net schafft, déi décidéiert doheem ze bleiwen – dat ass jo dacks och e Choix vun der Koppel – datt de Mann elo seet, ma okay, da komm ech iwwerhuelen deng Cotisatiounen, datt een einfach eng Fortzahlung vun deene Cotisatiounen do erreecht. Well ech hunn dat elo gesinn, ech hu mat ville Leit och geschwat, déi sech do auskennen, an déi mir soen, de Problem ass eben, datt d’Fraen déi 40 Joer net vollstänneg cotiséierten.

An dofir géif ech mir wënschen, wann et nëmme méiglech wier, datt eben d’Männer géifen – d’Männer oder d’Fraen, et si jo och vläicht Fraen déi schaffe ginn an de Mann bleift doheem, ech kennen där Fäll och – datt einfach déi géifen déi Cotisatiounë fir hire Partner mat iwwerhuelen. Dt ass awer net ëmmer méiglech, well ebe vläicht deen een oder aneren eben net esou vill verdéngt.

Carine Rippinger: Dir hutt vun Opklärungsaarbecht geschwat. Wat gëtt soss nach vun der Politik ënnerholl fir Fraen trotzdem méi z’encouragéieren dann op den Aarbechtsmarché ze goen?

Françoise Hetto-Gaasch: Et ass jo vill eng Saach och vu Conciliatioun vu Vie professionnelle a Vie familiale. Ech mengen, datt mir do vun eisem Ministère ganz vill kënne maachen duerch déi Action positive, mat de Betriber zesummen. Mir hunn an deem Kontext elo Enn Februar eng grouss Versammlung mat Patronen aus deene verschiddene Sparten. Et si bal 70 Betriber, déi mir convoquéiert hunn.

Et ass esouwuel aus dem Secteur Commerce, wéi Gastronomie, Industrie, Assurance a Banken, wou mir deenen ebe proposéiere mat eis Action positive ze maachen. Dat heescht, wa si sech bereet erklären, da gëtt ganz kloer gekuckt, esou wéi ech dat och dës Woch um Radio hei bei Iech erkläert hunn, wat kënne se maache fir hir Égalité des chances an hirem Betrib besser ofzesécheren.

An do ass ee Volet drënner, zum Beispill, wéi kann ech meng Aarbechtszäit gestalten, datt d’Frae besser kënnen hiert Familljeliewe mat hirem Beruffsliewe vereinbaren. Do gesinn ech als Ministère eng Chance, datt mir d’Betriber och mat op de Wee kréien, an déi do Richtung ze goen. Well et sinn nach ëmmer ganz vill Betriber, déi ganz rigid Aarbechtszäiten hunn, an anerer déi zum Deel op Téléaarbecht zréckgräifen, wou dat geet. Et geet net iwwerall, mä do wou et awer machbar ass, wa mir et schonn do géifen erreechen, dat wier net schlecht.

Carine Rippinger: Dat heescht, Dir spiert awer do eng Bereetschaft fir dat ze maachen, soss géifen déi Betriber jo och net an déi Réunioun kommen, wa se keng Loscht hätten op dee Wee ze goen?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech wënsche mir, datt se alleguer kommen. Wéi gesot, mir hunn der 70, oder 68, ugeschriwwen, an ech wënsche mir elo emol einfach esou aus dem Bauch eraus, datt emol wéinstens d’Halschent do ass, an datt mir vun där Halschent dann nach eng Kéier d’Halschent och iwwerzeegt kréien, eng Action positive ze maachen. An dann ass dat Ganzt eng Saach vun ëmmer erëm, an ëmmer erëm, an ëmmer erëm ukuerbelen an d’Leit motivéieren a sensibiliséieren. Wann ech elo net géing dru gleewen, da kéint ech jo apaken, gell.

Carine Rippinger: Besonnesch op de Chefétagë sinn d’Fraen och nach ëmmer eng Raritéit. Wat gëtt do ënnerholl, fir dat ze änneren?

Françoise Hetto-Gaasch: Dat fält och do drënner, ebe fir ze kucken, wéi kréien ech d’Leit op Décisiounsposten? Wann ech rekrutéieren, oder wann ech promovéieren, kucken ech do no Geschlecht, oder kucken ech no Kompetenz? Fir mech ass et kloer, datt ee soll no Kopetenzë kucken. A wann een elo, zum Beispill, gesäit, ech hu méi Männer, vläicht dann déi nächste Kéier soen, okay, wann ech dann eng Fra hunn, déi a gläicher Kompetenz mat engem Mann ass, da géif ech der Fra de Virzuch ginn, fir dann déi dee Moment ze engagéiere fir e gewëssenen Équiliber eben an deenen, wéi Dir sot, Chefétagen ze kréien.

Carine Rippinger: Am Frankräich gëtt elo eng Quoteregel ebe just grad agefouert, fir grouss Entreprisen. Dat heescht, si mussen e gewëssene Prozentsaz u Fraen an héije Positiounen hunn, soss riskéiere se Sanctiounen. Dat ass dann eppes, wou vun Dir net vill halt, wahrscheinlech?

Françoise Hetto-Gaasch: Neen, well ech awer der Meenung sinn, datt een awer ëmmer soll no Kompetenze kucken. An et kann net sinn, datt een een dohinner setzt, deen awer net den Know-how och mat sech bréngt. Also, neen, do mengen ech, da si mir net um richtege Wee, dann hu mir eppes erzwongen, wat awer vläicht dann herno als e Schoss no hanne lass geet.

Carine Rippinger: E weidere grousse Problem ass och nach ëmmer deen, datt d’Fraë fir déi selwecht Aarbecht net dat selwecht verdéngen. Dat ass och Iech en Uleies, hutt Dir scho méi dacks gesot. 11% bis 14% manner Loun sinn et am Duerchschnëtt. Wéi ass dat nach ëmmer méiglech?

Françoise Hetto-Gaasch: Et hänkt e bëssen dovun of, wou et ass. Déi Betriber, wou ech elo weess, wou et manifestement de Fall ass, dat ass an Entreprises de nettoyage, wou dat virkënnt, wou da mat Argumenter gehandelt gëtt, d’Fra mécht vläicht och net esou risikoräich Aarbechten, si muss net op grousse Leedere bausse ronderëm turne fir d’Fënsteren ze botzen.

Also, fir mech ass dat keen Argument. Een deen op sengem Kontrakt stoen huet, ech si Botzmann oder Botzfra, dee muss einfach dee selwechte Salaire kréien. Do gëtt et fir mech kee Pardon. A mir wäerten och alles do dru setzen, fir déi do Saachen an de Grëff ze kréien.

Carine Rippinger: Kann een dat gesetzlech verankeren?

Françoise Hetto-Gaasch: Mir hunn e Centre d’égalité de traitement. Ech hoffen, an ech wënschen, an ech maachen op dëser Plaz e waarmen Appel un d’Leit dobaussen, wa se an der Situatioun sinn, datt se op Grond vun hirer Rass, vun hirem Alter oder vun hirem Geschlecht, oder wat hunn ech elo nach vergiess, d’Gefill hunn, datt se ongerecht behandelt ginn, oder ongerecht bezuelt ginn, da solle se sech op alle Fall dohinner wenden. Dee Centre ass extra dofir geschaf ginn. Mir kréien duerno déi Donnéen era vun hinnen, a mir kënnen dat weider ginn un d’ITM, an da kann dat Poursuitë kréien. Awer op alle Fall dat net einfach hinhuelen.

Et ass natierlech elo eng Zäit, an dat ass dat wat ech och traureg fannen, wou d’Leit fäerten hir Aarbecht ze verléieren, a vläicht dann och net de Courage hunn, ze rouspetéieren, och well se sech einfach soen, komm schléck, huel dat do elo hin, du hues awer eng Aarbechtsplaz. An ech hoffen, datt elo net an deem Sënn och dovunner profitéiert gëtt.

Carine Rippinger: E weidere grousse Problem, nach een um Aarbechtsmarché, dat ass d’Saach mam Alter. Wat ee méi al gëtt, wat et méi schwiereg gëtt eng Plaz ze fannen. Do maacht Dir Campagnen. Doriwwer eraus, wat kann do ënnerholl ginn? Ass dat erëm e Fall fir de Centre pour l’égalité de traitement?

Françoise Hetto-Gaasch: Et ass virun allem e Fall fir eis Mentalitéit hei zu Lëtzebuerg. Et kann net sinn, datt Leit vu 50 Joer, déi hiert Brout bis dohinner verdéngt hunn, wahrscheinlech och eng gutt Pai hunn, op eemol um Aarbechtsmaart net méi gefrot sinn. Déi Leit bréngen esou en enorme Bagage un Erfahrunge mat sech, datt ech fannen, datt et net ka sinn, datt een déi net méi astellt, well ee vläicht zwee Jonker ka fir een Eeleren astellen. Dat si fir mech Ongerechtegkeeten, an et si Feeler an den Iwwerleeunge vun den Entreprisen, vun de Banken, wien och ëmmer, well se einfach verzichten op en Know-how.

Zum Beispill, mir maachen elo mat der Chambre de commerce zesumme Business mentoring, och am Februar ass dat. Do geet et grad ebe just drëm, datt een eeler Leit, Entrepreneuren, soen ech elo emol, datt een déi motivéiert fir Jonker bei der Hand ze huelen an déi eng Zäitchen ze begleede wa se hire Business opbauen.

Ech mengen, dat eleng weist, datt mir mussen op den Know-how zréckgräife vu Leit, déi e gewëssenen Alter hunn. An ech géif et schued fanne wa mir dat géifen négligéieren, dat Potenzial wat mir do hunn. Et muss een einfach och dobaussen do driwwer schwätzen.

Carine Rippinger: Komme mir vum Aarbechtsmarché bei d’Politik. Dir sidd an der Regierung eng vu 4 Frae par rapport zu 11 Männer. An der Chamber si just 20% vun den Deputéierte Fraen. Sinn d’Fraen einfach net esou vill u Politik interesséiert wéi d’Männer, oder hu se keng Chance fir Fouss ze faassen an eppes, wat awer nach e Männerdomaine ass?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech géing soen, vläicht net genuch interesséiert. Si iwwerloossen deen Domaine vläicht ze vill de Männer.

An dann ass et awer och ganz sécher eng Saach vu sech et net zoutrauen. Ech mierken dat ëmmer erëm, wann ech mat jonke Frae schwätze fir se z’encouragéiere sech ze engagéieren an der Politik. Dat muss net ëmmer bei eis an der Partei sinn. Ech fannen, wann ee sech wëll wierklech engagéieren, da soll en dat an där Partei maache wou en denkt, domat kann ech mech identifizéieren. Also, dat wier elo emol ganz kloer.

Mä do mierken ech einfach, datt immens vill Fraen zécken, datt se sech dat net zoutrauen. Si mengen, si géifen dat net fäerdeg bréngen. An do kann ech just soen, wann ee sech Zäit hëllt dofir, an et interesséiert ee sech richteg dofir, da kann een dat maachen. Da brauch een net ze mengen, datt d’Männer dat besser maachen.

Ech sinn och der Meenung, datt et wichteg ass, datt mir eng Mixitéit an all eis Gremië kréien, ob dat um Gemengenniveau ass oder och um nationalen Niveau, well einfach Fraen en anere Point de vue hunn, aner Prioritéite setzen an u Saachen denke wou, ech soen dat elo wierklech, wou d’Männer emol net dru geduecht hunn. An dat ass guer net am béise Sënn gemengt, mä vläicht einfach se drop opmierksam maachen. Vun dohier mengen ech ass et einfach wichteg, datt mir eng gesond Mixitéit an all deene politesche Gremië kréien.

Carine Rippinger: Ech ginn elo emol dovun aus, datt Dir fannt, datt dat ebe muss vun de Fraen ausgoen. Den Nationale Fraerot verlaangt paritéitesch Lëschte fir déi nächst Wahlen an eng gläichméisseg Besetzung vun der Regierung. Dat ass erëm esou wéi mir virdru vum Aarbechtsmarché geschwat hunn, d’Saach vun de Quoten an de Kompetenzen, huelen ech un?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech fannen, datt et wéineg Sënn mécht fir Leit ze forcéiere mat op eng Lëscht ze goen, wa se net vu bannen aus, vu sech aus iwwerzeegt sinn. An, ech soen elo emol, de Fall gesat, wa se gewielt ginn, och wierklech gewëllt sinn dann eppes ze beweegen a sech richteg ze engagéieren.

Vun dohier mengen ech, musse mir méi dru schaffe fir Fraen ze motivéieren, ze begeeschteren, iwwerhaapt emol fir Politik ze begeeschteren, fir ze weisen, Politik ka ganz flott sinn, dat ass net nëmmen eppes Dréchenes. Ech soen Iech ganz éierlech, wann Dir mech virun 30 Joer gefrot hätt, wat méchs Du an dengem Liewen ni, dann hätt ech Iech direkt gesot Politik. Well et mech an deem Alter och net interesséiert huet. Vläicht awer och, well een ëmmer esou e Bild hat, dat leeft souwisou, dat sinn ëmmer nëmmen Diskussiounen, déi op engem gewëssenen Niveau oflafen. An och net gesinn huet, wat ee selwer awer kéint do mat dru bewierken. Ech mengen, datt mir iwwer de Wee vu Sensibilisatiounen a vun Opfuerderen d’Frae sollte motivéiere mat op deen do Wee ze goen.

Mir hunn iwweregens an deem Kontext um internationale Fraendag eng ganz flott Konferenz, wou mir organiséiere vum Ministère de l’Égalité des chances, wou mir och mam Kabaret Sténkdéier, si maachen eis en extra klengt Kabaretsstéck, eben och just en vue vun de Kommunalwahlen. Thema ass, d’Frae solle sech méi politesch engagéieren. An do hu mir lauter Leit invitéiert, och Männer, vu verschiddene Parteien, grouss Gemengen, kleng Gemengen; et si Politiker déi esouwuel op lokalem, wéi op nationalem, wéi op europäeschem Niveau konnten hir Erfahrunge sammelen, an déi am Fong geholl do sëtze fir ze zielen, wat muss ee maache fir d’Fraen z’encouragéieren, respektiv wat hunn ech als Fra begéint, wat waren Hürden, wat si meng Erfahrungen, wou muss een nobesseren? An ech erwaarde mir, éierlech gesot, ganz vill vun deem Owend. Mir hunn och do ganz schrecklech vill Leit invitéiert, déi wou mir denken, datt mir se vläicht dann awer e bësse virwëtzeg op d’Politik maachen.

Carine Rippinger: Elo hu mir vill vu Frae geschwat. Dir sidd awer net nëmme fir d’Fraen do, Dir sidd och fir d’Männer do.

Françoise Hetto-Gaasch: Richteg, ech sinn och ganz frou, datt Dir dat sot.

Carine Rippinger: Wat maacht Dir fir d’Männer, oder wat ass fir d’Männer ze maachen? A wéi enger Hisiicht ginn d’Männer ongläich behandelt?

Françoise Hetto-Gaasch: Mir mussen emol kucken, fir dat erauszefannen. Ech sinn der Meenung, datt mir, wa mir esou Inégalitéiten hunn, wat d’Männer betrëfft, datt mir als Ministère do genee esou zoustänneg sinn.

Et ass elo vu verschiddene Säite gefrot ginn, mir bräichten eventuell e Männerbüro. Wann ech kucke wéi vill Organisatiounë mir hu fir Fraen, déi sech fir Fraen asetzen, déi och mat reellë Projetë kommen, géif ech mir wënschen, datt mir och Männer hätten, déi géifen e flotte Projet entwéckelen, a soen, dat do ass eppes wou mir denken, dat brauche mir. Ech soen elo emol, e Männerbüro, well mir eben déi Diskussioune scho gefouert hunn, wou Männer sech kënnen treffen, wou se sech kënnen e Rot huelen, einfach vläicht och mat anere Männer iwwer hir Suerge schwätzen, wa se Suergen hunn. Mir hunn eigentlech näischt esou. An ech menge schonn, datt dat och géif Sënn maachen.

Mä et ass awer esou, an et ass dat, wat ech e bësse vermëssen, Dir hutt gesot, mir schwätze vill iwwer Fraen, et sinn awer och extrem vill Fraenorganisatiounen, déi sech och fir d’Cause vun der Fra asetzen. An ech mengen, datt d’Männer dat an deem selwechte Mooss sollte maachen.

Carine Rippinger: An déi Demande ass do?

Françoise Hetto-Gaasch: D’Demande fir esou Associatiounen op d’Been ze stellen hunn ech ebe bis elo net kenne geléiert. Déi eenzeg wou ech elo emol bewosst weess, datt et se gëtt, dat ass d’Association des hommes du Luxembourg. Mä fir de Rescht weess ech awer elo net, datt do elo vill Associatiounë solle bestoen, déi sech fir d’Wuel – ech soen elo emol d’Wuel, et ass jo net ëmmer nëmmen elo, datt et hinne schlecht geet – vum Mann engagéieren. An ech géif mir wënschen, wa mir déi hunn, a wa se Doléancen hunn, a si hu Projeten, oder si wëssen, hei dat do ass eppes wat wierklech feelt, wann ech gelift, je ne demande pas mieux, da solle se sech roueg bei eis mellen, well et ass kee Ministère, deen d’Frae soll privilegéieren, et ass e Ministère Égalité des chances femmes-hommes.

Carine Rippinger: Am Hierscht hutt Dir de 6-Joeresbilan iwwer d’Gesetz géint déi häuslech Gewalt presentéiert. Wéi akut ass dee Problem zu Lëtzebuerg?

Françoise Hetto-Gaasch: Majo, mir hu virun enger Woch nach déi Zuele gekuckt. Mir hunn de Moment, plus minus kann ee soen, 10 Wegweisungen d’Woch, wat ech dramatesch fannen.

An ech sinn och richteg frou, datt mir elo gutt viru komme mat der Reform vum Gesetz, dat wäerte mir, hoffen ech, an deenen nächste Méint kënnen deposéieren, mat Verbesserungen, esou wéi d’Leit déi um Terrain schaffen och dat un eis erugedroen hunn, wou si soen, dat brauche mir einfach fir kënne besser ze schaffen. Et ass e Problem, an ech fannen, virun allem dierf et net tabuiséiert ginn.

Et gëtt ëmmer nëmmen dovunner geschwat, datt vill Fraen d’Affer sinn, mä ech gesinn do nach Affer hannendru vun deene leider Gottes net genuch geschwat gëtt, an dat sinn d’Kanner. Kanner déi dat Ganzt matkréien, déi an engem Stot, an enger Famill opwuesse wou Gewalt um Ordre du jour steet. An da kann een net verlaangen, wann déi Kanner an d’Schoul kommen, datt se sech do afügen. Ech mengen, du bréngs dat mat an d’Schoul wat s du doheem an denger Famill erliefs.

Vun dohier ass et fir mech immens wichteg, datt och dee Service Psy, deen ebe just mat de Kanner schafft, déi dann ebe Gewalt an der Famill erlieft hunn, datt mir dee Service ganz staark mat ënnerstëtzen.

Carine Rippinger: Donieft soll och déi psychologesch Betreiung vun den Täter obligatoresch ginn. Ass dat nach ëmmer esou virgesinn an der Reform?

Françoise Hetto-Gaasch: Mir sinn amgaangen drun ze schaffen, fir zumindest elo emol dran ze kréien, datt den Täter muss an dee Service goen.

Et ass esou, dat hunn ech mir erklären och gelooss vun deene Leit, déi mat hinne schaffen, och respektiv déi Leit vum Parquet, datt Wegweisunge sinn, datt awer net eng Wegweisung mat där anerer ze vergläichen ass. Dat heescht, dat eent ass vläicht eng eemoleg Geschicht, wou een am Affekt eng Kéier duerchdréint, ech soen elo emol, quitte datt dat net ze rechtfäerdegen ass, an dat anert ass een, deen dat ëmmer erëm mécht, ëmmer erëm mécht. Ech fannen, an do ginn ech deene Leit vum Parquet Recht, et ass un hinne fir ze décidéiere wie richteg en Traitement muss maachen.

Mir ass et wichteg, datt mir déi Leit einfach eemol an dee Service schécken, datt se mat deene Leit, déi do schaffen, déi ganz kompetent sinn, e Gespréich féiere fir iwwerhaapt emol an hirem Kapp driwwer nozedenken, datt dat wat se gemaach hunn, datt dat net geet. Si hu mir erkläert, déi Responsabel vum Service “Riicht eraus�?, datt déi meeschte Leit dat Traitement weiderféieren, an och wann et ofgeschloss ass, zum Deel nach ëmmer erëm kommen. Dat heescht, do mierks de awer, datt et deenen och gutt deet, an datt se vläicht einfach och net geléiert hu mat hirer Gewalt eens ze ginn.

Vun dohier mengen ech, datt mir et an deem Sënn elo emol an d’Gesetz wäerten aschreiwen, datt et eng Obligatioun ass fir dohinner ze goen. Bis elo war et jo, si konnte Kontakt ophuelen. Dat ass mir net wäit genuch gaangen. Fir anzeschreiwen, datt se musse sech enger Behandlung ënnerzéien, dat ass am Fong geholl Affaire vum Parquet, deen och muss décidéieren iwwer wéi vill Wochen dat muss gemaach ginn. An ech mengen, mir kënnen dat net an engem Gesetz verankeren, well et einfach vu Fall zu Fall muss gekuckt ginn.

Mä wa mir et scho fäerdeg bréngen ze soen, datt déi Leit, déi weggewise gi sinn, ob Mann oder Fra, mussen dohinner goen, mussen e Gespréich hunn, ech mengen, dann hu mir scho ganz vill erreecht.

Carine Rippinger: D’Zäit fänkt un eis e bësse fortzelafen. Ier mir zu Ärem leschte Ressort kommen, dee vum Tourismus, ee Wuert awer nach zu engem Domaine deen Iech och interesséiert, d’Educatioun.

Dir hat virun déck 2 Joer gesot, Dir kéint Iech virstellen, de kathoulesche Reliounsunterricht an en allgemenge Wäerteunterricht ze integréieren, an domat fir Opreegung bannent der CSV gesuergt. Sidd Dir haut nach ëmmer där selwechter Meenung?

Françoise Hetto-Gaasch: Et ass jo duerno eng Étude gemaach ginn, et ass vill driwwer geschwat ginn, an d’Étude huet erginn, datt d’Leit dobaussen zefridde si mat deem wat se hunn. Also soen ech mir, da komm mir loossen dat elo esou wéi et ass. Ech mengen och ganz éierlech, datt dat de Moment net de Leit hiren Haaptproblem ass.

Carine Rippinger: Dofir steet et dann och net am Regierungsprogramm elo?

Françoise Hetto-Gaasch: Ech hunn de Regierungs-, de Koalitiounsofkommes, an esou weider, hunn ech net gehollef mat ausschaffen, a vun dohier kann ech elo do näischt soen.

Carine Rippinger: Gutt, da komme mir zum leschte Sujet vun der Emissioun, dem Tourismus. Dir wëllt Lëtzebuerg an Zukunft anescht no baussen duerstellen, amplaz wéi bis elo op déi eenzel Regiounen, soll op spezifesch Themë gesat ginn. Wéi gesäit déi nei Campagne, soen ech elo emol, aus?

Françoise Hetto-Gaasch: Mir hu vill Étudë maache gelooss am Tourismus fir ze kucken, wat sicht den Tourist deen heihinner kënnt. An et ass esou, datt déi meescht Leit déi Lëtzebuerg besichen, dat maachen am Kader vun enger Rees, déi och aner Länner mat ëmfaasst.

Dohier hu mir eis gesot, dann ass et am Fong geholl dem Tourist wahrscheinlech egal, an dat huet och d’Étude erginn, ob dat elo déi Regioun esou ass, oder d’Regioun esou, mä den Tourist sicht eppes, wann en an d’Vakanz geet, esou wéi mir och eis Vakanz buchen. Wat wëllt Dir maachen? Sport maachen, Dir wëllt gäre gutt iesse goen, wëllt éischter Kultur. An dat sinn déi Themen, déi mir eis erausgepickt hunn. Et sinn 8 Stéck am ganzen, wou mir dëst Jor d’Thema Gastronomie an de Mëttelpunkt stellen, a Lëtzebuerg dobausse wëlle bekannt maache mat senger ganzer Vielfalt.

Mir hunn, wat leider vill Leit mengen, méi hei zu Lëtzebuerg wéi just d’Banken. An et sinn och Leit déi mengen, Lëtzebuerg wier just eng Stad. Et geet eis elo emol drëm, wou ass Lëtzebuerg, wat ass dat, find Luxembourg on the map, fir einfach emol ze kucken, wou sti mir, wéi wäit si mir ewech vun anere groussen Destinatiounen, a wat kënne mir op deem klenge Fleck do alles zesummen ubidden? An dann hutt Dir eben déi 8 Themen do, wou mir offeréieren. Luxembourg for kids; d’Natur, wou ech fannen, datt dat eisen absoluten Atout ass. A wann Dir och d’Zuele kuckt, déi d’lescht Jor erauskomm sinn, da sinn déi zwou Regiounen, déi dat ausgenotzt hunn, an déi e flotte Produit ebe just entworf hunn, dat ass de Mëllerdall, mam Mëllerdalltrail, déi wierklech e Plus vu Visiteuren haten, an och d’Ardennen mat hirer Offer do uewen.

Dat heescht, wann een da seet, een dee gären Natur huet, majo da komm mir offréieren deem, da komm mir offréieren deem Packages, dee kann dann do spadséiere goen, do kann e Vëlo fuere goen, do kann en hei maachen, do kann en do maachen. An ech mengen, datt mir iwwer dee Wee d’Leit och éischter fir Lëtzebuerg interesséiert kréien.

Carine Rippinger: Wéi eng Zilgruppë wëllt Dir da spezifesch uschwätzen, respektiv ofgesinn emol vun deenen Touristen déi souwisou scho kommen, wëllt Dir, mengen ech, och e bësse méi wäit siche goen, fir d’Leit fir Lëtzebuerg ze interesséieren?

Françoise Hetto-Gaasch: Jo, mir géifen eis wënschen, datt déi asiatesch Leit och géife méi wéi dräi Stonnen hei zu Lëtzebuerg verbréngen. A wann dat elo alles klappt, da kréie mir dat elo fäerdeg, datt se iwwer de Visa dee mir da kënnen accordéieren, och zwou Nuechten hei verbréngen. Dat wier scho guer net schlecht.

Mä da muss een awer kucken, datt een och fir déi Leit e flotte Produit fir 2 Deeg offréiert. An do schaffe mir da ganz enk zesumme mam ONT, un deem et dann ass ze hëllefen esou Produkter auszeschaffen. Wat kann ee bannent 2 Deeg alles kucke goen?

Ech denken, eppes wou mir och mussen drop bauen, ass de Kongresstourismus, ganz kloer. Mir hunn alles, et ass alles do, dat mir brauche vun Infrastrukturen. Mir mussen eis just dobausse besser bekannt maachen. An deem Sënn ass och dee Film do virgestallt ginn: Is it true what they say about Luxembourg?

Carine Rippinger: Wat gëtt soss nach gemaach fir Lëtzebuerg méi attraktiv ze maachen? Et ass an enger Hisiicht schwéier néideg, d’lescht Jor war en duerchwuessent Jor nämlech fir den Tourismus. Dëst Jor soll et jo wahrscheinlech besser goen, an déi Joeren drop.

Françoise Hetto-Gaasch: Jo, d’lescht Jor war allgemeng an Europa iwwerall schlecht Geld, mir louchen net méi schlecht wéi aner Länner, et war iwwerall e Réckgang vu ronn 8%.

Mir mussen et einfach fäerdeg bréngen, de Leit dobausse Loscht op Lëtzebuerg ze maachen. Mir mussen eis weisen, mir mussen eis positionéieren. Aner Länner liewe vum Tourismus. Dofir denken ech och, datt wa mir et richteg upaken, wa mir eis op de Foiren iwwerall, an iwwer de Wee vun eisen Agencen am Ausland, gutt positionéieren, datt mir kënne mam Tourismus, och als Land, eis eng anstänneg Ressource verschafen.

Ech hunn éinescht dovunner geschwat, mir musse spueren oder nei Ressourcë generéieren, bein, ech denke schonn, datt den Tourismus dat misst kënne fäerdeg bréngen. Ech wënsche mir et, an ech wäert mir och ganz vill Méi ginn, datt mir dat erreechen.

Carine Rippinger: Dat ass e gutt Schlusswuert. Radio 100,7, domat ass eis Emissioun "Riicht eraus" eriwwer. Invitée war d’Mëttelstands-, d’Tourismus- a Chancëgläichheetsministesch Françoise Hetto. Madame Hetto, villmools Merci, datt Dir bei eis am Studio waart.

Françoise Hetto-Gaasch: Et ass gär geschitt.

Dernière mise à jour