Intervention de la ministre Lydia Mutsch à la conférence "Modes d'Emploi" (inclusion professionnelle et maintien dans l’emploi des personnes en situation de handicap)

Seul le discours prononcé fait foi
  1. ©Yannick Breuer/Info-handicap

    Claude Meisch, ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse; Vera Bintener, Info-handicap; Lydia Mutsch, ministre de la Santé; Corinne Cahen, ministre de la Famille et de l’Intégration; S.A.R la Grande-Duchesse héritière; S.A.R. le Grand-Duc héritier; Nicola Schmit, ministre du Travail, de l’Emploi et de l’Économie sociale et solidaire
  2. ©Yannick Breuer/Info-handicap

    Lydia Mutsch lors de son intervention

"Altesses Royales,

Léif Kollégen a Kolléginnen Minister,

Dir Dammen an Dir Hären,

Ech si geéiert a frou, zu dëser Konferenz kënne bäizedroen - nett nëmmen a menger Funktioun als Ministesch fir Gesondheet, mee och als Ministesch fir Chancegläichheet.

Wann et een Thema gëtt, wat villschichteg an themen-iwwergräifend ass, dann ass et daat vun der Inklusioun vu Persounen, déi mat enger Behënnerung liewen.

A wann ee vu Villschichtegkeet schwätzt an op deem Gebitt eppes bewege wëll, da muss een daat ob Basis vu Synergien an vu vernetzter Zesummenaarbecht maachen.

D'Tatsach, dass mir haut zu 4 Ministere virun iech schwätzen, as de Beweis dovunner, dass d'Regierung gewëllt ass, déi vill verschidde Facetten vun desem Problem gemeinsam an op Grond vum Zesummeleeën vu verschiddenem Wëssen a Kompetenzen unzegoen.

Meng Virriedner hu scho ganz vill zum Thema vun haut gesot.

Als Gesondheets- a Chancegläichheetsministesch wëll ech virun allem drop insistéieren, dass eng besser Aglidderung vu Mënschen mat enger Behënnerung an den Aarbechtsmaart nëmmen da Wierklechkeet ka ginn, wa mir sécherstellen, dass all Mënsch Recht huet, fir déi néideg Kompetenzen ze kréien, déi et him erlaben, ze schaffen a sech an sengem Aarbechtsëmfeld ze entfalen. Dozou gehéiert och, dass mir eis ëm d'Gesondheet vun de Leit këmmeren – an ech schwätzen hei nett nëmmen vun der physescher, mee och vun der mentaler an psychescher Gesondheet.

Et ass eis Responsabilitéit, dass d'Aarbechtsposten un d'Besoins'en an un den spezifeschen Gesondheetszoustand vu jidderengem ugepasst sinn, besonnesch vu Mënschen, déi mat engem Handicap liewen.

Eng gelongen sozial Inclusioun an d'aktiv Participatioun vun dëse Leit un eiser Gesellschaft wäert eis nëmmen da geléngen, wa mir hir Besoinen an den Zentrum vun eisen Iwwerleeunge setzen.

An dësem Bestriewen hu mir zwee ganz wichteg Alliéierter: an zwar sinn dat engersäits de Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique an anerersäits de Rehazenter, zwee Etablissementer, déi ënnert der Tutelle vum Gesondheetsministère stinn an deenen ech haut hei ausdrécklech Merci soe wëll, fir hiren Engagement an hiert Kënnen.

De CHNP an de Rehazenter leeschten eng extrem wäertvoll Contributioun fir dass d'Leit déi mat engem Handicap liewen, nett just op iergend eng Aarbechtsplaz gesat ginn, mee virun allem op eng nëtzlech, sënnvoll a passend Aarbechtsplaz.

Si sinn d'Schlësselpartner vum Projet "COSP-HR", dem "Centre d'évaluation et d'orientation socio-professionnelle pour les demandeurs d'emploi ayant le statut du salarié handicapé ou du salarié reclassé".

Doduerch, dass si de Gesondheetszoustand vun de behënnerte Leit adäquat évaluéieren, droe si entscheedend dozou bäi, dass residuell Capacitéiten gezielt agesat kënne ginn an esou de beschtméiglechen Aarbechtsparcours ausgewielt gett.

Et däerf ee nett vergiessen, dass déi betraffe Leit oft nett déi néideg Informatiounen hunn, fir iwwerhaapt kënnen aktiv um Aarbechtsmarché mat ze wierken oder hir Aarbechtsaptitude kënnen ze verbesseren.

Hautesdaags zécke leider nach vill ze vill Entreprisen, fir Leit mat engem Handicap anzestellen, well si sech nett virstellen kënnen, dass des Leit och Kompetenzen hunn, déi et gëllt ze erkennen a richteg anzesetzen.

Dofir musse mir informéieren, sensibiliséieren an orientéieren.

Mir musse gemeinsam dodru schaffen, zesumme mat all de Partner déi dobäi hëllefe kënnen.

Hei spillen de CHNP an de Rehazenter am Kader vum Centre d'évaluation et d'orientation (COSP-HR) eng wichteg Roll.

An d'Dokteren an d'Ergothérapeuten, déi an deem Projet agesat ginn, leeschten eng extrem wäertvoll Aarbecht, déi ganz speziell op déi individuell Profiler vun de Kandidaten zougeschneidert ass doduerch, dass souwuel Fäegkeete, wéi och Schwaachstellen géintiwwer gestallt ginn.

Dës Approche ass ausschlaggebend, wa mir wëllen dofir suergen, dass des Leit nett nëmme sënnvoll, mee och dauerhaft op den Aarbechtsmarché integréiert kënne ginn.

Ech wëll awer och déi wichteg Aarbecht vun der Commission médicale a vun der Divisioun vun der Aarbechtsmedezin vum Gesondheetsministère ënnersträichen.

Och si droen entscheedend dozou bäi, dass eis Bierger déi mat enger Behënnerung liewen, richteg orientéiert ginn.

Nett ze vergiessen sinn och eis Ateliers thérapeutiques, mat de 425 Plazen an den Atelieren vun den ATP'en, der Mathëllef asbl an dem Atelier vum Eilenger Wäschbuer. Mat Hëllef vun dësen gëtt fir Verschiddener zënter méi wéi 27 Joer d'Integratioun vu Leit mat problemateschem psycheschen Hannergrond, dorënner och behënnert Leit, erméiglecht.

Si erlaben et, dass déi therapeutesch Valeur vun der Aarbecht ka gefördert ginn an dat ass wichteg, wa mir dëse Leit e Selbstwäertgefill an e Wäertgefill, grad ewéi eng Plaz an eiser Gesellschaft wëlle mat ginn.

Dir Dammen an Dir Hären,

Dir hutt et héieren: et gëtt haut schonn eng ganz Rei vu Moossnamen, fir d'aktiv Aglidderung vun de Behënnerten ze förderen - an dach bleift d'Aarbechtslosegkeet vun dëser Kategorie vu Bierger eng Erausfuerderung.

Mir sinn haut hei, fir eisen politeschen Engagement zum Ausdrock ze bréngen.

Ech sinn iwwerzeegt, dass dës Konferenz dozou bäidroe wäert, dass mir och an Zukunft dëse Wee zesumme ginn a gemeinsam Léisunge fannen an ëmsetze wäerten!

Ech soen iech Merci fir är Opmierksamkeet a wënsche vill Erfolleg fir d'Zukunft."

Dernière mise à jour