Discours de Lydia Mutch lors de l'exposition "Regards sur les femmes dans des professions atypiques"

Här Buergermeeschter,

Léif Vertrieder aus dem Schäffen- a Gemengerot aus der Gemeng Déifferdeng,

Léif VertriederInnen vum Nationalen Fraenrot a vum Service à l’égalité des chances vu Déifferdéng,

Dir Dammen an dir Hären,

Den Internationalen Dag vun de Fraen réckelt ëmmer méi no, an all Joers versicht de Ministère een Thema méi intensiv an de Virdergrond ze réckelen, dat matt konkrete Projeten an Aktiounen. Duerfir si mer frou wa ronderem dëse Sujet och aner Acteuren d’Initiativ ergräifen fir hierersäits eppes op d’Been ze stellen, wat d’Efforten vun der Regierung ënnerstëtzt.

Dobäi spillen d’Gemengen eng kruzial Roll, déi als Multiplicateuren mussen fungéiren, well mer soss net un de Bierger mat eisen Messagen an Initiativen erukommen. De Mérite läit do virun allem bei engagéierten MatarbechterInnen an den Egalitéitsservicer vun de Geméngen, déi un eis eruntrieden mat flotten an innovativen Iddien an déi mer natierlech no Kräften ënnerstëtzen, esou wéi dat och haut den Owend hei zu Déifferdéng geschitt.

D’Thema wat de Chancengläichheetsministère dëst Joer erausgesicht huet fir den 8.März ze zelebréiren ass en ganz wichtegen an e ganz aktuellen Sujet – et geet em d’Stereotypen am Beruffsliewen. Et ass Iech bestemmt net entgaangen, datt Lëtzebuerg vun der Arbechtslosegkeet net verschount bleiwt, an datt an deem Kontext d’Erausfuerderungen an de kommenden Joren enorm sinn. Et mussen duerfir nei Weeër beschratt ginn, déi och iwwert e Mentalitéitswandel am Beruffsliewen féieren, wou et gëllt geschlechtsspezifesch Barrièren an de Käpp ofzebauen. De Chômage ofbauen, heescht och nei Perspektiven ze schafen, andeems een sech iwwert festgefuere Rollenbiller an der Beruffswelt ewechsetzt.

Stereotypen bestëmmen eist Liewen – bewosst an onbewosst. Si sinn dacks onëmstéisslech, figéiert, generaliséirend an hartnäckeg a bezéien sech op Rollen, déi mer de Geschlechter zouschreiwen. De Begrëff vum „staarke Geschlecht“ ass nemmen een vun deene Stereotypen, déi sech am alldeeglechë Sproochgebrauch hartnäckeg halen. Des Stereotypen guidéiren eis all Dag bei eisen Handlungen a bestëmmen eis Decisiounen, eis Choixen. Si sinn omnipräsent am Familienliewen, an der Educatioun (och wa mer versichen deem entgéintzetrieden, mä dozou spéider) an och, a virun allem, am Beruffsliewen. Mir sinn entouréiert vun Messagen wou de Mann dee vermeintlech staarken ass an d’Fra déi schwaach.

Mir als Chancengläichheetsministère versichen des Stereotypen opzebriechen a se a Fro ze stellen, andeems mer Alternativweeër opzeechnen. Wa mer dat op d’Beruffswelt bezéien, ass et e ganz plasteschen an einfache Message, dee mer wëllen vermëttelen: jiddfereen soll dat an séngem Beruffsliewen maachen, wou en sech perséinlech am beschtë spiert an wou séng Kompetenzen am ausgeprägsten sinn, an dat onofhängeg vu Rollenattributiounen, déi mer bei ganz villen Métieren a Professiounen begéinen.

Den Owend stinn zwou Saachen um Programm, déi e Bäitrag dozou leeschten :

  1. Zum engen hu mer d’Aweihung vun der Ausstellung iwwert d’Fraen an atypeschen Beruffer. Et ass eng Ausstellung iwwer Fraen, déi hiere beruffleche Wee schon entaméiert hun, an déi hier „Fra“ stinn, an déi zum Deel e bëssen méi ongewéinlech sinn. Et ass mer zu Ouren komm, daat des Expositioun vum Nationalen Fraenrot schon e klengen Wee hannert sech huet, an elo Statioun hei zu Deifferdéng mëcht, an wou ech hoffen datt se nach e puer Statiounen am Land viru sech huet. Ech géif mer awer och wënschen, datt op der Säit vun de Jongen a Männer esou e Projet kéint op d’Been gestallt ginn. Dat muss keng Ausstellung sinn. Mä et ass eis opgefall, datt et méi einfach ass, Fraen an Meedercher ze fannen déi e sougenannten „männlechen“ Beruff léieren oder ausüben, an datt et méi schwéier ass Männer ze fannen, déi an engem vermeintlech „weiblechen“ Beruff hiere Werdegang maachen.
  2. Daat zweet wat den Owend um Programm steet ass eng interessant Table-Ronde mat      VertriederInnen aus atypeschen Beruffer fir grad iwwert d’Thema vun de Stereotypen an der Berufswelt an der Déiwt ze diskutéiren. Ech huelen och dodrunner deel, wëll awer virausschécken daat ech net bis zum Schluss ka bleiwen. Ech hu mer awer soë gelooss, datt e Vertrieder aus dem MEGA d’Charge vun der Modératioun iwwerholl huet, dee mech dann kann iwwert den Ausgang vun den Diskussiounen informéiren.

Zu gudder Läscht wëll ech awer nach eng Kéier op den 8. März zréckkommen, wou mer den Dag virdrun am Nomëtteg vum 7. März an Zesummenarbecht mat der Fédération des artisans an der Geméng Suessem eist neit MEGASPILL virstellen. Dëst Spill riicht sech un d’Kanner aus dem Enseignement fondamental, wou mer versichen d’Kanner op Stereotypen an der Beruffswelt opmierksam ze maachen a fir se vun Kandsbeen un ze sensibiliséieren fir dat aus hierem Liewen ze maachen wat hinnen am meeschten Spaass mëcht.

Ech wëll zu deem Spill nach net zevill verroden, mir wärten deen Dag awer e breeden Appell un d’Gemengen an un d’Schoulen riichten fir sech un de MEGA ze wenden, wann Schoulklassen aus dem Fondamental dëst Spill wëlle kréien a fir eventuell zesummen mam MEGA esou en Event an den interesséierten Geméngen ze organiséiren. Natierlech well ech déi drëttgréissten Geméng aus dem Land do mat abezéien.

Dat gesot, wënschen ech datt d’Expositioun an och d’Table-Ronde e groussen Succès wärten hun an freeë mech iwwert eng weider gudd Zesummenaarbecht zwëschent der Gemeng Déifferdeng an dem Chancengläichheetsministère.

Ech soen Iech Merci fir är Opmierksamkeet.

Dernière mise à jour