Aktualiséiert den
Orange Week: Duerch d'Iwweraarbechtung vu violence.lu d'Preventioun stäerken an den Zougang zu Informatioune verbesseren
Haut fänkt d'Orange Week un. Wärend 15 Deeg steet den Engagement géint Gewalt u Fraen a Meedercher am Mëttelpunkt.
Well nach ëmmer all Dag Fraen a Meedercher vu Gewalt betraff sinn, erënnert eis d'Orange Week drun, wéi dringend et ass, gemeinsam ze handelen. Gewalt verhënneren, déi betraffe Persounen dozou encouragéieren, iwwer dat Erlieften ze schwätzen, d'Affer ënnerstëtzen an eng Gesellschaft schafen, an där jidderee sécher, respektvoll a würdeg liewe kann. Dat sinn d'Ziler, fir déi mir eis all zesumme mussen asetzen.
Gewalt ass kee Schicksal a keng Privatsaach. Et läit un eis alleguer, Gewalt net ze verharmlosen, d'Schweigen ze briechen, Verantwortung ze iwwerhuelen, géint Diskriminatioun virzegoen an dofir ze suergen, datt all Affer Schutz, Hëllef an déi néideg Ënnerstëtzung kritt.
Zu Lëtzebuerg kënnen Affer a Persounen, déi Gewalt iwwerlieft hunn, op e staarke gesetzleche Kader an e professionellt Netzwierk vun Hëllefsservicer zeréckgräifen. Dank dem deeglechen Engagement vun de Partnerorganisatioune vum MEGA, wéi zum Beispill dem CNVV, kann all Affer, egal ob mannerjäreg oder volljäreg, empfaange ginn, Gehéier fannen an individuell betreit ginn, onofhängeg dovun, wéi eng Form vu Gewalt déi betraffe Persoun erlieft huet.
D'Ministesch Yuriko Backes ënnersträicht:
Loosst eis op dësem éischten Dag vun der Orange Week gemeinsam aktiv ginn. Loosst eis d'Hëllefsoffer méi bekannt maachen, dofir suergen, datt d'Informatiounen esou vill Leit wéi méiglech erreechen, an den Tabu ronderëm d'Thema Gewalt briechen. Kee Mënsch soll eleng gelooss ginn, wann e Gewalt erlieft. Et ass un eis alleguer, der Gewalt géint Fraen a Meedercher en Enn ze setzen.
Hei fënns du Hëllef!
Dës Ambitioun steet am Mëttelpunkt vun der nationaler Informatiounsplattform www.violence.lu, déi sech zu Lëtzebuerg un Affer vu Gewalt, Persounen, déi Gewalt ausüben, an Zeie vu Gewalt riicht. Als zentral Info-Plattform huet de Site d'Zil, den Zougang zu zouverlässegen a gutt zougänglechen Informatiounen ze vereinfachen, déi op d'Besoine vun de betraffene Persounen ofgestëmmt sinn.
Déi nei Versioun vum Site gouf an enker Zesummenaarbecht mat den Acteuren um Terrain an den Associatiounen, déi d'Interesse vun den Affer vertrieden, entwéckelt. Si verfollegt dräi Ziler:
- D'Perspektiv vun den Affer a vun de Persounen, déi Gewalt iwwerlieft hunn, méi staark berücksichtegen, andeems hir Besoinen an de Mëttelpunkt vun der Informatiounsoffer gestallt ginn;
- d'Informatiounsoffer un d'Realitéit vun enger multikultureller a villfälteger Gesellschaft upassen, andeems déi spezifesch Zesummenhäng a Situatioune vun de betraffene Persoune besser berücksichtegt ginn an den Zougang zu den Informatioune vereinfacht gëtt;
- dofir suergen, datt d'Informatiounen esou vill Leit wéi méiglech erreechen, an d'Bevëlkerung nach méi staark fir geschlechtsbaséiert Gewalt sensibiliséieren.
De Site hëlleft dobäi, déi verschidde Forme vu Gewalt besser ze verstoen, erauszefannen, wéi eng Schrëtt ee kann ënnerhuelen, a séier déi passend Hëllefsofferen ze fannen. Affer vu Gewalt, Persounen, déi Gewalt ausüben, an Zeie vu Gewalt fannen hei kloer Informatiounen an hunn Zougang zu gratis a vertraulechen Hëllefsservicer, déi bei Bedarf och anonym sinn.
"Mat violence.lu gëtt eist Verspriechen 'Hei fënns du Hëllef!' konkret. De Site erméiglecht et all Affer, ronderëm d'Auer, siwen Deeg an der Woch, souwuel online wéi och op der Plaz op eis national Informatiouns- an Ënnerstëtzungsservicer zeréckzegräifen", esou d'Ministesch ofschléissend.
Communiqué vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit