"Une science moderne est une science égalitaire"

D'Taina Bofferding ënnerschreift nei Konventioun mam FNR a Research Luxembourg

De 25. Januar 2023, hunn Taina Bofferding, Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer an de Marc Schiltz, Generalsekretär vum  Fonds national de la recherche (FNR) an offizielle Vertrieder vu Research Luxembourg, eng Konventioun fir déi zweet Editioun vun der Sensibiliséierungscampagne "Women and Girls in Research" ënnerschriwwen, déi vu Research Luxembourg ausgefouert a vum  Ministère fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer (MEGA) ënnerstëtzt gëtt.

©MEGA (v. l. n. r.) Taina Bofferding, Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer; Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds national de la recherche (FNR)
(v. l. n. r.) Taina Bofferding, Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer; Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds national de la recherche (FNR)

D'Zil vun dëser Campagne ass et Fraen a Meedercher dozou unzereegen sech an der Recherche an de Wëssenschaften ze engagéieren, fir esou fir méi Diversitéit an Inclusioun an dëse Beräicher ze suergen. Fir geschlechtsspezifesch Stereotyppen, déi mat wëssenschaftlechen an technesche Beruffer verbonne sinn, opzebriechen, goufen eng Rei vu Videoportaite produzéiert, déi d'Diversitéit vun de Memberassociatioune vu Research Luxembourg weisen. Jidder Video erzielt d'Geschicht vun enger Wëssenschaftlerin, déi an engem vun de Lëtzebuerger Fuerschungsinstituter schafft, hire Wee dee si ageschloen huet a firwat, an hire Message u jonk Meedercher, déi sech fir d'Fuerschung interesséieren.

Un dëser zweeter Editioun huelen deel: Dimitra Anastasiou (LIST), Anne-Marie Hanff (LIH), Sallam Abualhaija (UL), Inmaculada Peral Alonso (UL), Thuc Uyen Nguyen-Thi (LISER) a Cindy Lopes Bento (FNR).

D'Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer, Taina Bofferding seet: "Ech freeë mech fir nees kënne mam Research Luxembourg a mam FNR zesummenzeschaffe fir op en Neits kënnen d'Bedeitung vun der Mixitéit an der Wëssenschaft ze fërderen. Dës nei Zesummenaarbecht ass net nëmme begréissenswäert am Sënn vun der Nohaltegkeet vun der Partnerschaft, mee och fir kënnen en däitlecht Zeechen ze setzen, datt d'Wëssenschaft kee renge Männerdomaine ass. Ech sinn iwwerzeegt, datt esou weiblech Virbiller eng wichteg Roll an der zukünfteger Mixitéit an alle Beräicher vun der Wëssenschaft spille wäerten, besonnesch am Kader vum internationalen Dag vun de Fraen a Meedercher an der Wëssenschaft. D'Wëssenschaft kann nëmme modern si wa se och gläichberechtegt ass!"

Dofir ass d'"Journée internationale des femmes et des filles en science" (11. Februar 2023) den ideale Moment, fir dës nei Campagne ze starten an de Message ze verbreeden, datt Wëssenschaft a Gläichberechtegung Hand an Hand ginn.

D'Videoportaite sinn op https://www.researchluxembourg.org/en/ an op de soziale Medie vu Research Luxembourg a MEGA publizéiert.

Communiqué vum Ministère fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer

Aktualiséiert