Den 13. November 2019, am Kader vun der 6. Editioun vum Label "Actions positives", huet d'Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer, Taina Bofferding, sechs Entreprisen ausgezeechent, déi Moossname fir d'Gläichstellung tëschent Fraen a Männer am Aarbechtskontext entwéckelt hunn.
Ausgezeechent goufen:
- Atos Luxembourg PSF SA
- Axa Assurances
- Brink's
- Foyer Assurances
- LuxairGroup
- Onet Luxembourg
An de leschte Méint hunn dës ausgezeechent Entreprisen d'Unzuel un Initiativen zur Gläichstellung tëschent Fraen a Männer betreffend dem Rekrutement, dem Salaire, der Promotioun, der Formatioun an dem Equiliber tëschent Beruffs- a Privatliewen erhéicht. Hir Cheffen hunn den Programm gelueft, deen zum Zil huet d'Bewosstsinn ze fërderen an een Ustouss soll sinn fir ee besseren Equiliber op der Aarbescht.
Wéi d'Taina Bofferding ugemierkt huet, kënnen dës Moossnamen an den Entreprisen, e bedeitende Bäitrag dozou leeschten, datt d'Gläichstellung zum Alldag gëtt.
D'Ministesch rifft d'Acteuren aus dem Privatsecteur dozou op, hiren Engagement weiderzeféieren: "D'Gläichstellung tëschent de Geschlechter ass entscheedend, wa mir wëllen, datt eis Wiertschaft a Gesellschaft floréieren. Et ass wichteg, weiderhin fir e kollektivt Wuelbefannen ze suergen."
De Programm "Actions positives" berout op der fräiwëlleger Initiativ vun den Entreprisen. E baséiert op enger vum Ministère finanzéierter, externer Auswäertung, mat där Verbesserungspunkten ermëttelt solle ginn. An engem nächste Schrëtt gëtt d'Entreprise bei der Opstellung vun engem individuellen Aktiounsplang begleet.
Bis elo hunn ongeféier 80 Entreprisen erfollegräich un dësem Programm deelgeholl.
Communiqué vum Ministère fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer